logotype
image-header
    • Blog
    • Route
    • Pics
    • Vids
    • Comments
    • Start

Time

2009

  • Blog
  • Route
  • Biller
  • Videos
  • Bericht

2011

  • Blog
  • Route
  • Pics
  • Vids
  • Comments
Zion

Freideg ,den 2 September North CG – Ruby's Inn

Den Moien waren den Claude an ech schons um 6 op fir den Sonnenopgang kucken ze goen. Mee waat war daat kaal!!! De Fleece war souvill wie neischt. Mir hatten eng 10 Minutten queesch iwert de Camping ze goen an du hu mir nach misten 40 Min warden bis d'Sonn raus koum. Et war zwar immens schéin wie di éischt Sonnestraalen vereenzelt Fielsen orange gefierwt hun, a mir sen och nach bessen ronderem gekleetert fir e bessere Stand zur Sonn ze hun, et war awer leider net sou gutt. wéi een et op verschidenen Fotoen geseit. Dofir hette mir wahrscheinlich missten méi vis-a-vis éierens stoen. No enger gudder Stonn waren mir hallef erfruer, an hun eis nach eng Kéier zreck an de Schloofsaak gekuschelt. Am Camper waren et dun 14 °C (schuder).:}, an de Claude huet di éischte Kéier d'Heizung ugekéiert. Wéi mir du géint 9 all opgestaan sen, waren et schon 20 °C am Camper an awer wer et jidwerengem kaal.

Wéi emmer koum awer du d'Sonn, a mir konnte gemittlech Kaffi drenken. Nom Apaaken waren mir an den Visitor's Center reck eis Pärd reservéieren vir muer den Moien duerch den ze reiden. Durno fueren mir op d'Viepoint'en den Canyon kucken. Mir hun am ganzen 8 der Aussiichtspunkten ugefuert.

Wéi mir genuch gesinn haaten, sen mir op den Ruby's Inn Campground gefuer. D'Jungs sen all an d'Schwemm gaang, an ech hun mech bessen mam Kindle bäi de Camper gesaat .Den Owend get et den Dinner am Ruby s Inn Restaurant mat Buffet à volonté. Den Tom esst 3x Fösch, an de Yann 3x Poulet!

Well mir schon em halwer 7 eessen waren, ware mir fréih genuch zreck op eiser Plaatz fir nach e Lagerfeier ze man. De Claude an ech hu gelies, den Eric um Computer geschafft, de Yann huet mat senger neier Schleider geschoss an den Tom hat en Film gekuckt.

Leider war et awer trotz Feier relativ kaal, an mir waren nees em 10 am Bett.

Samsdeg, den 3. September Bryce Canyon - Kodachrome Basin State Park

Den Moien guffen mir schons um 7 erwäscht , fir um halwer 9 bei den Pärd ze sen. Mir hu séier eng Schmier am Stoen gees, a sen du vum Campground roof gefuer bis bäi d'Lodge. Nach séier emol dumpen, well um Reck vum Pärd wir daat penibel, an du se mir bäi d'Cowboy'en gaang. Jiddereen krut mat vill Iwerlées e Pärd zougewiesen, . Sie werte mussen oppassen op de Charakter vum Pärd, op d'Leit schon geridden sen oder net, datt d'Famillen bäieneen sen, an wie eng Pärd kennen hannereneen goen. War alles ganz seriöh. Jiddereen krut den Numm vun Sengem gesoot : dem Yann sein war de "Chester", dem Tom sein de "Fester", dem Claude säin "Kimber", dem Eric sein "Sidestep" an mein "Rob". Vir op d'Pärd ze kommen war keen Problem, erstaunlicherweis, well sou een Déier as ganz schéin héich. Den ischten Moment war och komisch. Mee ech hun mech zimmlich secher an deem Suedel gefillt. Duecht daat wir vill mie eng wakelich Saach. An wéi mir dunn geruff goufen vir opzestellen, wéi mir a Gruppen gingen, wollt dem Yann sein Pärd sech emmer virdreecken. Mee hen haat den Chester séier am Greff. Dun koum den Eric, säin Pärd wollt nämlech net sou richteg, war bessen störrisch, du soot den Guide datt hen eng Kéier mam Seel vir op d'Scheller an dann hannen op den Henner soll schloen dun huet Pärd ugerappt an ass am Gallop gelaaf komm. Mir haaten schon all geduecht hen hätt en Pärd wat déi ganzen Zäit géif laafen, mee et koum anischt Hen war nämlech e ganz Sturen, an koum net richteg no. Domat war den Tom, den Claude an ech mat ageschloss, well mir hannert him waren. Den Yann konnt virum Eric , well hen vill Plaatz teschent dem 2. an dem Eric hat, stoen bleiwe, fir dann am Gallop rem no vir laafen. Huet een gemengt hen hett säi Liewe laang neischt anischt gemaach wie um Reck vun engem Pärd ze setzen.

Mir sen fir d'éischt biergoof gaang bis ennen an den Dall. Ennerwee goufen Fotoen gemaach, déi een herno konnt kaafen. Et war schéin, eise Cowboy-Guide den Dave war e Scherzkeks, hen soot z.B. Wa mir ginge färten wann et no lanst den Oofhang ging goen, solle mir d'Aen zou man, d'Pärd ging daat och man! Oder : Wann mir Froen, oder Aentwerten hetten, solle mir eis vertrauensvoll un hen wenden, wann hen keng Aentwert hett, ging en eis irgendeppes zielen datt mir zefridden wieren, et wir och säin éischten Rett um Pärd! Haha .... Nee, hen war ganz léif, ganz hellefsbereed, an huet och bessen vun der Landschaft gezielt. Nnerwee huet en souguer stall gehaal fir Familljenfotoen ze schéissen. Déi zwou Stonnen war ze séier em. Et haat een zwar sou lues den A.... wéi, an et versteet een och lo wiesou d'Cowboy'en sou O-Been hun. An deen Sproch vu wegen f..... wie e Wallach, deen as och net erfond, d'Jieses, déi hun der komme geloss!! Mee mir haate vill gesinn, an fir sou op schmuelem Pad teschend den Pinien an den Hoodoo'en ze reiden, daat huet eppes.

Just ir mir zreck waren bäi der Lodge, soot den Dave, wa mir lo vum Pärd gingen klammen, solle mir laachen, an mir wieren och gebieden normal ze goen, net datt déi di sech fir Mettes d'Saach gingen ukucken gingen d'Flemm kreien. Nach e klengt Drenkgeld, d'Fotoen kaaft, an daat war et. Ah nee, hen soot nach wa mir lo Honger hetten, solle mir bäi Fosters goen, daat wier e Familljebetrieb, déi gingen hen kennen, da kriete mir Prozenter, wa mir gingen soen mir kiemen vun him. Well mir jo souwiesou knapps Kaffi gedronk haaten, an et schon op Mettig dur gung, sen mir di Meil gefuer, an hun erstaunt festgestallt, datt daat genee deen Betrieb war, wou mir virun zwee Joer schon emol en leckeren Hamburger gees haaten.

Mir hun daat du widerholl, (de Präis war zwar d'selwicht wie ouni Dave, haha) mee den Hamburger war nach grad sou lecker.

Em 2 Auer ware mir schon am Kodachrome Basin State Park, an hun eis mol eng gutt Stonn getesselt an eng Sieste gehaal. Et war iwerall immens rouig, well et lo iwer Mettig wiirklich ellen warm hei as. De Camping läit an engem Dall, ageschloss vun lauter Fielsen. D'Loft steet regelrecht. Durno waren och bessen Wolliken um Himmel, an de Claude an ech sen en flottenTrail vun annerhalwer Stonn gaangen, an d'Kanner waren baim Camper bliwwen . Et war wuel waarm, an net sou dreckend wie soss alt.

Mir hu bessen gelies, bessen getippt, a lo get de Grill ugeschmass. An well hett eisen 23. Hochzäitsdaach as, man mir eis och nach eng Fläsch rouden, kalifornischen Wäin opgemaach.

PS: Et get awer Leit, daat get et net!!! Mir haate lo sou Noper, kee blasse Schimmer vun Naturschutz, awer emmer an permanent an gutt hart e Palaver iwer all klenge Fuurz gehaal! Iwerall steet, keen Feierholz sammelen, waat man sie ... laafe ronderem Holz sichen! Als Kréinung geet d'Madamm dann nach ronderem Blumme plecken, fir e schéine Bukki op den Desch ze stellen!!!!! An daat wou op all Schratt an Tratt e Scheld steet, et soll een der Natur eng Chance gin, op de Wee'er bleiwen, neischt plecken an neischt opraafen! A vun Nuetsrou hun se och nach neischt héieren. D'Plaatzen hei um Campground sen schéin grouss, jiddereen huet gutt Plaatz, leider sen just an eisem Fall di (fest ugeschrauwten) Descher immens no bäieneen, mat just eng Heck doteschend, sou datt een permanent daat Gespréich am Ouer huet. An sou haart ... einfach nervig. Et sen immens vill Familljen hei mat ville Kanner, wéint dem laangen Labour-DayWeekend. Do as suwiesou eng méi lass iwerall. Mee ab 10 Auer as et mucksmäuschenstill ronderem, bis op ... tjo ... de Claude huet nach nie Leit erliewt déi souvill während engem Kaartespill musse safften.

Sonndeg, den 4. September Kodachrome SP – Zion NP

De Moien gouf geschloof bis halwer 8, du eng kleng Schmier gees, mee des Kier mat enger Taas Kaffi, di mir sou opgeschott hun, well keng Generatricen hei därfe laafen bis Mettes. Waasser hu mir um Gas gekacht, de Biitz an de Filter hu mir vun der Kaffismaschinn genotzt, just datt de Claude d'Secherung um Filter huet missten permanent unhaalen datt de Kaffi och ennen raus koum. ;-)

Mir hun eis op di relativ kuurz Streck vun em di honnert Meilen gemaach bis an de Zion.

Ennerwee , just virun Mettig, ware mir op eng Kräizung wou mir virun zwee Joer schon emol waren, an am Thunderbird Restaurant gees haaten. Hei hänken iwerall ronderem virun de Fensteren Vugeltränken fir Kolibrien. Mir hu getankt, an och des Kier e klengt Mettigeessen zou eis geholl.

Kuurz durno sen mir an den Zion National Park ragefuer, an zack huet d'Landschaft nees bessi geännert. Praktisch als éischt gesäit een deen bekannten Checkerboard Mesa, deen riesigen Fiels deen vun Natur aus ausgesäit wie e Schachbried. Mir fuhren och durch zwee Tunnelen, een groussen, an een wou een muss warden bis en Gardien engem den Ok get, grouss Gefierer mussen durch d'Mett fuhren, well et am Bou net héich genuch as. Den Tunnel as och zimmlich laang, an et sen 3 grouss "Fensteren" dran, wou een e Bleck op d'Fielsen kann geheien.

Mee hei as eng lass, et mierkt een datt Labour-Day as, souvill Autoen waren net ronderem Los Angeles ennerwee. Op kengem Viewpoint kritt een eng Plaatz, wou een hi kuckt, Leit! De Camping as natirlich och voll, an bäim Visitors Center vum Zion tummelen sech ganz Busser.

Mir fuhren direkt op eis reservéiert Riverside-Campingsplaatz um Watchman Campground, an déi as top! Sou ze soen mat Privatplage. Mir hun eng flott Plaatz wie emmer mat Desch a Bänken an Feierplaatz, (och wann een wéint der Feiergefoer lo keen Feier därf man), dann kent en Holzgatter, an hannendrun e klengen Sandstrand bäi d'Waasser. Et as net héich, et leien vill deck Steng dran, as och relativ fresch bäi desen Temperaturen déi hei iwer 40 Grad leien. En Genoss, op d'manst fir d'Féiss emol dran ze steechen. Mir gin mol an de Visitors Center kucken waat een vun Trailen hei kent man, di net ze wäit an ze ustrengend sen. Mee di meest gin wiirklich bis uewen op d'Bierger, an mir hu lo schon deels Problemer mat Loft kreien, wann et iwer 2000 m geet. Also beschléissen mir, lo mol de Mettig einfach hei ze verbrengen, an d'Waasser ze goen, an mär den Shuttle ze huelen, an daat relativ fréih, fir eenzel Viewpointen unzefuhren, an dann do vläicht bessen ze treppelen. Di meest hei um Camping hun och bis mär d'Scheld do hänken, dh datt der wahrscheinlich vill heem fuhren well och en Densdig nees Schoul as. Da get et mär vläicht bessen mie rouig.

Den Tom an de Yann kaafen sech och sou grouss Reefer fir op d'Waasser, well hei gesäit een iwerall Leit uewen wou een op dem Camping ranfiert (di eenzich Breck wäit a breed) sech op d'Reefer setzen an sech roofdreiwen lossen. Eis Jongen ameséieren sech och köstlich domat, an ratzfatz as et Owend. Well een net därf Feier man, fällt grillen flaach. Virdrun koum een Mann heihin, huet gefroot op de Claude de Claude wier, hen wier den Peter vu Wien, hen wier och am Womo-Welt-Forum, an mir hetten eis "verabredet". Sie sollten e Moment nach bis riwer kommen, mee hen koum durno soen sie gingen awer léiwer fréih schloofen, well sie de Moien den "Angels Landing", mat den schwéiersten Trail welten man. Mir hun Spaghetti Bolognese gemaach, gees a gespullt, an den Yann an den Tom sen schon nees mat de Reefer an dem Football am Waasser.

Durno setzen mir, nach emmer am Short an Top, mat Kärzen bäi Kindle a Computer, mir hun Stroum, awer keen Internet. Et as ganz gemittlich, an richt mie spéit mengt een et ging bessen oofkillen.

Méindeg, den 5. September Zion NP

De Moien ware mir relativ fréih op, hun normal (ouni groussen Opwand) Kaffi gedronk, a sen du bäi de Visitors Center getreppelt fir mam Shuttle Bus bäi di divers Aussiichtspunkten ze fuhren. Fréih, well mir wollten all den Amerikaner aus de Féiss goen, di hiren Labour-Day hei feieren. Di meest um Camping hun zwar bis den 5. op hiren Ziedelen stoen, a mussen bis 11 Auer ausgecheckt hun, mee et sen der jo awer och nach vill hei mat Autoen.

D'Wieder schengt hett net sou extra ze gin. Den Himmel weist schon éischt Wolliken, awer keng schéin wäiss wie soss, mee richtig Reenwolliken. Et as och relativ fresch, och wann mir kennen a Short an T-Shirt goen.

Mir sen du mol direkt mam Shuttle bis hannen hin gefuer, op d'Endstatioun, dem "Temple of Sinawava", an hu sou d'Feld vun hannen opgerullt. Et gung et relativ einfachen normalen Trail, de Riverside Walk, lanst de Virgin River bis op eng Plaatz, wou den Dall sou enk get, datt een muss durch d'Waasser weider goen. Do waren du nach just Leit mat speziellen Schong, di den Trail virun gemaach hun. Ennerwee stungen Déieren, eng Meschung teschend Réih a Gems, direkt a guer net menschenschei nirwt dem Wee. Squirrelen sen engem och vill iwert d'Féiss gelaaf. An mir hun och en Deel vun den "Hanging Gardens" gesinn, wou awer wahrscheinlich am Fréihjoer méi schéin Planzen ze gesinn sen, di ouni Buedem quasi aus dem Fiels wuessen. Mir hun d'Kéier gemaach, a sen zreck gaang bäi de Shuttle. Mat deem sen mir du bis bäi "Angels Landing" gefuer, sen awer just kuurz rausgeklommen, well deen Trail as eppes fir geübten Wanderer, an keng mat Höhenaangst. Et geet ze soen 4 Stonnen biergop, deels op ganz schmuelen Pied. Hei get et awer nach selen kalifornisch Condoren, an eng Rangerin steet mat hirem Teleskop do installéiert, fir déi Vigel anzefänken, datt d'Leit ze kennen kucken. Leider, soot sie, hett sie haut nach keen gesinn. Dofir krute mir awer en exotischen Adler virun d'Lens.

