Tour de San Francisco
- Details
- Category: 2011 Blog
- Published on Monday, 15 August 2011 15:41
- Written by Eric
- Hits: 94
Mir sen zu San Francisco geland, an et as 20 vir 12. Et war en laangen Daach. E Wecker huet Nuets 1/4 vir 3 geschellt, a pènktlich 10 vir 4 war den Shutte virun der Dir fir op de Findel. Mat de Flich huet alles tiptop geklappt, just zu Amsterdam huet de Start mi laang op sech warde geloss, well ee Passagéier net opgetaucht as, dem säin Gepàck aus Secherheetsgrenn du nees rausgeféscht gouf. Mat der KML ze fléihen war ganz angenehm, et gouf net allzeschlecht z'eessen, ganz dachs doteschend mol Waasser oder Jus servéiert, dann alt waarm, fiischt Discher wie bäim Chinese, an et haat een d'Wiehl teschend enger Onmass Filmer oder TV-Serien fir ze kucken. D'Zäit gung engegermoossen “séier” em. Géint 10 op 1 stungen mir an der Immigration-Line, do war och kee Problem, eis Valisen waren direkt all do, mir hun just bessen missten op en Taxi warden, den grouss genuch war fir “oh five”! ;-) Mat engem indischen Chauffeur mat Turban um Kapp, indischer Musik em d'Oueren, an wahrscheinlich indischem Fahrstil goufe mir awer secher em halwer 3 am Hotel “Best Western Tuscan Inn” um Fishermen's Wharf ofgesat.
Mir sen groggy, mee forcéieren eis net op d' Bett ze faalen. Doheem as et schon Hallefnuecht, mee mussen nach pur Stonnen packen ir mir därfen schloofen. Mir man en Tour iwert den Wharf, an gin an den HardRock Café eisen éischten Hamburger eessen.
Em halwer 8 packen mir eis dann awer net mie an gin schloofen. Et war en 26-Stonnen-Daach!
Um 9 Auer treffen mir eis gutt ausgerouht an fresch geduscht fir en american breakfast am Denny's. Eigentlich wollte mir eis hett Velo'en lounen, an domat iwert d'Golden Gate op Sausolito fuhren. Mee d'Wieder as net immens, den Himmel gro an et as kaaaaaaaaal. Méi wi 18 Grad sollen et hett net gin. Solle mir dann awer hett an d'Staad kucke goen? Mee nom Fluch an deem ville Setzen as et engem éischter no Wibbelen. Also beschléisse mir awer de Velo ze huelen.
Mir lounen eis 5 Veloen, di erstaunlich gutt rullen, direkt hei an enger Nierwestrooss. Den Himmel geet op an d'Sonn kent luussen. Mir fuhren Richtung Golden Gate lanst den Fort Mason, iwert d'Crissy Field bis bäi de Fort Point. Ennerwee gesinn mir vill Amerikaner di sech hett, Sonndig, op de Wisen treffen fir e Barbecue. Et schwammen vill Leit vir am Mier, meest an Neopren-Costümer. Well guer net wessen wie kaal d'Waasser as, opschons lo d'Sonn schengt. Leider as di lenks Säit vun der Breck, déi fir d'Veloen as, zou. Daat mecht dann natirlich op der rechtser Säit en Riesechaos, wann een muss durch all di Leit zu Fouss, mat Veloen zu Fouss, Veloen a Leit di engem entgéint kommen, awer och nach selwer welt mol di eng oder aner Foto man. Mee et as wie iwerall, typisch amerikanisch, sie gin nach bis bäi den 1. Poteau, an dréihnen. Do hannendrun gouf et schon vill mie angenehm fuhren. Di erwaarten Keelt an d'Loft hält sech och a Grenzen. Mir man vill Foto-Stops ennerwee, (ennerwee zB as een Fescher-Pier, do kucken mir de Pelikanen no, déi a Lauerstellung stin, fir wann d Fescher hir Fesch u Land zéihen) an stellen keen neie Vitesse Rekord op. Et as 4 Auer wie mir zu Sausolito ukommen. Ech war bessi enttäuscht, vun dem romantischen klengen Künstlerstiedchen keng Spur. Tourismus pur, a gudd deier Restauranten. Mir hun zwar Honger mee begnügen eis mat engem gudde kaalen Frappé (mettlerweil as et richtig waarm) an engem Kichelchen. Hei kent een lo theoretisch eng Fähr huelen an zreck op de Pier 39 fuhren. Mee d'Schlangen mat Leit di hei op d Fähr warden an mat hire Veloen an der Sonn an der Schlaang stin as net mi ze iwerblecken. Mir beschléissen di nach 12 km méi bis op Tiburon ze fuhren, wou di lest Fähr 20 op 6 oofleet, anstatt hei an der Sonn ze stoen. Misst jo labber ze packen sen. Kuurz hannert dem Staadkär, ennen bäim Waasser fannen mir dann och di berühmten Hausbooter an Künstlerkolonien, leider kann een awer just bis dobäi goen. (waat aus Siicht vun den Bewunner verständlich as!) Pur Fotoen, dann heescht et awer sou lues Gas gin! Mir fuhren a fuhren, op emol heescht et, mir hetten nach 25 Minutten fir 10 km! Di amerikanisch Kaarten sen lo absolutt selen am Massstab. Ech wosst just, wann mir di Fähr net krieten, ech ging ganz secher net mie de ganze Wee zreekfuhren!! Op emol sti mir op engem Hiwwel, kucke roof op d Mier, do kent d'Fähr grad an den Hafen, an op engem Trapp stin nach vill Leit mat Veloen. Yeah!!!! D'Fähr leet un, a mir kennen quasi direkt op d'Scheff. Hei get et lo richtig kaal, trotz Sonn. Egal, mussen nach rechts a lenks knippsen. Vue op d'Golden Gate, op Sausolito, direkt lanst Alcatraz, d'Skyline vun San Francisco, leider war d'Siicht net ganz kloer, mee egal.
Daat Allerschlemmst war lo no der Fähr nach emol kuurz mussen zreck op de Velo ze klammen fir zreck ze fuhren domat. Et stemmt alt rem, wen seelen redd ......!!! ;-) Mee daat as eis egal, et war einfach nemmen een genialen Daach. Mir hun vill Saachen gesinn di een soss net gesinn hett. Mir gin och direkt, nodems mir d'Veloen oofgeliwwert hun, an den Cioppino's eng Pizza oder Nuddelen eessen, fir net nach emol de Wee mussen ze maachen. Och desen Owend leien mir fréih am Bett.
Mir hun ausgerechend, datt di 26 Kilometer am Endeffekt 35 km waren di mir gemaach hun!!! A mir hun eis d'Nuesen, ennert anerem, schéin gesengt!!
An de Moien 1/4 op 7 tockt et un eiser Dir, du koumen eis Jungs mat engem Kaffi ! Waat kann d'Liewen sou schéin sen! :-)


