logotype
image-header
    • Blog
    • Route
    • Pics
    • Vids
    • Comments
    • Start

Time

2009

  • Blog
  • Route
  • Biller
  • Videos
  • Bericht

2011

  • Blog
  • Route
  • Pics
  • Vids
  • Comments

Campingtime !

  • Print
  • Email
Details
Category: 2011 Blog
Published on Wednesday, 17 August 2011 17:45
Written by Eric
Hits: 111

 

Densdeg, den 16 August

Den Moien koumen d'Jongen rem mam Kaffie. :-). Deen huet gutt gedoen, an et war mie einfach unzefänken mat paaken. Wéi mir sougutt wie färdeg waren, se mir an den Denny's richtig Kaffie drenken gaang, datt mir den wahrscheinlich laangen Daach ginge packen. Duerno waren mir nach emol zreck op den Pier 39 puer Souvenire kaafen, an des Kier huet et och mam Pandora geklappt.

Mat Roadbear war oofgemaach datt hire Shuttle eis teschend 12 an 1 am Hotel ging oofhuelen. Mir waren nach emol op Zemmeren, durno ausgecheckt, an suutzen an der Rezeptioun ze warden. Ech haat knapps den Laptop raus fir um Blog ze schaffen, du koum de Jong schons. 1 Minute virun 12, wann daat keng Schwäitzer Präzisioun as!!! D'Faahrt huet knapp eng Stonn gedauert, aus San Francisco raus, iwert d'Bay Bridge op Oakland, 1/4 vir 1 ware mir bäi Roadbear. Mir kruten direkt d'Aweisung an de Camper , hun eng genee Besichtigung vun evtuelle Schied gemaach, datt do net herno eppes op eis Kaap ging goen, an durno koum de ganze Paperassekrich un d'Rei.

Du gung et lass! Mir haaten eis schon richtig drop gefreet. Eischten Stop war direkt no engem knappen Kilometer am FoodMax. Do heescht et lo sech andecken fir di nächst Zäitchen. Eng Akaafslest haate mir schon deels doheem gemaach, deels hei nach bäigeschriwwen. Mat dräi Weenercher hun mir eis op d'Sich no allem miglechen Eessbarem an manner Eessbarem. Als éischt gin de Claude an den Eric mol mat engem volle Caddy nemmen Gedrenks (viiiiill Waasser, bessen Cola, Béier, Jus asw) an den Auto, déi Zäit sichen mir alt daper weider no Toilettepapeier, Mostert, Botter, Spaghetti, Steaks ...... Net sou einfach an engem friemen Geschäft!! Zwou Stonnen mie spéit et as 5 Auer, rulle mir, 500 Dollar mie aarm, an 5 volle Caddien iwert de Parking bäi de Camper. (Hei haalen der nach méi! ) Mir probéieren alles mol sou gutt an séier wie méiglech ze verstauen, eessen eng Aeppeltasch oder e Croissant, an dann geet d'Faart richtig lass.

Den Eric an den Tom-Tom sen Co-Piloten, an lo se mir schon sougutt wi um éischten Campground zu Capitola.

Erennerung en un eisen éischten Camperdaach virun, zwee Joer kommen héich!! De Campground "New Brighton State Beach" as gezeechent, mee wou as di Entree?? Een Wee fanne mir, fuhren ran, a komme bäi e Scheld 'no Rv's'! Shit – also d'Kéier man mat eisem Scheff! Kennt engem dach bekannt vir ;-) Déi Meesterprüfung war vollbruecht, an mir fannen och de Campground direkt durno. E läit ganz an engem Bösch, mee et kann een en Wee an durno eng Traap roofgoen, an dann as een op engem nawell flotten Sandstrand bäim Pazifik. D'Jongen docken un op eiser Plaatz, an dann sen mir just zur Zäit hei fir den Sonnenennergang, den awer net iwert dem Mier, mee hannert enger Landzong as. Daat werft e schéint Liicht op e klengen Hafen wou kleng Segelscheffer leien. Leider as de Geroch vum Waasser awer net sou immens, fir net ze soen et stenkt regelrecht! Um Strand läit vill Strandgut, schéin deck Aest asw, woumat Kanner sech Hütten bauen. Iwerall setzen Gruppe Leit bäieneen, déi sech a speziellen Behälteren e Lagerfeier gemaach hun. Henn laafen ronderem, gesäit immens idyllisch aus.

Eis as et awer séier kaal, a well mir och nach neischt richtiges gees hun fir haut, mecht Honger sech breet. Den Owend get et just Pizza, well et as jo nach alles auszepaaken an anzeraumen waat mir kaaft hun, oofgesinn vun eisen Poschen, di einfach sou hannendran stin, an och gär ausgeraumt wieren. Better mussen nach opgezunn gin ......

Da geet de Kampf lass mat engem klengen Scheffchen a 5 Pizzaen. Ech deelen se alt mol a kleng Stecker, datt vun alles eppes op den Grill geet, an jiddereen mateneen eppes an de Mo kritt. Eng probéieren mir awer och an der Mikrowell , do as eng Optioun Pizza gezeechend. Geet awer alles net sou einfach di ischte Kéier, no 2 Minutten schrillt schon eise Rauchmelder eng ischter Kéier iwert de Camping. Bessen durno eng zweete Kier, mir steet den Doudschwees op der Stir, just der Pizza as et nach emmer net sou richtig warm!

Em halwer 10 kreien mir du endlich eppes ze fudderen. Mir raumen souwäit wi méiglech nach alles an, an da faalen mir an d'Bett. Ech wollt nach pur Säite liesen, erféieren awer no 2 Säite wie de Kindle op de Buedem knallt! D'Jungs schloofen schon all fest, an ech paaken och an.

  • < Prev
  • Next >

Counter

Today 2 | Yesterday 2 | Week 7 | Month 19 | All 969
Powered by Kubik-Rubik.de
  • Editor
Copyright© 2008 - 2012 Bertien an den USA . design by globbers for globbersthemes
top
Login

Log In

  • Forgot your password?
  • Forgot your username?
  • Create an account