Mettlerweil huet d'Sonn sech ganz verstoppt, an den Himmel as just nach gro. Mir huelen direkt den nächsten Bus, déi kommen hei een nom aneren, a fuhren op den nächsten Punkt. Daat as "The Grotto". Vun hei aus man mir den Emerald Pools Trail. Deen geet knapp eng Stonn, bessen iwert de Bierg, a féiert bäi kleng Weiheren, déi aus Waasserfäll entstinn. Daat as wiirklich wonnerschéin, fir d'éicht gesäit een sou eng kleng Bächelchen di vum Fiels rooffällt, mee wann een mie no kent, mengt een et ging deck do reenen. De Wee féiert direkt lanst de Fiels, an d'Waasser schéisst iwert een wech. Et steet een hannert dem Waasserfall. An direkt hannendrun daat selwicht nach emol. Lo as jo Summer, waat muss daat am Fréihjoer eng Masse Waasser sen?! Daat Waasser sammelt sech an enger klenger Baach, a leeft bis an en Weiher. Anstatt zreck ze goen, gin mir den Trail weider bis bäi d' "Zion Lodge" , der nächster Statioun. Do huele mir nees de Bus bis bäi "The Patriarchs", dräi Bierger, mat als hechstem Punkt dem Abraham Peak, dem Jacob Peak an dem Isaac Peak. Et mierkt een datt mir am héichreliéisen Land vun de Mormonen sen. (déi keen Alkohol drénken, mee méi Fraen därfen hun).

Eischt Dreppsen faalen, a mir fuhren zreck bäi de Visitors Center. Et as mettlerweil iwer Mettig, an mir beschléissen, de Shuttle an di aner Richtung ze huelen, an kucken ze fuhren waat Springsdale ze bidden huet, an do eppes eessen ze goen. Daat Duerf as ganz wäit auserneengezunn, Duerf kann een et baal net nennen, et besteet haaptsächlich aus Geschäfter fir Touristen, villen Lodgen, an vereenzelt Restaurant'en. Eis Jongen haaten direkt "Pizza & Pasta am Aen, mee déi fänken richt em 3 Auer un. De Yann huet awer schon Kappwéi vun Honger, also sichen mir een aneren. E Mexikaner sting nach zur Auswiehl, mee daat huet hen net sou gär, ausserdem huet di Koppel di op der Terrass suutz net ausgesinn, wie wann et hinnen ging schmaachen. Vis-a-vis as nach een Pioneer Restaurant, an déi haaten souguer Spare Ribs irgendwou stoen, DAAT wir lo eppes gewiest waat de Yann wollt. Mir kéieren also do an, eessen awer am Endeffekt rem Hamburger oder Chicken Strips, well Spare Ribs get et just Freides, Samsdes a Sonndes, an daat vun 4 Auer un! Et gesäit een datt sie op di typisch Touristen warden, di Moies Trailen man, an am spöiden Nomettig eessen gin.

Egal, mir hun lo eppes am Bauch, et fänkt richtig un mat reenen, a mir huelen de Shuttle zreck op de Campground, gin do nach kurz an de Store pur Klengegkeeten akaafen, a gin dann durch de Reen zreck bäi eise Camper. Daat zitt sech nawell. D'Jongen huelen trotz Reen hir Reefer an mat Wettrennen durch de Virgin River. Mir man de Store raus, a reckelen den Desch an d'Campingstill drenner, fir datt mir winstens trotz Reen kennen dobaussen setzen. Nach as et immens schmeier, an iwerall sen nach Leit an de Schwammboxen an Maillot'en am Waasser.

Mee et killt alt mie oof, waat et mie laang a mie séier reent. Mettlerweil as et Owes 7 Auer, an mir setzen am Fleece hei. Leider as aus dem relaxen Nomettig bäim Waasser op eiser schéiner Plaatz neischt gin. De Reen mecht alt mol eng Paus, da fieselt et liicht, an de richtig decken Reen schengt lanst ze sen. De Peter a seng Fra koumen nach kuurz Aeddi soen, an eis eng gutt Rees an Heemrees wenschen, sie sen richt an der Halschend vun hirer Vakanz.

Mir man eng Parti Monte Carlo, an durno esst deen, deen Honger huet e Rest Spaghetti. De Reen huet opgehaal, an lo as et nees mie angenehm hei baussen, zwar fresch, mee et setzt sech awer relax hei bäim Virgin River.

Densdeg, den 6. September Zion NP – Valley of Fire

De Moien war den Himmel nees blo!

Mir hun eis e gudden American Breakfast gemaach, mat Spigele'er, Bacon, Orangenjus an hun deen mol nees emol richtig dobaussen genoss. Mir hun haut just 130 Meilen ze fuhren, ouni vill doteschend ze kucken, dofir kenne mir d'Saach relax ugoen.

Mir kommen op der Streck lanst d' Fort Zion Trading Post, wou mir och virun 2 Joer waren. Mir man e kuurzen Halt, an ech kaafen mir Räucherstäbercher, an een Balsam vun indianischen Heelplanzen. Vu datt meng Planz di den Indianer Larry mir gin huet, eng Art Lavendel-Thymian irgendwie verluer gaang as, ech haat se an mäin Buch gemaach, hun ech lo alt winstens eppes vun hinnen.

Grad haalen mir bäim Wal-Mart, de Claude an den Eric sen no Fleesch ran kucken.

Weider geet et an den Valley of Fire. Zwar rem Steng, mee rem ganz anischt. D'Fielsen sen roud, mee voller Lächer wie Schwäitzer Kéis. Als éicht fuhre mir op de Campground, eng Plaatz sichen, well hei as first come – first served. Mir fuhren zweemol ronderem, an huelen d'Nummer 24, well déi riicht as, a mir net vill brauchen ze level'en. D'Deschelduch get opgeluecht, den Ziedel ausgefellt an opgehaang, an di nach emmer naass Land's End Schong rausgesaat an d'Sonn, datt déi endlich sollen dreschnen. Da man mir eis op den Tour fir d'Viewpointen unzesteieren. Has et richtig warm, wie an engem Hexekessel. D'Strooss schlängelt sech durch d'Landschaft wie een Teppich den oofgerullt gouf. Daat nennt een ugepasst. ;-) Di meest Punkten sen einfach fir Fotoen ze man. E klengen Trail vun knapp 2 km geet bäi "the Wave". Op der enger Plaatz steet, et ging just durch Sand, an wir schwierig ze goen, op enger anerer stung, et wir "moderate". De Claude an ech huelen eis Camelbak'en an d'Fotoapparater a beschléissen et ze probéieren. D'Jongen bleiwen léiwer bäi der Climat am Camper.

Et geet mol direkt biergof, iwert en Sandpad. Hei kann een sech mol net verlaafen! Mee dann kent een op eng Art Plattform, wou sou Schichten Steng iwerteneen sen, an iwerall leien kleng Steng drop. An nu? Mir laafen lenks a rechts, a schliesslich probéiert den Claude mat de Koordinaten um iPhone d'Plaatz ze fannen. Daat gleckt him dann och, a mir fannen d'Well an engem Lach. Hannert eis kommen lo zwee Japaner, déi hun et gutt, brauchen eis just nozegoen.

De Fiels, den vun de Faarwen an de Schichten ausgesäit wie gemolt, war d'Méih wert. En as geschlaff wie eng Well. Mir man Fotoen, an eis dann op de Reckwee. Et sen souwiesou schon iwer 40°C, an di Fielsen reflektéieren d'Sonn och nach, an opschon et net wäit as, as et richtig ustrengend, a bekanntlich waat um Hinwee biergoof geet, geet um Reckwee biergop! Mir sen frou wéi mir nees bäim gutt gekillten Camper sen. An do haaten d'Jongen eng Glace färdeg :-)

Mir hun nach just e kuurzen Stop bäi den Pietroglyphs, den indianischen Zeechnungen am Fiels, mee daat as och en schmuelen Schloff teschend den Fielsen durch de Sand, a mir kucken eis di zwee éischt bemolten Fielsen un, dann hu mir es genuch.

Et geet zreck op den Campground, wou mir alt bessen ufänken mat raumen, an eisen lesten Grillowend preparéieren. Snif! Et get nach emol lecker Steak. Virdrun brauch ech awer eng Dusch a profitéieren vun den groussen Duschen um Camping, wou een sech net d'Ielbéi ustéisst. Wie ech ran gin, kent eng Fra raus, a seet op amerikanisch, ech soll eng vun de lesten Duschen huelen, di éischt hetten " a kind of smell!" Ech laachen, soen Merci a gin weider. Duschen genesslich, a treppelen zreck. Du suutz d'Madamm virun hirem Trailer, a wenkt mir sou léif, wie wann mir eis schon éiweg gingen kennen.

Am Camper raumen ech alt bessen d'Kichensaachen. Mir hun nach verschidden Saachen di net op waren, an ech decidéieren der léiwer Madamm déi riwerzedroen. Ech hu gefroot op ech sie kent kuurz stéieren, mir missten raumen fir de Camper oofzegin, an ech welt hinnen déi Saachen gin. Sie war iwerrascht, an mir koumen an d'Gespréich. Daat üblicht, wou mir hir kiemen, wou mir iwerall waren, asw. An sie hun och bessen vun sech gezielt, kommen aus Kalifornien, baal bäim Yosemite NP a fuhren nach emmer hir schéin Naturparken doremmer kucken. Sie sooten direkt, wa mir nach emol rem kiemen an an de Yosemite gingen, solle mir bäi hinnen lanst kommen. Sie hett virdrun schon zu hirem Mann gesoot, ech ging sie sou un hir Frendin Karen erenneren. Sie wossten souguer waat a wou Letzebuerg wier, a sie gingen och gär emol an Europa kommen, mee daat wir sou deier. Wie ech gaangen sen, hun sie nach x-mol Merci gesoot, an sie soot "let me give you e hug!" an dreckt mech eng kier ganz fest. Also oft as et bäi hinnen bessen eng opgesaaten Frendlichkeet. Mee daat hei war ganz éierlech.

Déi Zäit war de Claude zwee Hollänner depannéieren, déi keen Stroum kruten, et waren de Papp an de Jong (wahrscheinlich) an hiren éischten Daach mam Camper. Mee leider haaten sie och keng Ahnung wéi daat op de Campgrounds fonktionnéiert, well sie hun einfach eng reservéiert Plaatz geholl. Sie sen awer séier gereckelt, wie déi aner koumen. Also séier .. sie hun nees alles lassgeklemmt, an sech eng aner Plaatz missten sichen.

Ronderem wimmelt et vun A an B-Hörnchen. Déi laafen an den Dozenden hei ronderem, a sen alles anischt wie menscheschei. Ausserdem get et vill Beien hei, et soll een néierens Waasser ausschedden, well sie déi Plaatzen sichen. Do wou de Waasserschlauch ugeschloss as, as en halwe Schwaarm. Daat as awer di aner Säit vum Camper, sou datt mir erstaunlicherweis keng Beien bäim Desch hun. Gespullt get hett net mie. Den Yann an den Tom man nach emol e Lagerfeier, awer net well et kaal as, mee fir de Rest Zeitung, Karton an Holz ze verbrennen. Mir setzen dobaussen ze liesen, an em halwer 10 sen et nach 32 Grad!! Herno gin mir schloofen, well et eis virun der Dir ze waarm as. Mir hu jo Stroum, also kann d'Climat de ganzen Zäit laafen, op d manst bis op 24 Grad roof.

Add comment (1)
Bryce

Mettwoch, 31. August Capitol Reef

Et war eng stiirmig Nuecht. Schrecklich vill Loft, aussergewéinlich fir hei, opschon di Monsunreener fir den August normal sen, soot eng léif Amerikanerin mir de Moien bäi der Wäsch. De Moien hu mir einfach geschloof bis mir wakrig goufen, waat awer schon géint 8 de Fall war. Et war richtig kaal dobaussen, an d'Loft haat sech och nach net geluecht.

Als éischt ware mir mol no de Wäschmaschinnen kucken. Déi sen iwerall d selwicht vum System hir. Et geheit en just souvill Quarteren an wie gefroot, a lass geet et. Wiesou as daat doheem emmer sou een Opwand? Hei flitt d'Plover an d'Trommel, d'Wäsch drop, Deckel zou, a lass. No 28 Minutten as se färdeg, alles riwer an den Trockner, Quarteren ran, an zack .... kann een nees liesen goen.

Mir hun nach pur Wuert (den Eric soot et wier baal eng Stonn gewiest!) mat eisen Noper geschwaat, sie hun och hir Jeeptour annuléiert. Durno hun mir eis du relax Kaffi gemaach, den Desch an d'Sonn gereckelt, an dem Tom seng Spigeleer mat Speck genoss. D'Loft war rouig, an et gouf schon baal nees ze waarm ouni Schied.

Durno hun di 3 gespullt, de Claude war bäi d'Wäsch, ech hun nach zesummegesicht fir eng zweet Maschinn, eng zweet laafe geloss, lo as alles am Trockner, et brauch een net dobäi ze bleiwen, hei helt keen engem eppes, an et kann een relax hei setzen a liesen oder tippen. ;-) D'Jongen sen nees schwammen, mee leider huet d'Loft schon nees béis zougeholl. Mir gungen du op den Horseshoe Court, eng Parti Hufeisenwerfen man. Déi fléihen engem jo net sou séier fort! Also theoretisch. Den Claude get éischten, den Eric 2., den Tom 3. , den Yann. 4 , an ech mat null Punkten gudden 5. ;-) Gesäit mie einfach aus wie et as, war awer mol eppes anischt.

No der Parti di eng Stonn gedauert huet, sen mir zreck gaang bäi de Camper, hun nach bessen gelies,an du de Grill ugehäit. Eisen Poulet hett war deen besten deen mir bis lo färdeg bruecht hun. Durno huet de Claude eng kleng Sieste gehaal, ech nach bessen gelies, an ETY waren net ze bremsen fir nach emol an d'Waasser ze goen. Ech hun mech mam Kindle ennert de Baam an de Schied placéiert, well d'Sonn war trotz oder grad wéint der viller Loft zimmlich stark. Duecht op emol, hett een nawell Lost op eng Taas Kaffi sou nom eessen. Hun du d'Kaffismaschinn ugemaach, an du koumen di 3 schon nees zreck. Ech soot, wie, schon keng Lost mie? A sie: et as Feierowend! Gelifft??? Du war et jo net halwer 8!!! Also ech hun absolutt keen Zäitgefill hei.

Mir hun eis Noper op en Glieschen Wäin invitéiert, a suutzen ouni di geringsten Leftchen 2 Stonnen mam Christian an mam Sabine vu München (ganz liebe Grüsse nach Bayern!) bäim Lagerfeier (Merci Tom).

An der Nuecht goufen mir wakrig well et nees gestiirmt huet!!! A sen mat der Täscheluucht raus, d'Schwammsaachen nees afänken. Ech haat bäim Araumen owes ganz vergees datt déi Saachen nach hannen op der Leeder hingen. Discher waren nach do, Schwammboxen hu mir remfond, just bäi engem Calecong sen ech mir net sou secher. ;-)

Donnischdig, 1. September Capitol Reef – Bryce Canyon

Mir waren em 7 Auer op, hun alles agepaakt, a waren eis bestallten Muffins sichen. Du hun mir eis mam Kaffi an de Muffins op en Bänk an der Sonn gesaat, a déi best Muffins di mir je gees hun mat Bleck op Natur pur genoss. Desen Campground kann een wiirklich an allen Hinsichten nemmen luewen. Durno gouf den Noper Aeddi gesoot. Sie fuhre lo wou mir hirkommen, an mir wou sie virdrun waren.

Sie hun eis nach gewarnt, een klengen Trail deen mir lo wollten ennerwee man vun 1,5 Miles, bäi e Waasserfall wou een kann an d'Waasser goen, hetten sie gemaach, mee di engkommafennef Miles, di sech no neischt unhéieren, wieren am Endeffekt en 4-Stonnen-durch de-Sand-Hike an der praller Sonn gewiest. A sie als Vill-Wanderer wieren zimmlich um Enn gewiest durno. Oofgesinn dovun datt eis Konditioun lo net souuu wanderfest as, ging daat eisen Zäitplang zimmlich durcherneen brengen. Den Eric huet lo nach een klengen Waasserfall fond, mat engem Wanderwee vun 1 Stonn, daat passt eis besser, a mir fuhren lo bäi deen.

Grad haalen mir op der Strooss bäi engem klengen Trapp Kéi, et as ganz dachs "Open Range", d'Véih ldeeft fräi an as net a Piergen.

Mir kommen an den "Dixie National Forest", an irgendwie ännert nees d'Landschaft. Et geet héich rop, den éischten Overlook wou mir haalen as op 2900 m. Et geet biergop a biergoof, iwerall huet een di schéinsten Vue'en. Op enger Plaatz as en Haus sou flott an den Hiwwel gebaut, waat een baal net gesäit. Hannert enger Kéier steet een Scheld: Kiva Koffee House. Ma do kéieren mir dach lo glaat an fir en 2te Käffchen. Et as en wonnerschéinen Raum, ganz am Holz, mat enger grousser Feierplaatz, ronn gebaut mat Vue iwert de ganzen Dall. Um Parking kann een nach Feierholz oplueden " fir 5 Dollar den Aerm voll" an d'Suen soll een an eng Kest geheien. As daat net vertrauensvoll?

Mir fuhren weider bis op en Overlook Viewpoint, a man eis en Sandwich, mettlerweil as et baal 1 Auer. D'Still gin opgeriicht, a mir setzen mat de Schmieren all an der Rei mam Bleck iwert en Riesendall.

Da geet et weider a Richtung Bryce Canyon. Op der Streck weist e Scheld bäi e Séi. De Claude béiht do oof, a mir kommen an den Ecalante Petrified Forest State Park. Do as een immens flotten Campground direkt bäim Séi. Mir man d'éischt en klengen Trail vun 40 Minutten wou een bäi verstengert Baamstämm gefouert get. Durno gin mir op de Steg um Séi a lossen d'Féiss an d'Waasser baumelen.

A weider geet et mam Jabel! Sou lues komme mir an d'Géigend vum Brice Canyon. Steng a Fielsméisseg gesäit et jiddefalls schon dono aus. Mir man awer nach en Teschestopp bäim Mossi Waterfall. Do as och e klengen Trail ze goen, awer nemmen 0,4 Miles. Et geet lanst eng Baach, bessen biergop bis bäi de Waasserfall. Leider kent een net dobäi, dofir gin mir nach e Steckelchen weider, a kennen do d'Féiss an daat äiskaalt Baachwaasser steechen.

War en flotten klengen Oofsteecher, mee lo wellen mir awer op de Campground. Sou lues meld sech den Honger.

Mir fuhren durch d'Entree vum Bryce, gin fir d'éischt an de Visitors Center kucken wie et as fir mat de Pärd ze reiden, op een do muss am Viraus reservéieren, mee déi sen em 5 Auer schon zou. Direkt hannen drun as awer den North Campground. Do hun mir en Site reservéiert fir des Nuecht.

Well mir mär de Moien den Sonnenopgang welle kucken goen, man mir eis als éischt nom Level'en op d'Sich nom Rim.

Durno gouf de Grill ugehäit, a lo man mir eis et nach bessen gemittlich.duernoweren mir teschend 9 an 10 schlofen gang.

Add comment (0)
Arches

Freidig, 26. August Monument Valley – Moab

De Moien stung de Wecker op halwer 6, oder halwer 7, wie och emmer. Mir wollten onbedingt den Sonnenopgang mat kreien. Ech war awer ausnahmsweis schon em 5 (oder 6) wakrig, hun zur Fenster raus gekuckt, mat dem direkte Bleck op den East, Mitten an Merrick Butt an um Horizont huet et schon roud geliicht. Mir séier aus de Fiederen, e Fleece iwert de Pyjama a mam Fotoapparat raus. Mir hun eis op eis Campingstill plazéiert a geknippst. Eisen hollännischen Noper koum och bessen bäi eis stoen. Rechts war alles rouig. Mir suutzen eng Stonn do, et war herrlich. Leider gung den Himmel och nees lues a lues zou, just um Horizont war eng Sträif fräi. Et haat nach vill gereent an der Nuecht. Op emol stung eis bedauernswert Nopisch och do mam Fotoapparat. Mir sen schon ennerwee fir nees ran, an eis nach eng Stendchen op d'Ouer ze léen.

Do kent eisen Extremsportler-Noper lanst eis gelaaf, a voller Montur, an wollt den Trail sech kuurz no Sonnenopgang laafen. Mee hen huet d'Entree net fond fir de Pad, hihi. Mir sen zreck an d'Bett, hun nach eng Stonn geschloof, an wie mir wakrig goufen, war hire Camper fort! Entweder war en schnell, oder en haat opgin. Jiddefall haat de gudde Mann eis ameséiert.

Mir hun eis Bottisch dobaussen alleng virun dem "Monument" gees, an hun eis durno och prett gemaach fir fort. Natirlich gouf et awer nach e klengen Stop bäi Indianerinnen mat Bijouxen. :-)

Eischten Stop as Gooseneck. Hei sen direkt pur "Saarschleifen" nirwteneen. Mir sen leng hei, an schmäissen d'Generatrice un fir en Kaffi. Wi deen oofgelaaf war, huelen zwee Autoen, e Camper, an dräi saarlännisch Easy-Rideren nirwt eis. Mir setzen eis mam Käffchen an e Schiedhaischen op eng Bänk a genéissen .

Op der Streck as den "Newspaper Wall". Daat as eng Wand am Fiels di vun den Indianer bemolt gouf. Bessen wie Höhlenmalerei. Gesäit immens interessant as, mee et as net bekannt vu wéi engem Stamm et gemolt as, a wie eng Technik se ugewand hun. Virdrun as zwar e Gitter, mee et hun awer pur Hännessen et färdeg bruecht do driwer hiren Numm an de Fiels ze kraatzen!! Sou Saachen reegen mech jo sou eppes vun op. Eppes waat uraal as, an nie méi remzekreien as, get mutwellig futti gemaach!

Durno komme mir op den Needles Overlook. En Aussiichtspunkt, mat Picnicplaatz, op deem een eng baal onendlich Vue iwert d'Canyonlands huet. D'éischt sichen mir eis Bänk an Desch am Schied, an eessen eng Glace. Dann treppelen mir ronderem. Et steet een op diversen Platzformen vun Fielsen, ennert engem e riesigen Terrain verdreschenten Buedem, heinsdo grengen Oasen do wou d'Waasser staut, ganz hannen nees Böscher an héich Fielsen. Kilometeren an Kilometeren!

Da geet et weider op Moab. Hei hu mir en Full-Hook-Up Camping. D'Jongen hun eng Schwemm, an mir eng Wäschmaschinn. A virun allem Internet. ;-)

Den Owend get net gekacht, mee mir gin quasi vis-a-vis an Moab Brewery eessen. Daat as nawell e ganz flotte Kader, Baussen pescht schon eng rieseg Eidechs an en Indianermännchen op der Fassade. D'Eessen as och immens gutt. Ech eessen Saumon, an de Chef mecht anscheinend emmer no Lost a Laun e Rezept. Den Owend as et mat enger mega leckerer Krust mat Hieselness an Rasberrys. Eng gudd Zalot virdrun, normal bäim Menü, an Geméis an eng gequellt Gromper mat Botter an Whipped Cream dobäi, hmmmmm! Mol nees emol bal en normalt Eessen. Di aner haaten, gegrillt Fleesch an Räis oder Fritten, och mat Geméis. An et haat een keng Spull. :)

Et huet an der Nuecht net vill oofgekillt, d'Bueddischer an d'Schwammboxen waren Moies dreschen.

Samsdig, 27. August Moab – Arches NP

De Moien gouf mol ausgeschloof, ouni Wecker. Daat huet gutt gedoen, opschons mir durno du baal an d'Labrenten koumen. Mir hun gutt Kaffi gedronk mat Zappée an O-jus. Durno sen d'Jongen zreck an d'Schwemm, a mir hu bessen doremmer geraumt, alles agepaak, an sen du quasi direkt nirwendrun akaafen gaang. Gedrenks a Fleesch hu missten opgefellt gin fir di nächst Deeg, Glace war och keng mie do, a vill Waasser och net mie.

Durno se mir zreckgefuer op de Camping d 'Jungs sichen, an tanken. An du hu mir eis op de Wee gemaach fir en Trail. Mir sollten bäi de Corona Arch treppelen. Mir hun eis och gutt gemutt op de Wee gemaach, gerüst mat jiddereen zwee Müsliriegel an dem Camelbak. Den Trail bis dohinner soll 1,5 Meilen sen, also 3,5 km. Et gung d'éischt bessi biergop, awer net dramatisch, an du koum een an eng Schlucht wou den Zuch mol dodurch gaang as. Mir sen den Schinnen nogaang, sollten zwee Archen gesinn der Beschreiwung no, déi lenks leien lossen, an dann goen bis bäi eng Leeder fir de Fiels rop ze klammen. Mir se gaang a gaang, rechts lanst d'Archen, an der Schlucht war eng Aafenhötzt, mee mir hu keng Leeder fond. Di amerikanisch Kaarten sen egal waat, sie hun nie en Massstab. Der Zeechnung no ware mir richtig, mee dem Gefill no falsch, an schon vill ze wäit. Also nees zreck. De Yann krut du schon mega Kappwéi., richtig wuel gefillt hun ech mech och net mie. Ech duecht, lo musst dir de ganze Wee nees zreck, an da geet et richt richtig lass. Dobäi haat ech mech drop gefreet. Mee de Yann wollt souwiesou net m-öi, du sen mir zwee zreck gaang bäi de Camper. An di 3 grouss sen lo ennerwee. Mir haaten tatsächlich d'Entree vum Trail direkt am Ufank verpasst, well mir Fotoen gemaach hun op de Schinnen, an net opgepasst hun datt über die Schienen hinweg, net unbedingt heescht iwert d'Schinnen weider.. Ausserdem haat ech den pickigen Droot gesinn, mee fir mech heescht daat "net weider" mee deen war als sou eng Art Paart, secher wéint den Déieren. A lo setzen mir zwee hei bäim Colorado River op enger Picnicplaatz a kucken enger Famill no di eng Party feieren. Sie laafen haalef verkleed hei ronderem, bloose Booter op, huelen nach an nöcher Kesten an Poschen aus den Autoen, an et kommen och alt mie Leit. Eise Camper war teschend zwee Autoen ageklemmt, sie hun hannert an nirwt dn Autoen gepiddelt, mee gefroot op mir de Camper net kenten reckelen. Sie hetten eng big party with a lot of people. De Yann soot zu hinnen, den Dad is on trail to Corona Arch (bravo Yann). Ech war hannen am Schiedhaischen, an hu mat hinnen geschwaat wie ech zreck koum, ech soot ech wir nach nie op deem Scheff gefuer. Hett mecht wuel getraut wann en leng do geparkt hett, mee teschend hiren Autoen, an dann hannerzich .... ouiiiin! Oh soot daat engt Meedchen direkt, I'll do it! Okeeeeee ...

War mir du och grad sou léif, well du hu mir leng op enger Plaatz geparkt, direkt bäim Schiedhaischen, an mir konnten alles oplossen an eis gemittlich mam Kindle do placéieren.

Wie sie remkoumen, hu mir eis eng Glace geholl, an wollten durno awer op d'manst nach emol d'Féiss an d'Waasser strecken. Eigentliich sollte mir emol richtig schwammen fir oofzekillen, mee et war souvill Stréimung am Waasser, an op der Plaatz wou mir waren stung en Scheld et dierft een net an d'Waasser. Dovun oofgesinn ware mir och nach op enger Plaatz wou just vill deck, ronn Fielsen waren, iwert deen een meterdéif hett missten roofkraxelen. Also war et just eppes fir eis Jungs, mir hun d'Waasser nemmen gekuckt!

Durno se mir virun gefuer an den Arches National Park. Scho komisch wann engem verschidden Saachen op emol sou bekannt virkommen. Als éischt informéieren mir eis an der Entree vum Park am Visitors Center iwert Sonnenop an Ennergang. Da fuhren mir op de Campground Devils Garden op "eis" Site 46, wie di leste Kier. Mir komme grad richtig fir de Sonnenennergang, mee leider hänken hannen schon nees deck Wiederwolliken. Egal, mir man Fotoen, kammen bessen op "eisen" Fielsen ronderem, a man dann de Grill un. D'Donnerwieder bleiwt nees wäit wech. Mir eessen relax heibaussen, durno as di obligatorisch Owes-Männer-Monte-Carlo-Parti Kaart, an ech setzen mech mam iPad zwar an d'Géigend vum Lagerfeier, well et sou schéin as, mee vun den Temperaturen hir hett een et net gebraucht. Et as e Genoss, komplett rouig ronderem, hei héiert een neischt. Keng Geräischer ausser mol emol bessen Loft durch d'Beem rauschen. Durno léeen mir eis einfach op d'Bänk op de Reck, a kucken am Stachdäischteren d'Stären. Den Stärenhimmel as Wahnsinn, waat een mie kuckt, wat et der méi get. A Stäreschnäitzen, nach an nöcher. Irgendwann beschléissen mir dann awer, schloofen ze goen, well mir mär fréih wellen opstoen. Ronderem bletzt et nees.

Sonndig, 28. August Arches NP / Devils Garden

Em 7 sen mir all opgestaan. En klengen Trail stung um Programm, eng Stendchen, bäi zwee Archen, mee mir wollten en mat ir d'Sonn iwer Bierg an Dall ging schengen. Mir doen eis un, fellen eis CamelBaken, steechen en Steck Brout an de Mond, a gin raus. Den Himmel as nees voll mat däischteren Wolliken, mee vu datt et di lest Deeg och nie bis bäi eis komm as, riskéieren mir et an man eis op de Wee. Vu wäitem gesäit een nees Bletzer.

Et as e schéinen Trail, am Ufank iwert een Sandwee, mat rechts a lenks denen typischen Planzen vun heiremmer, vun denen och den Indianer geschwaat haat. Lues a lues get et mie stengig, a bessen kraxelen därfe mir och. Et as e schéinen Tour, net ze ustrengend, an ouni vill Sonn ganz angenehm ze goen. Den Broken Arch as flott, mee den Sanddune Arch as herrlich. Et geet een durch en Schloff an de Fielsen, mee iwer Sand, a kent op eng Plaatz wie an enger Kiirch. E grousse Banneraum, sandigen Buedem, ronderem héich Fielsen, an em den Eck as den Arch, gesäit aus wie zwee Adler di sech kussen.

Mir kommen komplett dreschen dodurch, den Himmel zitt zwar och lo iwert eis alt mie zou, mee mir raumen bessen am Camper, well hett as och engt gewessend Margit aus dem Womo-Forum hei am Park, an haat säin Besuch ugekennigt. (haha, as dach baal wie doheem, kaum kent een, geet d'Gebotz schon lass) Durno man mir eis Kaffi, get schon baal e Brunch. Gester haate mir dach tatsächlich an engem Geschäft Sesam-Mohn an richtig Mellichbréidercher fond. Et get och E'er mat Bacon. Mee mir hun de Moien besse Problemer mam Stroum. Kaffismaschinn, Toaster, Climat a Föhni, daat war des gudde bessen vill. Den FI as wechgefuer, a mir kruten eng Zäitchen net mie an. Mir hun eng Pyramid gebaut, fir d'Kaffismaschinn mat hirem extrem kuurze Kabel un eng Prise ze kreien di nach gung. Et huet geklappt. Mir hun eis un den Desch gesaat, a .... pling ...pling, di éischt Reendreppsen. Mir sen awer stur bliwwen, an hun d'Reenwolliken verdriwwen. Jiddefalls koum bessen durno d'Sonn rem baal durch.

A lo get mol eng Zäitchen einfach sou gechillt, mir setzen op eiser Plaatz hannen ennert Pinien am Schied, an chillen bessen. Et as lo 2 Auer, den Eric gröhlt bäim Horst Evers, de Claude liest en Adler-Olsem, den Tom an den Yann hun sech fir eng kleng Sieste zreckgezunn, an ech huelen och lo de Kindle raus.

Herno man mir eis pur Rester waarm fir z'eessen, an dann man mir en Trail vun enger Stonn bis bäi den Delicate Arch, fir do den Sonnenennergang ze kucken. De Wee wär praktesch nemmen biergop bis bai den Arch. Deels en schéinen festen Wee am Ufankf, deels festgetreppelten Kräsi, deels durch Sand, och iwert Fielsen wou de Wee just mat hiren berühmten Kéipercher Steng steng gezeechend as ..... , mee et as neischt ze verfeelen, well ganz Pilgergruppen ennerwee sen. Di eng sen schon um Wee fir roof, vill gin der awer och lo mat eis, géint 6 Auer rop, fir fir den Sonnenennergang bäim Arch ze sen. Nach as et deck waarm, an de Schwees leeft engem an de Schong zesummen, mee et as all Ustrengung wert. Deen Ubleck vum Delicate Arch, deen ganz leng do op engem Fiels steet, wert een nie vergeessen. Ronderem sen d'Fielsen wie an engem Amphittheater, an ganz vill Leit haaten sech do schon mat Stativer a Fotoapparater installéiert fir de Moment wou d'Sonn ennergeet, am Bild festzehaalen. Leider sen awer schon nees deck Wiederwolliken an der Géigend, an d'Sonn verschwennt deels hannert Wolliken . Trotzdem as et wonnerschéin hei uewen, an et get iwerall ausgiebig geknippst. Jiddereen well emol am Bou stoen, d'Leit stin Schlaang a reechen all kier denen hannendrun hire Fotoapparat, fir datt se all op der Foto kennen sen. Daat geet ouni vill Wieder Hand an Hand. Kuurz virun 8, de Sonnenennergang as fir 19:57 ugesoot, setzen d'Leit quasi all ronderem a kucken andächtig op den Arch, just eng sou eng Trudchen Nullchecker muss nach mat hiren Kennercher dohin, a palavert, an nach eng Foto sou, an da stell dich nach sou, an dann d'Mami nach, mee sie haat jo den Apparat ... Riesenhutt oof, Kamera iwert de Kapp, Hutt rem op, Hoer net richtig,Hutt rem roof, Hoer gezupft, Hutt nees un, stellt sech a Positioun, Hutt flitt roof, Hutt gesicht, Hoer rem net richtig, Hutt nees drop, an nach e Bild fir secher ze sen, an nach engt mat deem engen Kand, daat well net, da kuck dach lo, a kannipps ....... Eeeeeeeeeeeeendlich!

De Bleck as fräi! Et as einfach nemmen faszinant wie vill Leit op emol richtig rouig an andächtig kennen gin op sou Plaatzen an der Natur. Do setzen der di regelrecht meditéieren.

Nodeem d Sonn endgültig verschwonnen as, man mir och nach pur Fotoen vun eis. Mettlerweil hun di Wolliken di d'Sonn deels verstoppt hun sech zu engem Donnerwieder entweckelt, a vill "Fotografen" setzen sech a Positioun fir den Arch mat engem schéinen Bletz anzefänken. Mir kucken nach bessen, den Tom well och eng Foto vum Bletz man, mee daat as net sou einfach de richtigen Moment oofzedrecken. Da man mir eis awer op de Wee, well mir wellen iwert d'Fielsen sen ir et stachdaischter as, och wann mir Stireluuchten hun. Daat gelengt eis och gréisstendeels, ausserdem mecht et och Spaass mat de Luuchten, as mol eppes ganz anischt. Mee wat net ze gleewen as, do gin lo nach Leit rop! Et sen 2,4 km vun enner dem Parking bäi der Wolfes Ranch un, bis uewen bäi den Arch. Also et as lo net wie wann de Wee liewensgeféierlech wier, mee et muss een schon oppassen wou een treppelt. An daat am stachdäischteren, ee Mann huet e Bebe um Reck (!) , as awer puren Onverstand. Leider geschéihen dodurch dann och Accidenter. (Wie mir am Joshua Tree waren, sen den selwichten Daach en Hollänner an eng Däitsch gestuerwen. Sie waren mat engem normalen Auto ennerwee, mee sen net op der Strooss bliwwen. Wollten off-road man, a kruten eng Pann mam Auto! Schrecklich – deen Feeler hu sie nemmen emol am Liewen gemaach) Et get wuel geféierlech Plaatzen hei, mee wann een sech un d'Regelen hält, kann u sech net vill geschéihen. A bäi villen Trailen steet bäim Depart e Panneau mat Uweisungen, wie wäit et as, de Schwierigkeetsgrad, wéivill Waasser een op de Kapp brauch, d'soll een fest Schong un hun a keng Flip-Flops ......

Jiddefalls se mir awer ouni Problem ganz roof komm, am ennischten Deel vum Trail war et du mettlerweil och zappenduuster, mee et war all Méih wert. Den Eric konnt net mat, hen haat e Beenproblem, a wie mir bäi de Camper koumen, haat hen deen an der Teschenzäit (emmerhin ware mir 3 an eng hallef Stonn ennerwee) ganz gebotzt, iwert d'Generatrice sämtlich Apparater gelueden, Fotoen roofgelueden, villes erledigt waat gutt gemaach war. :-)

Lo bletzt et schon all ronderem, des Kéier schengen mir dann d'Donnerwieder matzekreien. Um Camping op eiser schéinster Plaatz man mir dann trotz éischten Reendreppsen nach een Lagerfeier, genehmigen eis e Bud, an d'Jung klooteren mat de Stireluuchten op "eisem" Fiels ronderem fir mam Fotoapparat en schéinen Bletz anzefänken. Et dreppst net mie, et fänkt guer net un mat reenen, a mir genéissen nach pur Stonnen am Arch, och wann et den Owend keen Stärenhimmel get.



Méindig, 29. August Arches NP

Ouni Wecker se mir schon em 7 wakrig. An der Nuecht haat et emol kuurz gereent, mee de Moien as den Himmel blo. Mir man alt alles prett fir de Kaffi, mussen den Desch em 8 Auer awer schon virun de Camper reckelen, well et an der praller Sonn schon ze waarm as. Da genéisse mir nach eng Stendchen an eisem Lieblingspark, da get alles ageraumt, a lass geet et. Mir fuhren nach eng Zäitchen durch den Arches NP, wou mir nach puer mol stoen bleiwen vir di bizzarst Formatioun vu Fielsen ze kucken.Duerno gin mir nach eng Kéier an den Center wou sech den Tom an den Yann nach puer Pousteren kafen, den Claude nach en T-Shirt,an ech puer Postkaerten mat Timberen an en Pin. Mir retten zwar domat net vill, mee kaafen och d'Feierholz an de Parken selwer, well een souu winstens di wonnerschéin Parken kann ennerstetzen, déi op der Lescht vun der amerikanischer Regierung stin, fir zougemaach ze gin. Weider geet et zreck op Moab, wou mir nach akkafen gin. Well mir di lest Deeg vill ennerwee waren mat gefellten Camelbaken, hu mir baal keen Drenkwaasser méi. U Brout feelt et, an u Mellich och.

Durno get gedumpt, an mir man just en klengen Treppeltour durch d'Haaptstrooss vu Moab. D'Sonn knallt nees, et sen bestemmt nees iwer 40 Grad. Hei sen immens vill flott Geschäfter, een mie schéin an originell vu baussen wie daat anert. D'Kokopellien, Lizzard'en a Sonnen get et an alle Gréissten an Variatiounen. Meng Männer man schon de Geck, well ech op all Eck eppes gesinn. Kommen och an engem Geschäft net lanst Kokopellien fir un eis Fass.

Sie hun och originiell T-Shirten, mee leider steet op villem "made in China, made in Nepal " - schued eigentlich. Hett mir gewenscht et wir méi "original".

Et as halwer 2, a mir treppelen lanst eng Pizzeria ... eis Jongen hannert eis : Mmmhh Pizza, lecker Pizza, mmmmh wie daat no Pizza richt ....! Oke, ausnahmsweis follichen mir. Anstatt en Bréitchen get et de Mettig Pizza ;-) De Garcon freet, bannen oder Terrass, mir huelen bannen, wou et gutt gekilllt as, Hötzt kreien mir der nach genuch. Mir kreien direkt jiddereen en Becher Aiswaasser, an nach e ganze Pitcher dobäi. Da get gefroot waat mir drenken. Bestellen 5 Cola.Di éischt kreien schon liicht blo Leppsen. Vläicht hette mir awer sollen op d'Terrass goen'? Um Nirwendesch gin se schon Jaketten an den Auto sichen. Mir bleiwen hart! Pizzaen kann een selwer zesummestellen. De Präis as d'selwicht, entweder small, medium oder large, an dann 1, 2, 3, 4, 5 ... Saachen fir drop. Sie gesinn net nemmen gutt aus, sie sen och nach erstaunlich gutt. A wie aus heiterem Himmel, nom American Way of Life, zack huet den Tom Pizza on the rocks! Dem Yann war de Colasbecher aus der Hand geflutscht! Mir hun sou misten laachen, daat huet ausgesinn wie d'Pizza am brongen Sud mat Aisstecker geschwommen as, et war mol keen roosen. Mir hun einfach eng nei bestallt. As Vakanz! An zu eisem Erstaunen wer dei 2. souguer gratis!!! :-) Dun se mir zreck bai den Auto gang an a sen nach emol nach emol d'Haaptstrooss op an of gefuer, well mir e Fotogeschäft gesicht hun. Dem Eric feelt en Steck vum Stativ. Duerch zoufall entdecken mir en Liquor Store (mir hätten Owes nawell Loscht op en Glieschen Rouden gehaat am Arch, mee well mir am Utah bäi de Mormonen sin, an do Alkohol Tabu ass, et keen an den normalen Geschäfter) Hei kent een sech vir wie wann een di schlemmsten Drogen ging kaafen! Duerno gesinn mir nach an en Radioshack-Elektronikgeschäft vir d'Jongen, mee ouni fündig ze gin.

Weider op der Streck kommen mir lanst den Merrimac an Monitor, wou mir di leste kier eng vun den ischten Familljenfotoen geschoss haaten. Aus nostalgischen Grenn man mir dann des kier och eng mat Selbstauslöser. An do zéihen schon nees di ischt deck Wolliken op.

Et as net mie wäit op den Dead Horse Point an op den Kayenta Campground . Mir man e kuurzen Stop um Dead Horse Point, wou mir kurz ronderem Fotoen man gin, an dräi amerikanisch Veteranen eis ubidden eng Familjefoto ze man. Leider war den Eric awer net grad do. D'Männer hun gefroot vu wou mir kiemen, an den een soot, Lüxombuuuur .... oh jess, I was already there, it's the best Airport to discover Europe! Da faalen och schon di ischt deck Reendreppsen. Mir spurten an den Camper, a fuhren op de Camping ,wou en Wieder just driwer hung. Do kreien mir dann och den ischten zolitten Reen mat oof. Et läit immens héich, an et as relativ leftig (d'Kaarten bleiwen baal net um Desch leien, hihi) Et huet och fatzisch oofgekillt, et sin mindestens 20 Grad manner hei. Mee egal mir hun eng super Vue, a lossen den Owend lo einfach labber auskléngen. Mär musse mir em ganz fréih opstoen fir en klengen Trail bäi de Mesa Arch ze man, fir den Sonnenopgang ze gesinn.



Dënschdeg, 30. August Arches NP – Capitol Reef

De Wecker rabbelt um halwer 5!! Mir drenken keen Kaffi, mee fueren em 4:53 direkt bei den Mesa Arch, den am Island in the Sky (as daat keen herrlichen Numm?!), engem Deel vum Canyonland State Park ass) dat hut eng knapp hallef Stonn gedauert. Dun waren et nach eng 500 m, am Däischteren mat de Stireluuchten um Kapp, ze goen bis bei den Mesa Arch. Mir waren tatsächlich di Eischt, direkt hannendrun koumen awer zwee jonk Amerikaner. Déi hun sech direkt virdrun mat dem Stativ a Moossgerät installéiert, du duechte mir, déi wessen wuel wouhin se d'Objektiv mussen haalen, an hun eis och gutt Plaatzen gesicht. Vun eis aus wier mir jo mie no hannen bliwwen, fir de ganzen Arch drop ze kreien. Mee sou hu mir eis ugepasst. War och gutt sou. Et huet nach eng gudd Stonn gedauert bis d'Sonn mat 10 Min Verspéidung wéint Wollëken luusse koum ,dowéint war den Arch och net sou orange gin wéi soss. Mee et war trotzdem immens schéin. Wann d'Sonn um Horizont rauskent, an di éischt Sonnestrahlen op den bannischten Deel vum Arch schengt, fänkt deen un regelrecht ze liichten. Mir sen zwar midd, mee awer zefridden datt mir aus de Fiederen koumen fir daat eenzichartigt Bild hei.

No gutt 1 Stonn se mir zreck gang op de Parking, a waren sou immens fréih ennerwee fir op den Capitol Reef.

Am Fong sollte mir kuurz durno irgendwou parken a Kaffi drenken, mee op denen Highways hei fends de jo keng Plaatz fir mol stoen ze bleiwen. Eenzich Uertschaft wou mir durch koumen war Green River, mee do as et richtig trostlos. Am Agang sen nach zimmlich nei Motelen vu bekannten Chainen, da kent e Goldterrain, an hannendrun geet de Misere un. Alles zou, ausgestuerwen, zesummegefall ... just Tankstellen en gros. Mir profitéieren dann och fir den Tank ze fellen, mee Kaffi get et och hei néierens.

Mir sen gefuer bis an den Goblin State Park. Du hu mir eis mol gutt Schmieren gemaach, an virun allem e Kaffi ooflaafen geloss. Deen huet wiirklich gefeelt de Moien. Mettlerweil as et schon no 11!

Da probéieren mir en klengen Trail, am Prospekt steet 1.5 Meilen, um Scheld virdrun 15!!! Daat wir eis definitiv zevill. Mir haate gehofft en klengen Spazéierwee ging teschend den Goblins durch. Daat sen Formatiounen vun Fielsen, di awer mat sandigem Buedem bedeckt sen. An denen Formatiounen kann een alles méigleches gesinn, de Santa Claus, den Tabaluga-Draach, Champignonen, e Schwäin mat enger decker Nues, en Gnom ..... Mir fänken den Trail un, gin och 1 km, mee irgendwie schengt et hei deck gereent ze hun, d'Scheld mam Pfeil wou et weider geet, läit em, an de Risiko as eis ze grouss lo Stonnen hei an der Hötzt ze laafen. Mir gin zreck, iwert de Parking bäi eng Visitorsplaatz. Hei stinn iwerdecken Descher a Bänken, an do geet och e Wee roof, wou een bessen teschend den Goblins kann wanderen. Eis Jungs spillen Hey Zwerge hoh, hey Zwerge ... go go go an marschéieren ronderem een "Riesechampignon". :-) Mee ennen am Lach teschend de Steng as et deck waarm a schmeier. D'Loft steet. Mir gin nees rop bäi den Aussiichtspunkt, man do nach pur Fotoen, an fuhren da weider. Haut stin 190 Meilen um Programm, a bäi der kuurzer Nuecht welle mir einfach fréih op de Camping kommen a bessen neischt man.

Ennerwee komme mir durch en klengen Dall mat pur Haiser, wou op emol alles schéin Greng as. Do leeft en klengen Floss, den Dirty Devil River ;-) Durno kent nach e klengt Dierfchen, wou d'Awunner sech Konkurrenz man, mat Deko aus aalem Kreemchen ze bastelen. The winner as fir eis deen, deen iwert bestemmt honnert Meter Virgärtchen aus aalem Metall een Dinosaurier um aneren stoen huet.

Mettlerweil zéihen schon nees deck Wiederwolliken op! Schleefe mir déi no, oder fläissen se sech datt se eis schon deeglaang kennen virdrun sprangen???

De Claude brauch eng kleng Paus, a mir man e klengen Halt bäi engem "Historical Site". Eischten Ubleck sen engt Drecksdeppen waat well 3x iwergelaaf as, en aale Campingsstull, 2 futtis Bürosstill .... an nach gaaanz vill Dreck!? Ah, di aner Säit vum Parking (hei muss et vir kuurzem zolitt gereent hun, den sandige Buedem as plaatzeweis Bulli) as tatsächlich eng kleng Plaatz mat Saachen vun enger aaler Ranch. Deelweis flott Saachen, wie de Bou vun der Entree vun der Ranch, säin Emblem asw, mee haaptsächlich Doudegriewergeschier, futtis Lueden mat Skelettstecker dran, Griewer, een Outlaw John deen als Skelett nach do steet ... flott gemaach u sech, mee och schon um Verfaalen. D'Gatter ronderem as deelweis ganz futti, datt jiddereen dobannen kann ronderem treppelen. D' Ranch u sech, wou wahrscheinlich méi ze kucken wir, as 2,5 Meilen hannendrun, mee de Wee dohin as verspaart durch e Wash, wou d'Waasser deels schon nees oofgelaaf as, mee durch de Reen leeft hannendrun e klengen Floss iwert d'Strooss.

Et fänkt u mat dreppsen, an mir kommen an de Reen. Sou a lo as Paus hei mat tippen, well mir sen nach net mie wäit.

Mir kommen lo an den Dall vum Capitol Reef State Park. Hei as alles greng. Bekannt säit Urzäiten fir säin fruchtbart Land, waren hei schon all méiglech Völker a Stämm ugesiedelt. Et get nach emmer Uebstbongerten, an engem läit souguer een Camping, wen op deem läit kann d'Uebst vun de Beem plecken. Et as richtig en Wow-Gefill, nees richtig Beem ze gesinn.

Mir haalen op pur Plaatzen, wou vu fréiher nach eng aal Schoul do steet, een Uebstbonger mat deels Beem di iwert honnert Joer aal sen, enger Fielswand wou vun den Indianer nach Zeechnungen ze gesinn sen ....

Mir fuhren och bis bäi de Visitors Center kucken, an do faalen di éischt Dreppsen, iwert dem Bierg as et pechschwaarz, an di schéinste Bletzer weisen sech schon. Ennerwee fir op Torrey, wou eise Campground läit, fänkt et un mat richntig reenen. A souguer hei lanstfest Stroossen kann een sech e Bild man wie daat as, wann sou aus dem Neischt op emol Baachen geschoss kommen, wou virdrun alles dreschen war. Datt di "Washen" kennen ganz geféierlech gin, gleewt een direkt.

Am Ausgang vun der Uertschaft läit eisen Campground, den "Thousand Lakes". Mir man schon de Geck, daat werten di x Piddel sen déi schon iwerall stin. Et hält net op mat schedden, a bletzen an donneren. Mengt een d'Welt ging enner. Nodems den Camper geparkt as, mir hun de Site 13, daat as deen Baussischten, mat voller Vue op d'Wisen an Bierger, berouigt sech de Reen. De Claude an d'Jongen gin an d'Piscine. Sie spillen mam American Football an ameséieren sech köstlich.

Durno treppelen mir zwee mol bis roof bäi d'Receptioun, do as och e Shop, an et schengt eppes wie en Familljenbetrieb ze sen. Sie hun zwar och en klengen Deel Epicierie wie op aneren Campinger, mee een immens schéine Buttik mat denen üblichen Mitbringsel, mee och Saachen aus der Géigend, wie Taasen di vun engem vun hei gemaach gin, selwergemaachtent Gebees, selwergebaakend Brout (megalecker, sou een gutt kritt een bäim J&JM net), fir moies kann een fresch Muffins bestellen, di sie selwer baaken ......! An Owes man sie en Western-Dinner, do kann een sech umelden, do get et dann Rib-Eye Steak, Spare Ribs, Poulet ..... mat Western-Bounen, Gromperen, Scones an Hunnigbotter (fir eise Gout bessen séiss bäi deem gehärzten Menu, mee trotzdem lecker, bessen wie Nonnefäscht) . Mir hun eis fir gester Owend direkt ugemeld, well mam selwer-Grillen bäi deem Wieder gouf et neischt. Em 7 Auer war Treffpunkt, et get sou eng Art Chalet an der Mett vum Camping, am Stil vun enger Westernscheier. Do stin Descher a Bänken, amerikanisch gedeckt mat roud-wäiss karéiertem Deschelduch, sou eng typisch Kest drop mat Servéiten, Zoossen stin um Desch, am Eck op engem Desch as d'Gedrenks a Kanisteren fir Self-Sevice, awer just Waasser, freschen Ice-Tea an richtigen Lemonade (miam). Béier get et och, awer fir 3 Euro d'Bechs. (voll get een also net). An engem Eck as sou eng kleng Kichen, do steet een vun hinnen ze grillen, d'Fra mecht den Service, Zalot kann een sech huelen a gogo. D'Steaken sen gutt, mee d'Spare-Ribs sen den Hummer. Do haat de Yann fir emol mol net genuch!!! An ech sen jo lo net sou den Schankeleck-Fan, mee ech muss soen, herrlich. Do war souguer drop nach sou d'Krust wie bäim Fierkel um Spiess. Do hu mir du och de Christian a seng Fra kennegeléiert, déi och am Womo-Welt- Forum aktiv sen, a lo zoufällig hei eis Noper sen. (anscheinend hun sie och probéiert an eisem Blog ze liesen, wosst jo guer net datt daat nach Leit ausser der Famill interesséiert ;-) ) Jiddefalls war et trotz dem Wieder nach e flotten Owend, a mir hun eis einfach fréih an d'Bett zreckgezunn, well et war en laangen Daach.





Add comment (0)
Canyons

Méindeg, 22 August Kingman – Grand Canyon South Rim

Mir hu relativ gutt a laang geschloof, a vun den groussen, propperen Duschen profitéiert, wou een méi Bewegungsfräiheet huet fir de Kapp ze wäschen.

Den Desch reckelen mir fir de Kaffi an de Schied, well et lo schon 28 grad am Schied sinnan bal net mie auszehaalen as an der Sonn. De frendlichen Monnes an der Receptioun haat eis eng Plaatz mat bessen Schied ugebueden, anstatt eiser Reservéierter. Gottseidank, well teschend Oleanderhecken an klenge Beem as et besser auszehaalen, an de Botter leeft eis hei net fort! ;-)

Nom Kaffi nees di üblich Aktiounen, Waasser lass, Dumping lass, Elektrisch lass, Slide-Out in …. an lass geet et a Richtung Grand Canyon.

Als éischt kommen mir op der Route 66 op Hackberry. Dest „“Kaff“ besteet ze soen just aus dem Store an ganz vill aalem Krom, aalen rastigen Autoen, aalen Zapfsailen, herrlich!Fillt een sech richtig an der Zäit zreckversaat, an bäi dem aalen rastigen Liwerwon mengt een all Moment misst den Mr Walton em den Eck kommen! Fréen mech schon op d'Fotoen. Bannen am Store as et net vill besser! Een Deel as gemaach wie en Café aus „Grease“ kennt sen. Comptoir mam Elvis donirwt, vill Pink, Chrom asw. Um Plafang an dem klengen Shop sen Autosplacken aus alle méiglechen Länner ugemaach. Souguer 2 letzebuergischer hu mir fond. Hei kritt een dann och all méiglechen an onméiglechen Nippes mam Logo vun der Route 66 ze kaafen, an eis Jongen leesten sech Aueren fir un d'Mauer, di an Neonfarwen liichten. Daat hei war absolutt den Stop wert (a virun allem emol d'Kéier maachen, well eisen Ech-hu-Fräiheet-an-Abenteuerloft-geschnuppert-Driver schon lanst gebraust war mat eisem Harley-Scheff)

Nächst Uertschaft as Peach Springs, waat een mat Radiator Springs aus „Cars“ a Verbindung bruecht huet, mee hei as manner wie guer neischt. Kent een effektiv vun Grond op nei opbauen!

Weider durch Seligman, och eng spezielle Uertschaft, huet nach bessen den Touch vun enger Westernstaad, geröscht mat vill Kitsch!

An lo kent laang neischt, endlos Prärien em den Highwayan bis an d'Géigend vum Grand Canyon.

Mir fuhren an de Park ran, weisen eisen National-Park-Ausweis den mir am Joshua Tree kaaft haaten, domat as den Entree fir sämtlih NP's fir en Joer laang bezuelt. Als éischt um Wee fir op de Campground kommen mir lanst d'Basen vun den Fluggesellschaften, déi mat klengen Fliegeren oder Helicopteren iwert den Canyon fléihen.

Mir haalen einfach mol stall a kucken op een muss reservéieren (evtl fir mär) oder wéi daat oofleeft. Un der éischter Adress fléihen nemmen kleng Fliegeren, mir liebäugelen awer, wa schon, mat engem Helicopter. Mir gin en Hangar mi wäit, a stellen eis un. E frendlichen Schaaf vun Mann wenkt eis, mir wieren un der Rei. Hen kuckt op sengem Ecran, an fir d'éischt seet en 10 vir 4 kenten mir mat fléihen (et as lo ¼ vir 3). WOW! Mir sen iwerrascht, a gingen gär warden! Mee et kent nach besser, hen seet op emol, wann et eis ging goen, hett hen nach een Fluch fräi lo direkt em 3. Also séier bezuelt, mir mussen op d'Wo, ….(!) , hen rifft Dan, kuckt mech, ech stin schon op deem Tapis virun der Théik, „no Dan!“ Jojo ….. „I said Dan“! Ma hei sen ech dach! Hen huet d'Welt net mie verstaan! Ech soot, that's me! Danielle! (mee op menger Kreditkaart steet Bertemes-Kraemer Dan) „Oooooh Danielle! That's nice. I'm soooo sorry. Sorry Dan! Enjoy! Have fun!“ An zu mengen Männer soot en: „be kind to Dan! She paid.“ Hehe …. Du nach séier en en klengen Briefing-Filmchen iwert Flugsecherheet, a waat een wéi misst man, emol op d'Toilette, a schon get eisen Numm opgeruff. Mir hun wiirklich mega Chance. Kreien en Helicopter fir eis leng! Virdrun musse mir eis nach virun den Helicopter opstellen fir eng Foto. Alles geet mat Handzeechen well verstoen ging een hei guer neischt mie. Den Eric setzt nirwt dem Claude, an den Tom an ech fléihen hannerzech. Mir gin ugeschnallt a kreien Kopfhörer op d'Oueren. Diren zou, mee de Yann steet nach baussen! Do haat den Här jo net d'Chance nirwt der Pilotin (oh jess, eng jonk, ganz sympathisch Pilotin) ze setzen, mat riesen Fenster virun sech, an en Deel Glas souguer ennert de Féiss. Et war absolutt genial. Mir waren all faszinéiert. Am Ufank vum Helicopter u sech, de Start an di éischt Kilometeren sen ganz speziell, an du vun der Landschaft. Fir d'éicht fléihen mir iwert Besch, an dann gesäit een schon vu wäitem den Riesenaschnett vum Canyon an der Landschaft. Ennermolt get daat Ganzt vu Musik am Kopfhörer a just dee Moment wou den Helicopter iwert den Oofgrond flitt, kent d'Theme aus „Odyssee de l'Espace“. Méi ergräifend geet et wiirklich net! Dee Kado fir dem Claude seng 50, dee werten mir wuel nie vergeessen! An datt hen eis och nach matgeholl huet, top! :-) Di hallef Stonn teschend Urzäiten an haut war vill ze schnell em. Et koum een tatsächlich zreck aus enger anerer Welt.

D'Landung as ganz angenehm, heinsdo schaukelt et bessen, as wiirklich anischt wie am Flieger. D'Pilotin kritt nach en klengt Drenkgeld, a wénkt eis nach wéivill mol no! (schengt dann net dachs de Fall ze sen datt sie eppes kreien!) ;-)

Mir mussen do durch wou een d'Foto vu virdrun ze kaafen kritt, an ausnahmsweis huelen mir déi och, zesumme mat engem Video mat engem Reportage iwert d'Flich durch de Grand Canyon. De Mann aus dem Check-in leeft eis och nach emol iwert de Wee, a rifft mir no "He Dan! Take care of you and your men!" Wie léif, hen wees mäin Numm nach emmer, hihi.

Mir wandelen zreck bäi de Camper, nach total an enger anerer Welt a Gedanken, a fuhren op eisen Campground. Mir beschléissen, vu datt all eist Fleesch nach agefruer war, den Owend emol eessen ze goen. Mir landen bäi engem Mexikaner hei an der Géigend an eessen emol anischt, mee ganz lecker. Et as nach relativ fréih wi mir zreck um Camping waren, an mir genéissen nach pur Stonnen bäim Lagerfeier a mam Kindle.

Densdeg, 23 August Grand Canyon South Rim

De Moien schloofe mir bessen mie laang, an drenken gutt Kaffi mat E'er an Bacon. Durno man mir eis CamelBak'en an Fotoapparater prett, an treppelen iwert den Campground bis bäi de Market Plaza, wou pur Geschäfter, eng Post asw sen, a wellen Veloen lounen fir iwert den Rim vun Aussichtspunkt zu Aussichtspunkt ze fuhren. Et fiert zwar och e Shuttlebus, mee mir fannen daat hei mie interessant. Mir mussen den Bus huelen zwar lo en Steckelchen fir bäi de Visitors Center, well op der Marketplace get et keng Veloen. An lo schon an der Hötzt ze treppelen seet eis neischt.

Mat de Veloen klappt tiptop, en jonke Mensch deen zu Maastricht studéiert huet, an emol a Letzebuerg war, huet eis servéiert. Mir buchen de Velo bis halwer 4, sou hu mir deck 4 Stonnen fir bis un den lesten vun den Aussichtspunkten ze fuhren, wou hen eis dann mat engem Shuttle sichen kiem. Et as en flotten Tour, gréisstendeels Velospist lanst d'Strooss, wou awer och nemmen vereenzelt Autoen fuhren, haaptsächlich just all hallef Stonn mol en Shuttlebus.

D'Vuen op denen eenzelen Punkten sen immens, et mengt een zwar et wir emmer d'selwicht, mee emmer rem gesäit een daat Ganzt anischt, mol mam Colorado River ganz ennen, mol den Trail, wou een bis ganz ennen hin ka goen. Mee daat as eppes fir extrem Sportler, et geet Stonnen biergoof, mat pur klengen Hütten ennerwee, wou een awer just Waasser ka nofellen. Fir di aner Säit rop brauch een dann baal duebel sou laang, mee u sech därf een daat ouni Ausnahmegenehmigung net an engem Daach man. Ennen am Dall as eng Oas, wou een kann iwernuechten. Oofgesinn dovun datt et immens wäit as, muss een och bedenken, datt et fir roof alt mie waarm get, an ennen am Dall em di 50 Grad C sen! Also wen et muss hun .....!! Mee et gesäit een der tatsächlich di do ennerwee sen.

Hannert eis geet den Himmel zu, vu wäitem gesäit een Bletzer, a mir kucken fir virum Donnerwieder bäim Hermit's Rest ze sen. Daat as sou eng Hütt vun engem Eremit, di genial an de Fiels gebaut as. Deen haat wiirklich total den Iwerbleck iwert de Grand Canyon, och wann et zimmlich einsam do dierft gewiest sen.Géint 3 Auer sen mir do, eng hallef Stonn virun der Zäit, mee just ir et ufänkt mat dreppsen. Daat as di eenzich Plaatz ennerwee wou een Ravitaillement kritt, sprich iwerhaapt Waasser. Waasser kann een sou zaapen, direkt aus enger Quell aus dem Canyon. Daat schmaacht och immens gutt, daat waat soss aus denen Drenkburen kent, schmaacht vill no Chlor. Mee eis CamelBak'en sen ze soen all eidel, mir kruten bäim Depart un d'Härz geluecht vill ze drenken ennerwee. U sech war de Wee lo net sou ustrengend, mee well et zimmlich warm war an dat ganzt op 2300 meter ass , hu mir eis net missten ustrengen fir ze drenken. Mir gennen eis awer och eng gutt kaal Cola an dem klengen Shop.

Pünktlich as eisen Chauffeur op der Plaatz, a féiert eis bäi de Market Plaza, wou mir nach pur Saachen akaafen fir di nächst Deeg, well do sen mir voll an der Natur am Indianerreservat, wou net vill ze kreien as. De Claude firt bis bäi de Visitors Center mat zreck, well een d'Carte d'Identite huet missten do lossen bis een d 'Veloen oofgin huet. Mir treffen eis am Geschäft, an treppelen zeck op de Camping.

Et as richt 5 Auer, mir setzen eis bessen gemittlich op eis Plaatz bäim Camper, an da mecht den Tom de Grill un. Et get zur Oofwiesselung mol emol en Steak ;-) Vill méi Auswiehl wie teschend 10erlee Steaken huet een an de Fleeschthéiken selen. Daat mecht awer neischt, nach schmaacht et.

A lo setzen hei nirwt mir 3 Kartemudderen a spillen Monte Carlo, mat Stireluuchten op dem Kapp. Den Eric setzt mam Kindle bäim Feier, an ech sen lo bäi hei mat tippen, an liesen och mäin Krimi virun.

Mettwoch, 24 August Grand Canyon - Canyon de Chelly

De Moien gouf et Fréihbiren, em halwer siewen war de Claude op, a mir quasi direkt durno. Den Eric huet jidderengem en Sandwich op Bestellung gemaach, an all di aner hun geraumt. Muss jo emmer alles ennerdaach a fest an zou sen, ir mir kennen fuhren. D'Campingstill an de Grill stungen nach dobaussen, an hei bannen as och emmer munches ze man. D'Iwerbett get hallef no vir geklappt, dann kritt een Acces an d'Fuerkabin. D'Couche, daat zweet Bett muss oofgezunn a rageklappt gin, den Desch geraumt gin well soss alles hin an hir ging rutschen...... Da setzen mir eis mat eisem Sandwich raus op d'Bänk, eessen nach gemittlich, an fir 8 Auer sen mir ennerwee. Et versprecht rem waarm ze gin.

Mir fuhren nach een gutt Steck lanst den Grand Canyon, an op engem View Point haale mir stall, werfen d'Generatrice an d'Kaffismaschinn un, an setzen eis mat engem Käffchen un de Bord vum Canyon. Deen schmaacht duebel gutt. Mir gesinn d'Helicopteren vu wäit, mat wuel engem dovun ware mir och ennerwee, an deen Beschbrand, den war gester schon ze gesinn, an och hett klemmt nach emmer schwarzen Damp an den Himmel.

Da geet et e Steck weider durch d'Indianergebitt a lanst d'Strooss fend een emmer méi Stänn wou Indianerfraen (di awer just nach durch Haut- an Hoerfaarw als Indianerin ze erkennen sen) Schmuck an Handarbichten verkaafen. Kommen bäi enger Fra och net lanst pur Mitbringsel, vue datt mir souwiesou en Tankstop man. D'wees een zwar datt dest zu hirem Akommes gehéiert, falls se iwerhaapt nach een anert hun, an awer genéiert een sech bessen als "räichen" Tourist hei ze stoen. Net ze gleewen a wie enger Armut an an wie engen armséilichen Siedlung d'Urawunner vun Amerika musse liewen. Sie wunnen an onfruchtbaren Géigenden, wäit oof vun allem, an aalen Holzbaracken oder aalen Camperen oder Traileren déi irgendwie agebaut an emgebaut an ugebaut sen. Vu Romantik keng Spuer méi!

Nächste Stop as op engem furzdreschenen Acker, wou een just festgefuerene Wee bäi eng Farm hannen geet. Mir parken awer léiwer hei, well et no Reen oder Donnerwieder ausgesäit, a mir net wellen mam Camper am Bulli steeche bleiwen. Et as en Treppelwee vun 1 km, lenks läit d'Farm mat engem richtig schéinen neigebauten Haus, a lenks as e Wandrad, an e groussen Trapp Kéi. Daat as eis Richtung, lanst d Wandrad, op eng fräi Plaatz mat souguer Descher a Bänken aus Beton, an do hannendrun geet de Buedem op an e riesigen Krater. Daat as Coalmine, eng fréiher Kuelegrouf, déi awer lo e schéinen Ubleck bidd mat hire villen, verschiddenen farwigen Stengschichten.

An et as waarm, gaaanz waarm! An néierens eng Gretz Schied. Opschon et net wäit as, sen mir frou wie mir nees am Auto setzen.

Lenks a rechts endlos Präirie. De Yann liest Winnetou, a kann sech d'Landschaft direkt an natura dobäi ukucken.

Et as Wahnsinn wie d'Landschaft ännert. Vum Grand Canyon iwert endlos Prairien, komme mir lo a Géigenden wou et een de Monument Valley schon erahnen lisst.

Mir fuhren an den Canyon de Chelly. Hei as d'Gebitt vun den Hopi-Indianer. Fir d'ischt fuhre mir op den Campground, een deen gratis as, an daat hei am Indianergebitt, an an der Entree as souguer Wireless. D'Plaatz kann een sech einfach raussichen. Mir huelen eng ennert den Beem am Schied, opschon den Himmel mol an der enger, mol an der anerer Richtung schwaarz get. Et gesäit een och nach emmer Bletzer, mee et schengt enorm wäit wech ze sen, well et héiert een kaum en Donner. Mir leen eist Deschelduch op den Desch fir ze weisen datt d'Plaatz besaat as, an man eis op den Tour fir di 7 View Points vum Canyon unzesteieren. Op all Parking setzen Indianer, fir gemolten Steng ze verkaafen, as zwar u sech immens schéin, mee sie wirken relativ onsympathisch. An och liicht genervt. Bäi denen Stänn vun den Navajo de Moien konnt een einfach lanst goen a kucken, a sie hun just frendlich Hello gesoot. Di hei schwätzen een un a lossen een net gär lanst. Daat kekst. Anscheinend sen daat hei Hopi-Indianer, mee ech sen net secher. Sie liewen awer bessen mie flott hei. Uewen um Plateau stin hir Haiser, mee hinnen gehéiert de ganzen Dall, a sie fuhren och mat Jeepen do roof. Daat kann een och buchen. Alleng därf een awer net dohin. Ennen am Dall as et deelweis schéin greng, et gesäit een eng Art Gaart, och daat eent oder anert Haischen, a Véih leeft do. Den eigentlichen Punkt deen een awer unbedingt muss gesinn, as de Spider Rock. Daat sen zwee schmuel, enorm héich Fielsen, déi leng do am Dall stinn. Engersäits haate mir Chance mam Wieder, mir sen dreschen dodurch komm, an den Himmel war wonnerschéin, iwert dem Spider Rock war en Reebou. Anersäits kommen d'Leit wéint dem Sonnenennergang heihinner, daat soll immens flott sen, wann d'Sonn di ennergeet, vun uewen roof an den Dall op de Spider Rock fällt. Mir warden iwert eng hallef Stonn, mee leider geet den Himmel just do net mie richtig op. Trotzdem get et en super Liicht, an hoffentlich och sou Fotoen. Och war et genial do well d´Leit die hei op den Sonnenennergang gewaart hun just gepespert hun, et war mucksmäuschenstill an eis Kanner hun gesot héi ass et wéi an enger Kiirch.

Mir stelle fest datt d'Indianer hir eegen Zäitrechnung hun, an hei d'Aueren eng Stonn virgin. Dofir as et spéit ir mir nees um Camping zreck sen, et sen awer gutt zweemol 15 Meilen ze fuhren, an em 8 Auer fänke mir mol un Spaghetti Carbonara ze kachen. Dann treppelt mol kuurz en Coyote oder sou eppes hei lanst. Am Fong wollte mir Spare Ribs grillen. Et as mettlerweil zappenduuster dobaussen, an zimmlich stiirmig. Also och nach bannen eessen. Ronderem as alles rouig an daischter, di pur Noper di hei sen, werten schon schloofen.

Donnischdig, 25 August Canyon de Chelly – Monument Valley

Rem fréih op de Moien, an den Eric mecht nees Sandwichen. De Schakal entpoppt sech als Hond. ;-) An et kent tatsächlich nach een „Eingeborener“ mat gemolten Steng fir ze verkaafen bäi de Camper. Mir komme fréih fort, an och gutt virun. Zu Kayenta gin mir tanken. Hei op deser Kräizung huele mir virun zwee Joer Stonnen am Stau.

Iwerall hun Indianer Verkaafsstänn. Et kent een sech drunhaalen mat kucken a kaafen.

Mee eist Ziel as sou séiher fir méiglech um Monument Valley Mitten View Campground ze sen. Campground as am Fong iwerdriwwen, et geet iwert en holperigen Wee op eng grouss fräi Plaatz. Hei wollte mir schon virun 2 Joer iwernuechten, mee deemols war et einfach ze waarm. Et get keng Gretz Schied, mee et huet een voll Vue op di 3 Haaptbutten vum Monument Valley. A falls een fréih genuch un as, an an der éischter Rei steet, kann een de Wecker stellen, an den Sonnenopgaang direkt virun der Nues erliewen. Mir waren di éischt, a konnten eis d'Plaatz raussichen. D'éischt huele mir queesch, mee mir hun daat bessen affrontéiert fond, an eis de laange Wee geparkt. Mir man all Schotten dicht, an gin daat Steck rop zu Fouss op de Parking virun dem Hotel, wou d'Navajo, déi de gréissten Indianerstamm an der Géigend sen, mat Jeepen warden fir Touren unzebidden. Daat steet och op eiser Lest, an mir gin eis informéieren. Virun zwee Joer war hei en Tohuwabohu vun Indianer mat Jeepen, wou se engem nogelaaf sen fir datt een soll mat hinnen fuhren. Lo as en Haischen do, wou een Touren ka buchen, an dann kommen sie een nom aneren mat hiren Jeepen no vir gefuer. Mir froen fir eis 5, an zu wéivill een ging fuhren. E frendlicht Meedchen soot eis, Privat-Tours wiren 20 Dollar op de Kapp mie deier. Ma dann huelen mir deen daach glaat, fir allem Palaver an Besserwisserei vun aneren Natiounen aus dem Wee ze goen. No 15 Minutten , déi mir notzen fir di obligatorisch Foto um decken Steen virun den 3 Buttens ze man, geet et lass. Een Navajo begleet eis bäi den openen Jeep mat Schieddaach. An ab geht’s mit der Lutzie, an daat sou wie een et mengt! Iwer Knuppen, duerch Lächer, durch de Sand, iwer Steng …... an daat rasant. No pur Minutten as en éischten Stop, de Mann klemmt raus, stellt sech nirwt eis, a seet, „Hiiiiiii – my name is Larry, I'm your guide for today! „ Ah jah, also am fong misst daat net sen, mir hette genuch domat wann een eis ging an d'Hannerland féieren! Daat därf een nämlich net leng, mat Privatautoen kann een en klengen Tour man. Mee daat wir mam Camper net dran. Hei ging een secher hänken oder steechen bleiwen. Daat as schon Offroad vum Feinsten! Mee de Larry entpuppt sech als een immens feinen Guide, deen kleng Geschichten zielt ouni ze langweilen, Froen beäntwert, an absolutt net opdringlich as. Schengt och eng Eegenschaft vun de Navajo ze sen, net wie gester di onfrendlich a lästig Hopi. Mir man all kiers e Stop, wann eppes Extraes ze gesinn an ze zielen as, mee hen hält net bäi all Verkaafsstand ennerwee. Hen zielt eis och mie perséinlech Saachen, a vun de Problemer vun den Indianer, since Obama!!!

Mir kreien gezielt vun Filmer, a wou op wie enge Plaatzen waat gedréihnt gouf. Dat gung vun John Wayne iwer Will Smith an Indiana Jones. Op enger Plaatz, der Lieblingsplaatz vum John Ford, konnt een sech op e Pärd setzen, krut e Lasso an en Hutt, an haat am Hannergrond di genial Kuliss wie an de Filmer, da konnt een Fotoen man.

Am Hannerland sen fantastisch Arches ze gesinn, di och nach super Nimm hun, wie Sun Eye. Do seet hen mir kenten eng kleng Düne ropklammen bis bäi den Bou, an dann durchkucken. Mir maachen daat, opschon do eng Rei Leit stinn, mat Fotoapparater a Stativen. De Sand as gliddich, an ech verbrennen mir baal Zéiwen an de Schong. Mee et as dowert, wonnerschéin hei an dem klengen Dall, wou de Sand vun der „Dün“ virdrun vun der Loft durchgeblosen get. Op emol tuut et wie geckig, an mir hu gemengt eise Guide wir enner Zäitdrock, mir hätten eis ze laang opgehaal. Mir gin also zreck an den Guide steet do ze grinsen, mir sen voll durch en Werbespot getreppelt. Hen soot mat bessi Chance wiere mir demnächst bäi YouTube ze gesinn!!! Haha …! Mir hun héieren datt eng Herd Schoof ennerwee war, déi mir och virdrun schon gesinn haaten mat enger Indianerin um Pärd dobäi an der Präirie. Ehem, daat waren d Haaptattraktioun vum Spot, sie as mat hiren Déieren d'Dün rop gaang, bis se all hannendrun nees verschwonnen waren, an du no an no nees opgetaucht sen. War flott nozekucken, wou och nach souvill Fotografen do an der Rei stungen ze knippsen. Durno gung et fir eis weider.

Nächsten Arch war den …...... - eppes wie eng Riesenhöhl, mat engem Lach uewen wie rausgeschnidden. Vu bannen as et d'Aen vun engem Adler mat ronderem donkelen Sträifen wou d'Waasser roof leeft wann et reent, daat gesäit aus wie seng Flilliken. De Schall as wie an enger Kathedral. Den Larry seet mir sollen eis an d'Mauer no hannen leen, an hen fänkt un ze zielen. Et as immens dem Mann nozelauschteren. Mir sen ganz leng mat him do, an du soot hen, dat ganz vill Stämm just pur Lidder hetten, eent fir biergop, eent fir biergoof, eent fir riichtaus …!! Mee seng Leit hette Lidder fir d'Rees, fir d'Gesondheet, fir Meditatioun … Wa mir welten ging hen eis engt fir d'Rees sangen. Mir kenten et och ophuelen. An du mecht hen d'Aen zou, an fänkt un. Eis gung d'Hengerhaut aus, mir haaten d'Tréinen an den Aen, de Yann huet dem Claude seng Hand geholl! Et war immens. Sou ergräifend, schon rem, ech wees, war bäim Helicopterfluch schons, mee daat hei war nach anischt. Mir luchen ronderem deen Mann, an waren mucksmäuschenstill. Wie en färdeg war, soot daat wir fir eis an eis Heemrees, a wa mir nees gesond doheem ukomm wieren, solle mir do en Bonjour oofliwweren vun den Navajo. Indianer hu mech jo schon irgendwie emmer faszinéiert, mee vu lo un hun se e mega Steen am Bried. Ech ging am léifsten hiren ganze Stock opkaafen fir sie ze ennerstetzen. Wie mir aus der halwer Höhl rausgin, soot en mir sollen eis emdréihen, vun hei aus wir d'Oeffnung d'Aen vun engem Indianer, an d'Strukturen vun de Steng d'Nues an d'Konturen vum Gesiicht.

En aneren Jeep hält nirwt eis, an deen Guide huet gefroot op et eis ging gefaalen. Mir sooten jo, an du soot den, mir hette jo och mat deen besten Guide deen een kent kreien. :-) Also daat haate mir och schon gemierkt ;-)

Alt weider, nach se mir net um Enn. Op der nächster Plaatz wou en Stop as, erklärt hen eis d'Planzen di do stin, a waat een domat kent man. Eng Yuccaplanz ze fannen, do kent een iwerliewen. Hen huet eng oofgerappt, a di eng Säit d'Spetzt gewiesen a wie een kent mat engem Steck Holz och domat en Bou bastelen. Ausserdem kent een se deelen, uneneenstreeken, an Seeler domat man, wou een souguer an de Fielsen kent klammen. Da gouf et eng Art Lavendel, déi super richt, an hen soot ech soll mir se an e Buch leen, daat ging an engem Joer nach richen. Eng aner Planz wir wann een sech verbrannt hett. Du huet en gezielt hen wir selwer Medezinmann, a ging hei an d Klinik hellefen wann en gefroot géif. Sie gingen mat hirer indianischer Medezin souguer hellefen Diabetis oder Kriebs ze heelen. Et war richtig interessant.

Durno gung et awer du rasant a Richtung zreck, well ech mengen hen war mat eis mie laang ennerwee wi di geplangten 2 an eng hallef Stonn. Jiddefalls war et no 4 Auer wie mir zreck waren.

Mir sen dur rop getreppelt an d'Lodge, wou mir eng gutt kaal Cola gedronk hun op der Terrass, rem mat der perfekter Vue. Den Himmel fänkt awer un sech zouzezéihen. Daat get awer fantatstisch Fotoen mat denen verschiddenen Wolliken. Mir gin zreck bäi de Camper, a setzen eis an eis ischt Rei.

De Claude an den Tom wellen nach e klengen Trail vun 5km man. Den geet direkt hei nirwt eisem Camper fort. Mir kreien nach eppes fir d'Laachmuskelen gebueden. Et kent een Camper, stoppt nirwt eis, kuckt sech d'Plaatz un a welt usetzen fir ze parken, do geet et eng kier Miep-Miep, an een aner Camper rennt him ratsch virdrun! Den 1. Mann huet gegrinst, de Kapp gereselt, mecht de Reckgank an, a fiert bessen mie wäit. Den zweeten sprengt aus dem Camper, rennt no vir, do geet et sou eng Ramp roof, op eng zweet kleng Plattform, waat fir Jeepen a Leit mat Zelter geduecht as. „ du willscht doch net im Ernscht da runner fahr'n, da mach isch net mitt..!“ Hen motzt, daat wier awer di beste Plaatz, do hett een de perfekte Bleck, mee well sie sech net get, sprengt en an de Camper, setzt un fir zreck bis baal an eisen Desch, a platzéiert sech queesch do an de Wee! Kennt d'Fra rem raus „willscht du so hier stehen bleiwen, du kannst disch doch net einfach quer hier hin stelln, alle anderen steh'n so, nur du muscht widder …...! Den Mann (iwerigens schon total am Designer-Outfit fir op d'manst en Iron-Man matzelaafen) klemmt nees total genervt an den Camper, fiert hannerzech a steet am Endeffekt di aner Säit vun eis, natirlich queesch!! Mir hun sou gelaacht. Do war du den decksten Krich, sie haaten sech ferm an den Hoer. Sie ging emmer nemmen meckeren, hen hett es lo genuch, da soll sie fuhren ….! Datt hen deen Affrontéierten war, huet en net gemierkt.

Kuurz durno kent een Mann vun hannen mam Fotoapparat, seet frendlich „Hi! How are you? We actually planned to be your neighbours …. ;-) war daat deen aus dem ischten Camper, en Hollänner.

Den Eric geet duschen an de Yann an ech setzen virum Camper am Schied . Mee net allzelaang, den Himmel geet zou, an et fänkt un mat reenen. An net nemmen bessen. Et schedd wie mat Eemeren. Hannert eis schengt d'Sonn, a mir hun e super Reebou just virun eis. Mir hun eis just bessen Gedanken em eis zwee Walkeren gemaach, sie haaten zwar CamelBaken mat Waasser, mee soss net ganz vill dobäi. An du fänkt et och nach un mat bletzen an donneren. No an no koumen eenzel gezappten Henger hei rop gehéisst, well mir och direkt do huelen wou deen klengen Trail ugeet, an op emol och eis zwee. Sie waren naass bis op d'Schanken, mee leider haaten Fotoapparat an Handy och bessen mat kritt. De Fotoapparat gung direkt nees, mee den Handy huet bessen gebraucht, deen haat de Claude schon opgin. Sie hun d'Tenue gewiesselt an mettlerweil haat de Reen och opgehaal, a mir hun eis nees dobaussen platzéiert. Am Endeffekt konnte mir souguer de Grill opriichten, heibaussen eessen, a suutzen nach bis lo, 11 Auer, also Hallefnuecht Indianerzäit heibaussen an Short an T-Shirt.

Great Day!

Eis däitsch Noper waren vum Reen un am Camper verschwonnen, haaten d'Ridoen fest zou an de ganzen Owend d'Generatrice laafen. Wie se em 10 Auer ausgeschalt hun, koum as diversen Ecken Applaus. Mee gutt datt sie eng Plaatz fir 3 hei an der ischter Rei haaten, haha!

Add comment (1)
Kommenteiren

Vir eppes ze kommenteieren muss dir just ennert dem Artikel ob "add comment" drecken, do komm dir dann nach engkeier ob eng nei Seit wou just deen Artikel ugewissen get. Dann muss dir rofscrollen an ennen misst dann eng Kescht sinn (kann och puer sekonnen daueren bis dei do ass) wou dir ären Text kennt schreiwen an ennen drenner ären Numm an E-mail, dann nach just "Submit Comment" drecken an schonns ass en online :)

Add comment (1)
Fototen N3

Add comment (0)
Hot, Hotter, Mojave !

 


Mettwoch, 17. August – Capitola – Riverside CG

Em halwer 7 schellt de Wecker, mir hun e schéine Programm virun eis! Mir fuhren en Steck den wonnerschéinen a ganz bekannten Highway Number 1 roof. Em halwer 7 as de Claude schon op fir an d'Dusch. Mir hu beschloss mie dachs op Campingen ze duschen fir eise Waasserverbrauch anzeschränken, an manner mussen ze dumpen.

Eischten Kaffi! Zwar as et nach net souuuu waarm, an d'Sonn kritt sech nach net richtig durchgesaat, mee mir decken awer dobaussen. D'Stemmung as gutt, mir laachen schon vill de Moien, hoffentlich hält daat un! ;-)

Nom Raumen a Spullen man mir eis kuurz no 9 op de Wee fir op Monterey. Lo, em 9:45 se mir just op de berühmten Highway Nr 1 ropgefuer. Op dem bewegen mir eis lo di nächst Deeg Richtung Süden.

Et geet un mat riesigen Aerdbiers- an Artichockenfelder, wou d'Leit a Reihen do setzen ze plecken. Op Unhängeren donirwt stin Dixi-Kloen an Stapel Still, secher fir d'Pausen. Kurz hannendrun gesäit een di éischt Dünen, a kritt och helindso e kuurze Bleck op de Pazifik.

Eischten Stop as zu Monterey am Apple Store!!! Ech wollt mir virun enger Zäitchen en i-Pad kaafen, hu mech awer du fir en Kindle entscheed, mee lo hu meng Männer gemengt et wir awer net schlecht, well mäin Laptop Mucken mecht, an en hei jo mi bellig as ....... ! ;-) Hei zu Monterey as anscheinend den schéinsten Aquarium vun der Welt. Den Claude, Tom a Yann haate schon via Internet Entreesbilljeen kaaft, an den Eric an ech wollten déi Zäit besseneppes vu Monterey kucken. Direkt bäim Parking as e Pier fir Fescher, an gin den bis un d'Enn. Do leien honnerten vun Seehenn, doteschend setzen Möwen, Pelikanen an ... muss ech op de Fotoen nokucken! Eng Möw setzt op enger Luucht iwert eis, mee daat gesinn mir richt wie mir knapps lanstwaren, an een gemengt huet et giw en Eemer hannert eis ausgetippt gin. Zzzzztz flatsch! ;-) Mir schlenderen weider Richtung Fishermen's Wharf, an der Meenung daat wir och den Zentrum vun Monterey. Et as ähnlich wie zu San Francisco, just datt hei méi Restauranten sen, just doteschend mol den een oder aneren Krimskrams-Buttik. An virun all Restaurant steet een mat engem Riesenpott mat Clam Chowder, deen kleng Deppercher verdeelt fir hiren Eintopf ze schmaachen ze gin. Een dovunner gewennt säit 6 Joer emmer e Präis fir di besten Chowder, an dofir beschléissen den Eric an ech eis hei en klengt Deppchen ze gönnen. Mir setzen eis domat bäi d'Mier a genéissen, sie as wiirklich lecker, mee gutt datt mir de small geholl hun, déi as well baal net ze packen! Lues a lues man mir eis dann op de Wee zreck Richtung Parking, well di aner sollten no zwou Stonnen aus dem Aquarium rem sen. Mir kreien dann nach quasi life mat wou en Herbie sech mat engem Baam meest. Quiiiiiesch, Rou a Bumm! No zwou Minuten héiert een schon all méiglech Sirenen, zwee rieseg Pompjeescamion'en, Ambulanz an Police. War awer net vill geschitt. Pünktlich trudelen mir all bäim Camper an. Leider haate mir awer d'Cannery Row verpasst, wou an den Fabrikshaisercher vu fréiher wou d'Sardinebechsen gemaach goufen, kleng Geschäfter dran sen. D'Zäit as awer beschränkt dofir kennen mir net mie zreck. Den Aquarium war awer super an absolutt dowert kucken ze goen.

Mir rulle weider a Richtung Süden op Carmel. Hei wollte mir och en Tour durch d'Stiedchen man. Meeeeeeeeeeeee teschend all denen Luxus-Villen an wonnerschéinen Haisercher leien d'Stroossen all am Hang, a se weder an di eng nach an di aner Richtung riicht. Terribel breed sen se och net, a Parkingen fir RV'en get et och keng! Just Parkingen lanst d'Stroossen. E Camper gesinn mir néierens. Nodems mir op enger Kraizung iwert e Steckelchen Trottoir gefuhr sen mam hennischten Deel, an op enger anerer Plaatz an deem Hang an op der schiefer Strooss liicht hannen opgeschloen haaten, hu mir beschloss, eis keng sichen ze goen, a leider och Carmel verlooss ouni wiirklich vill gesinn ze hun.

Mir haaten nach et etlich flott Meilen op der Nr 1 virun eis. Mir sen iwert daat Steck gefuer, waat virun e pur Méint wechgebrach war, a lo deels gefleckt as. Waren iwerhaapt vill Baustellen, wou se un der Strooss schaffen. As zwar och net vu Muttwell bäi deser aaler Strooss, di een baal net mie als Hiway kann bezeechnen. Souguer eng nei Breck get gebaut, do hänken d'Arbichter an der Loft iwert dem Mier! Schéin Aussichten op de Pazifik get et baal hannert all Kéier. Mettlerweil as den Himmel blo, an d'Mier och. Schued datt mir di Aussiicht net ganz uewen haaten. Mee et kann een net alles hun. Mir haaten zweemol super Wieder zu SFO, wou aner Leit d'Golden Gate mol net ze gesinn kruten.

Mir hun di restlich Meilen oofgespullt, a waren géint 6 Auer um Riverside CG. Des Kéier hu mir en direkt fond, opshons den Tom-Tom schon rem net secher war wou mir dru wieren. Grouss d'Scheld iwert der Entree rechts nirwt der Strooss, an dun ..... oups huch!!!! Et geet zimmlich géi biergoof, matzen an der Mett vum Wee e Baam, wou rechts a lenks eng Spur(chen) lanst geet. Mee en as och fir grouss RV's, also muss et goen. Mir fuhren en Steck roof, lenks lanst de Baam, kee Problem a gesinn virun eis Waasser!!! an eng Art Betonssteg driwer, ouni Gelänner .... geniiiial, sou urig an irgendwie cool! Och hei komme mir ouni Problem driwer, a kreien direkt vir bäim Waasser, vis-a-vis vu Shop, Toiletten an Laundry eng Plaatz. Den Eric an den Tom riichten eisen neien klengen Grill op, an de Claude an ech gin mol kucken eng Wäsch ze man. Da gin T-Bone-Steaken marinéiert, Gromper virgekacht, an dann mat Peffer,Salz a Botter an Alufolie op de Grill geluecht. Daat Ganzt mat enger grenger Zalot .... lecker!!!! Mir hun all gudden Appetitt, an d'Schosselen sen herno wie geleckt. Am Lagerfeier grillen sech d'Jungs nach pur Marshmellows als Dessert, a mir drenken e Käffchen. D'Kärze brennen an de roude Wäin drenke mir aus Waasserglieser, mee daat as egal. Et as richtig romantisch hei bäim River.

Donnischdig, 18. August – Riverside CG-Pismo Beach

Em 7 ware mir souwäit all op, mee hei am Lach op deem schéinen Camping as et nach schuderig kaal. Mat Kaffi dobaussen get schon direkt mol neischt. Daat man mir dann op engstem Raum dobannen. Nom Spullen an Araumen man mir eis dann op de Wee. D'éischt nees iwert d'Pseudo-Breck, dann den schéine, géihen Stouss hei rop. Daat klappt alles ouni Problem. Schliesslich hu mir nach 110 Meilen virun eis, an et as net fir ze laang ze trentelen. Fir haut hu mir e Camping bäim Mier mat Zougang zum Strand reservéiert, a mir wellen awer bessen dovunner profitéieren.

An der Mettesstonn endlich kritt een mol deen een oder aneren fräien Bleck op d'Mier, an daat get och emmer mie blo, waat d'Momenter mie laang daueren. Do kritt een wiirklich genial Vue'en gebueden. Et wees een baal net wou een as, zerklüften Fielsen, greng Wisen, blot Waasser a vill Brandung, as een a Schottland, an der Normandie, oder a Kalifornien?!

An engem Forum hat de Claude vun engem gelies, deen e klenge Waasserfall fond hat, den direkt an d'Mier geet. A mir haate Chance, an hun d'Plaatz och fond, trotz denen villen Chantier'en op der Streck, an datt se matzen an enger roud-Luucht-Männche-wenk-Zone luch. Mir hun eis einfach nees hannert dem Lesten agefädelt. Wonnerschéin an absolutt derwert!

Mee et geet lues weider, daat Geschlängels an enken Kéieren an deels schmuelen Stroossen mecht de Chauffeur midd. Wi mir d'Héichten hannert eis haaten hu mir beschloss, di nächst Aussiichtsplaatz eng kleng Paus anzeléeen, an de Frigo emol opzeman fir eng Cola ze drénken. Absolutt di richtig Entscheedung! Hei haale méi Autoen wie op anere Plaatzen. An hei leien eng ganz Kolonie Seeelefanten um Strand. Déi waren sougutt wie ausgestuerwen, a goufen hei nees ugesiedelt, an hun sech schon op 15 000 vermehrt. Super, sou eppes hu mir nach net gesinn, jiddefalls net an natura.

Virun geet et, lo as et net mie wäit bis Pismo Beach. Mir fannen och direkt eise Camping, a kreien eng schéin, grouss Plaatz. Mir platzéieren just de Camper, a gin dann direkt un de Strand. Et as zwar net allzewaarm, mee mir wollten eis di eenzich Méiglechkeet an de Pazifik ze goen net entgoen lossen. Trotz Vakanz an vollem CG sen relativ mann Leit op der Plage. D'Männer gin an d'Waasser, an ech setze mech bessen an de Sand a man pur Fotoen. De Claude huet pur fantastisch Muschelen fond, bessen wie Steng, ganz ronn, an mat engem Bild wie e Blaat an der Mett. Ech probéieren der durno nach pur ze fannen. Am Endeffekt werte mir och eng Dozen zesummen hun, mee sie sen immens zerbreechlich, hoffentlich kreien mir der alt pur ganz mat heem. Den Eric, Tom a Yann bleiwen nach bessen bäim Waasser, a mir gin alt zreck bäi de Camper, well geschwenn wert jiddereen gutt hongerig sen. De Poulet get marinéiert fir op de Grill an no enger gudder Dusch versammele mir eis ronderem den Desch. Och den Owend get et nees schrecklich séier kaal dofir man den Tom a de Yann schon mol d'Lagerfeier. Mir eessen Poulet, mashed potatoes an Zalot.

Lo setzen mir all hei ronderem d'Feier, den Claude, Yann an Eric mam Kindle, den Tom mam i-Pad, an ech um Laptop. Wann et nemme pur Grad mie warm wir, kent een et nach Stonnen hei aushaalen. Mee et as knapps 9 Auer, an richtig kaal.

Freideg, 19. August – Pismo Beach-McGrath Campground

Hett haate mir eng Fuhretapp virun eis. Hun awer dobaussen kennen Kaffi drenken.

Ziel as den Camarillo Outlet Center hannert Santa Barbara an virun Los Angeles. Mir hun och e Campground direkt do an der Géigend gesicht datt mi durno net mie laang musse fuhren.

Klengen Teschestopp hu mir zu Solvang gemaach, engem klengen dänischen Stiedchen, alles wirkt skandinavisch hei. Mir treppelen emol d'Haaptstrooss, gin an en All-year-Christmas-Shop, mee entgéint allen Erwaardungen as hei den typisch amerikanischen Kitsch, an neischt vun Jul ze gesinn. Kaafe mir awer e Stär, well ech di leste kier zu SFO och eng Klengegkeet kaaft haat fir un eise Beemchen. Mir gennen eis nach eng Latte Macchiato fir ennerwee, a fuhre weider.

Géint halwer 2 waren mir zu Camarillo um Parking. Di Denger sen einfach riiiiesig! 4 Bleck, ee Geschäft um aneren emmer nemmen een Stack, ee Block just Kino, bausserem an je an der Mett riesig Parkingen! D'Amerikaner fuhren wuel mam Auto bäi hir Geschäfter, Europäer erkennt een drun datt sie zu Fouss ennerwee sen, hehe! Mir sichen eis mol déi Geschäfter di eis interesséieren. Bäi North Face get de Claude direkt fündig. Een Fleece, eng Reenjakett an eng Softshell, fir mol keng honnert Dollar! Mir hun selen an sou kuurzer Zäit souvill kaaft, a souuuuvill gespuert!! ((Salut Salvo ;-) ) An engem Geschäft gouf et Element, Billabong, Fox, Volcom, Quicksilver .... T-Shirten, kaaf der 3 (een kast 18,99 Dollar, also em 13 Euro) da kriss de der zwee fir neischt. Do hun d-Jongen a Männer zougeschloen :-) A mir hun et färdeg bruecht 20 T-Shirten ze hun, a keen duebel! Jiddefalls sen mir géint 6 Auer vollgelueden bäi de Camper zreck gaang. Hun eis ennerwee nach bäi Wetzel's Bretzel eppes ze drénken oder e kleng Snack matgeholl. De Yann haat e Watermelon-Ice-Shake, an ech eng original, äiskaal Lemonade. De Claude wollt am Fong eng normal Bretzel fir de klengen Honger, mee a senger Tuut war sou een ageweckelten Wirschtchen am Deeg, deen Deeg huet sech awer wie eng Spiral oofgeweckelt, an de Wiirschtchen flutscht enne raus. Di Fra op enger Bänk donirwt krut sech net mie an vu Laachen. Dee Bleck vum Claude op deen Deeg deen sech selbststännig gemaach huet, hett een missten filmen.

Em halwer 7 ware mir um staatlichen CG McGrath. Et ass net grad den proppersten vun de Sanitäranlagen, an anscheinend steet en och op der Lest vun denen di aus Spuergrenn sollen zougemaach gin. Mee en läit direkt an den Dünen, as flott vun de Plaatzen hir, grouss, an schéin agedeelt. Mir parken a probéieren direkt bis bäi d'Mier ze kommen fir den Sonnenennergang ze gesinn. Daat klappt awer net, well mir an engem Naturschutzgebiet sen, a well Brutzäit as vu verschidden Vugelzorten, as mat engem einfach Droot alles zou. A jiddereen hält sech dorunner.

Mir gin zreck iwert de Camping, a fänken un mat kachen. Den Owend get et mol einfach Spaghetti Bolognese. Et as souwiesou schon nees ze kaal fir nach irgendeppes dobaussen ze man. Nom Eessen a Spullen get nach bessen gelies, mee vu datt akkafen midd mecht, hu mir all em 9 Auer schon d'Aen zou.

Samsdig, den 20 August Los Angeles – Joshua Tree NP

Mir man de Moien kuurz d'Generatrce un fir Kaffi ooflaafen ze lossen, an divers Apparaten ze lueden. Dobaussen as et fresch, an den Niewel geet roof. Dofir beschléissen mir en Steck ze fuhren, an dann ennerwee eng Kaffispaus ze man, an och bessen anzekaafen. Den Owend sen mir anscheinend op enger Plaatz wou keen Amerikaner am August hi geet, well et waarm as. Do werte mir jo dann och kennen dobaussen setzen, grillen, chillen an eis Bueddischer dreschen kreien. Lo fuhre mir op enger 5-spuriger Autobunn a waat mir mi do bäi Los Angeles kommen, waat den Traffik mie dicht get. Vill ze kucken get et hei net, Haiser Haiser an Haiser, mir fuhren zwar durch Hollywood, erhaschen och e Bleck op d'Disney Studios, mee di berühmt Buchstawen gesinn mir vun hei aus net. Mee et as och alles gro, niewelisch, oder as et Smog? Jiddefalls ganz dréiw. Et as baal Mettig ir mir aus dem gréissten Traffic raus sen, an aus dem spéiden Kaffi get sou en fréiht Mettigeessen. Mir hun och nach getankt a wollten nach pur Klengegkeeten akaafen. De Yann huet gutt de Schnapp erwöscht, an brauch Nueschnappischer. Net sou einfach hei get et just der Kesten mat denen dennen Discher.D''Streck as zimmlich langweilig, vun neischt bis op laanggezugen Ortschaften, mat haaptsächlich Autogeschäfter an Antiquitéiten. Wen soll daat hei alles kaafen? Zu Moronga wollte mir akaafen, hun d'Saach awer opgin. Nächst Ortschaft war Yucca , nees vill des Selwichten. Ee Geschäft heescht Big Lots. Do probéieren mir eist Gleck. Nueschnappischer hu mir fond, Fotellen hett een kritt, a Gromper, 6 Fläschen säit Mee oofgelaafen Cola .....! Ech froen an der Kees wou een hei Fleesch ka kaafen. An d'Madamm nennt eis tatsächlich en groussen, propperen Supermarché honnert Meter vun hei. Mat riiiiiesigen Steaks fir op de Grill :-) Dorop fréen mir eis lo schon. Et as nach e klengt Steck bis op de Camping matzen am Joshua Tree National Park. D'Landschaft get richig onwiirklich. Wüstelandschaft mat wie opgetippten Kéip Steng, doteschend emmer rem mie kleng a schon aal Joshua Trees. Waarm as et och, just et bléisst eng angenehm Leftchen. Vun der Entree vum State Park bis op de Campground sen et nach 17 Meilen. Et get méi der Campgrounden hei, verschiddener sen awer och am Summer zou, well anscheinend keen Amerikaner dann heihinner kent. Dofir brauch een och net ze reservéieren. Mir entscheeden eis fir de Jumbo Rock a sen fréih genuch un fir eis eng schéin Plaatz rauszesichen. Mir kreien och relativ séier Schied waat ganz angenehm as. Da get de Grill ugeschmass. Nom Eessen setzen mir mat Kärzen, Kindle an engem kalifornischen Wingchen bäim Lagerfeier. Et as leider net grad sou angenehm rouig wie deemols am Arches, nirwt eis sen Schwäitzer, do schwätzt d'Fra an engem Schwall ouni Punkt a Komma, di aner Säit sen Däitscher wou de Mann d'Generatrice ukéiert (just vu 5-7 erlaabt) fir datt de Jong säin eidelen iPod ka lueden, vis-a-vis kennt eng Clique amerikanisch Jonker mat Whiskyfläschen an och harder Musik,awer anerer, a besse mi wäit logéiert och eng Clique Jonker, déi haate mir op engem klengen Erkundungstour gesinn, vun denen huet een ugefaang op enger Trompett ze üben! Mir duechten schon, daat giw eng heiter Nuecht, mee komischerweis, em 10 Auer war et iwerall rouig! D'Leit schengen awer nach e gewessen Respekt virun der Natur an deem fantastischen Stärenhimmel ze hun.

Sonndeg, 21 August Joshua Tree NP – Kingmen KOA Campground

Mir hun herrlich geschloof hei. Et war rouig, haat angenehm oofgekillt, a mat de Fensteren op war et gutt auszehaalen. Den éischten Bleck aus eiser Riesefenster virum Bett as op en knallbloen Himmel gefall, op deck Steng, Joshua Beem, e klengen Villchen an eng well Kanengchen!

Kaffi kennen mir dobaussen drénken, a fir di ischte Kéier as et eis Moies schon ze waarm. Di Schwäitzer Noper kommen nach no engem Starterkabel froen, well een vun hiren zwee Rv'en net mie ugeet. Mee do kenne mir net aushellefen. Kuurz durno kent de Mann awer mat engem Kabel lanst, an nach bessen durno geet en mat Béier an dem Kabel zreck, schengt also geklappt ze hun.

Mir man eis op de Wee durch den NP a Richtung Ausfahrt Nord, wou mir wellen op d'Route 66 kommen.

Mir fuhren durch d'Mojave-Wüst, am Ufank gesäit een nach pur Reihen resp. eenzel Bréifboiten, an irgendwou hannendrun an der Pampa ärmlech Haisercher, meest hun se een Trailer oder en RV am "Virgaart", da kent just Wüst, an op emol eng riesig Firma, déi am Fong just aus opgekéipten Sand/Buedemhiwwelen besteet, an doteschend as eng deck wäiss Krust. Op enger eenziger Plaatz stung och bléiblot Waasser. An op engem Scheld steet et wier eng CalciumChlori Fabrik.

A schon komme mir op Ambroy, an man en éischten Stop bäi engem Vulkan. Hei as et lo really hot! Ganz dobäi packen mir et net, et as einfach ze ellen. Irgendwou hu mir opgeschnappt datt eng Aussentemperatur vun 111 Grad Fahrenheit, also 44 Grad Celsius hei sen!

Weider geet et op Amboy selwer. Vum Glanz vun deser berühmter Staad aus de 60iger Joeren bleiwt neischt mie. Just de Roy's get et nach als Tankstell an Imbiss a vereenzelt Gebaier stinn nach doremmer. Well et Kult as musse mir jo awer pur Fotoen knippsen. (Out of Rosenheim – Bagdad Café)

Da geet et weider durch ärmlich Dierfer, verlossen Géigenden bis op Oatman. Hei war fréiher eng Goldgriewerstaad, a lo get ausser ronderem pur Ruinen nach just eng kleng Haaptstrooss, déi aus Westerngebaier besteet wou lauter kleng Kreemchensbuttiker dran sen. Op der Strooss laafen Ieselen a ganz vill as des Saison hei net lass. Fuhren emmer rem Touristen durch, Mettes as och eng Westernshow, mee fir de Rest, zimmlich tote Hose. Mir gin an de Saloon, eis as et lo no enger gudder kaaler Cola, mee mir kreien just eng normal Bechs servéiert! Déi hetten mir och am Auto gehaat. Dofir as de Kader awer ganz urig.

Durno fuhre mir weider op Kingman. De Rimm as roof, den Temperaturennerscheed as einfach ze heftig. Eisen Camping as flott, mir hun Waasser a Stroumuschloss, eis Apparater gin mol all gelueden, eng Wäsch get an der Laundry gemaach, all männlich Wesen gin an de Pool, an ech setzen mech mam Kindle dohinner a warden op d'Wäsch. Daat geet ratzfatz, mee fir ze dreschen dauert nach bessen, déi Zäit gin d'Jongen eng Parti Mini-Golf man.

Mam Eessen geet et och séier, et get just Rester gewiermt. As zwar schon stachdaischter wie mir virum Camper um Desch setzen, mee mat vill Kärzen as daat ganz romantisch, et wees een jo waat an den Deppen war, da muss een jo net mie gesinn waat een esst, hihi.

A lo as et 10 Auer, a mir setzen nach emmer am Short an Top heibaussen, oofgekillt huet et nach net ganz vill. Den éischten richtig warmen Summerowend!

 

Add comment (1)
Campingtime !

 

Densdeg, den 16 August

Den Moien koumen d'Jongen rem mam Kaffie. :-). Deen huet gutt gedoen, an et war mie einfach unzefänken mat paaken. Wéi mir sougutt wie färdeg waren, se mir an den Denny's richtig Kaffie drenken gaang, datt mir den wahrscheinlich laangen Daach ginge packen. Duerno waren mir nach emol zreck op den Pier 39 puer Souvenire kaafen, an des Kier huet et och mam Pandora geklappt.

Mat Roadbear war oofgemaach datt hire Shuttle eis teschend 12 an 1 am Hotel ging oofhuelen. Mir waren nach emol op Zemmeren, durno ausgecheckt, an suutzen an der Rezeptioun ze warden. Ech haat knapps den Laptop raus fir um Blog ze schaffen, du koum de Jong schons. 1 Minute virun 12, wann daat keng Schwäitzer Präzisioun as!!! D'Faahrt huet knapp eng Stonn gedauert, aus San Francisco raus, iwert d'Bay Bridge op Oakland, 1/4 vir 1 ware mir bäi Roadbear. Mir kruten direkt d'Aweisung an de Camper , hun eng genee Besichtigung vun evtuelle Schied gemaach, datt do net herno eppes op eis Kaap ging goen, an durno koum de ganze Paperassekrich un d'Rei.

Du gung et lass! Mir haaten eis schon richtig drop gefreet. Eischten Stop war direkt no engem knappen Kilometer am FoodMax. Do heescht et lo sech andecken fir di nächst Zäitchen. Eng Akaafslest haate mir schon deels doheem gemaach, deels hei nach bäigeschriwwen. Mat dräi Weenercher hun mir eis op d'Sich no allem miglechen Eessbarem an manner Eessbarem. Als éischt gin de Claude an den Eric mol mat engem volle Caddy nemmen Gedrenks (viiiiill Waasser, bessen Cola, Béier, Jus asw) an den Auto, déi Zäit sichen mir alt daper weider no Toilettepapeier, Mostert, Botter, Spaghetti, Steaks ...... Net sou einfach an engem friemen Geschäft!! Zwou Stonnen mie spéit et as 5 Auer, rulle mir, 500 Dollar mie aarm, an 5 volle Caddien iwert de Parking bäi de Camper. (Hei haalen der nach méi! ) Mir probéieren alles mol sou gutt an séier wie méiglech ze verstauen, eessen eng Aeppeltasch oder e Croissant, an dann geet d'Faart richtig lass.

Den Eric an den Tom-Tom sen Co-Piloten, an lo se mir schon sougutt wi um éischten Campground zu Capitola.

Erennerung en un eisen éischten Camperdaach virun, zwee Joer kommen héich!! De Campground "New Brighton State Beach" as gezeechent, mee wou as di Entree?? Een Wee fanne mir, fuhren ran, a komme bäi e Scheld 'no Rv's'! Shit – also d'Kéier man mat eisem Scheff! Kennt engem dach bekannt vir ;-) Déi Meesterprüfung war vollbruecht, an mir fannen och de Campground direkt durno. E läit ganz an engem Bösch, mee et kann een en Wee an durno eng Traap roofgoen, an dann as een op engem nawell flotten Sandstrand bäim Pazifik. D'Jongen docken un op eiser Plaatz, an dann sen mir just zur Zäit hei fir den Sonnenennergang, den awer net iwert dem Mier, mee hannert enger Landzong as. Daat werft e schéint Liicht op e klengen Hafen wou kleng Segelscheffer leien. Leider as de Geroch vum Waasser awer net sou immens, fir net ze soen et stenkt regelrecht! Um Strand läit vill Strandgut, schéin deck Aest asw, woumat Kanner sech Hütten bauen. Iwerall setzen Gruppe Leit bäieneen, déi sech a speziellen Behälteren e Lagerfeier gemaach hun. Henn laafen ronderem, gesäit immens idyllisch aus.

Eis as et awer séier kaal, a well mir och nach neischt richtiges gees hun fir haut, mecht Honger sech breet. Den Owend get et just Pizza, well et as jo nach alles auszepaaken an anzeraumen waat mir kaaft hun, oofgesinn vun eisen Poschen, di einfach sou hannendran stin, an och gär ausgeraumt wieren. Better mussen nach opgezunn gin ......

Da geet de Kampf lass mat engem klengen Scheffchen a 5 Pizzaen. Ech deelen se alt mol a kleng Stecker, datt vun alles eppes op den Grill geet, an jiddereen mateneen eppes an de Mo kritt. Eng probéieren mir awer och an der Mikrowell , do as eng Optioun Pizza gezeechend. Geet awer alles net sou einfach di ischte Kéier, no 2 Minutten schrillt schon eise Rauchmelder eng ischter Kéier iwert de Camping. Bessen durno eng zweete Kier, mir steet den Doudschwees op der Stir, just der Pizza as et nach emmer net sou richtig warm!

Em halwer 10 kreien mir du endlich eppes ze fudderen. Mir raumen souwäit wi méiglech nach alles an, an da faalen mir an d'Bett. Ech wollt nach pur Säite liesen, erféieren awer no 2 Säite wie de Kindle op de Buedem knallt! D'Jungs schloofen schon all fest, an ech paaken och an.

Add comment (0)

More Articles...

  1. SFO-15.8
  2. Tour de San Francisco
  3. SFO-14.8
  4. Fotoen SFO 13.8

Page 1 of 2

  • Start
  • Prev
  • 1
  • 2
  • Next
  • End

Counter

Today 2 | Yesterday 2 | Week 7 | Month 19 | All 969
Powered by Kubik-Rubik.de
  • Editor
Copyright© 2008 - 2012 Bertien an den USA . design by globbers for globbersthemes
top
Login

Log In

  • Forgot your password?
  • Forgot your username?
  • Create an account