logotype
image-header
    • Blog
    • Route
    • Pics
    • Vids
    • Comments
    • Start

Time

2009

  • Blog
  • Route
  • Biller
  • Videos
  • Bericht

2011

  • Blog
  • Route
  • Pics
  • Vids
  • Comments

Hot, Hotter, Mojave !

  • Print
  • Email
Details
Category: 2011 Blog
Published on Monday, 22 August 2011 14:57
Written by Eric
Hits: 123

 


Mettwoch, 17. August – Capitola – Riverside CG

Em halwer 7 schellt de Wecker, mir hun e schéine Programm virun eis! Mir fuhren en Steck den wonnerschéinen a ganz bekannten Highway Number 1 roof. Em halwer 7 as de Claude schon op fir an d'Dusch. Mir hu beschloss mie dachs op Campingen ze duschen fir eise Waasserverbrauch anzeschränken, an manner mussen ze dumpen.

Eischten Kaffi! Zwar as et nach net souuuu waarm, an d'Sonn kritt sech nach net richtig durchgesaat, mee mir decken awer dobaussen. D'Stemmung as gutt, mir laachen schon vill de Moien, hoffentlich hält daat un! ;-)

Nom Raumen a Spullen man mir eis kuurz no 9 op de Wee fir op Monterey. Lo, em 9:45 se mir just op de berühmten Highway Nr 1 ropgefuer. Op dem bewegen mir eis lo di nächst Deeg Richtung Süden.

Et geet un mat riesigen Aerdbiers- an Artichockenfelder, wou d'Leit a Reihen do setzen ze plecken. Op Unhängeren donirwt stin Dixi-Kloen an Stapel Still, secher fir d'Pausen. Kurz hannendrun gesäit een di éischt Dünen, a kritt och helindso e kuurze Bleck op de Pazifik.

Eischten Stop as zu Monterey am Apple Store!!! Ech wollt mir virun enger Zäitchen en i-Pad kaafen, hu mech awer du fir en Kindle entscheed, mee lo hu meng Männer gemengt et wir awer net schlecht, well mäin Laptop Mucken mecht, an en hei jo mi bellig as ....... ! ;-) Hei zu Monterey as anscheinend den schéinsten Aquarium vun der Welt. Den Claude, Tom a Yann haate schon via Internet Entreesbilljeen kaaft, an den Eric an ech wollten déi Zäit besseneppes vu Monterey kucken. Direkt bäim Parking as e Pier fir Fescher, an gin den bis un d'Enn. Do leien honnerten vun Seehenn, doteschend setzen Möwen, Pelikanen an ... muss ech op de Fotoen nokucken! Eng Möw setzt op enger Luucht iwert eis, mee daat gesinn mir richt wie mir knapps lanstwaren, an een gemengt huet et giw en Eemer hannert eis ausgetippt gin. Zzzzztz flatsch! ;-) Mir schlenderen weider Richtung Fishermen's Wharf, an der Meenung daat wir och den Zentrum vun Monterey. Et as ähnlich wie zu San Francisco, just datt hei méi Restauranten sen, just doteschend mol den een oder aneren Krimskrams-Buttik. An virun all Restaurant steet een mat engem Riesenpott mat Clam Chowder, deen kleng Deppercher verdeelt fir hiren Eintopf ze schmaachen ze gin. Een dovunner gewennt säit 6 Joer emmer e Präis fir di besten Chowder, an dofir beschléissen den Eric an ech eis hei en klengt Deppchen ze gönnen. Mir setzen eis domat bäi d'Mier a genéissen, sie as wiirklich lecker, mee gutt datt mir de small geholl hun, déi as well baal net ze packen! Lues a lues man mir eis dann op de Wee zreck Richtung Parking, well di aner sollten no zwou Stonnen aus dem Aquarium rem sen. Mir kreien dann nach quasi life mat wou en Herbie sech mat engem Baam meest. Quiiiiiesch, Rou a Bumm! No zwou Minuten héiert een schon all méiglech Sirenen, zwee rieseg Pompjeescamion'en, Ambulanz an Police. War awer net vill geschitt. Pünktlich trudelen mir all bäim Camper an. Leider haate mir awer d'Cannery Row verpasst, wou an den Fabrikshaisercher vu fréiher wou d'Sardinebechsen gemaach goufen, kleng Geschäfter dran sen. D'Zäit as awer beschränkt dofir kennen mir net mie zreck. Den Aquarium war awer super an absolutt dowert kucken ze goen.

Mir rulle weider a Richtung Süden op Carmel. Hei wollte mir och en Tour durch d'Stiedchen man. Meeeeeeeeeeeee teschend all denen Luxus-Villen an wonnerschéinen Haisercher leien d'Stroossen all am Hang, a se weder an di eng nach an di aner Richtung riicht. Terribel breed sen se och net, a Parkingen fir RV'en get et och keng! Just Parkingen lanst d'Stroossen. E Camper gesinn mir néierens. Nodems mir op enger Kraizung iwert e Steckelchen Trottoir gefuhr sen mam hennischten Deel, an op enger anerer Plaatz an deem Hang an op der schiefer Strooss liicht hannen opgeschloen haaten, hu mir beschloss, eis keng sichen ze goen, a leider och Carmel verlooss ouni wiirklich vill gesinn ze hun.

Mir haaten nach et etlich flott Meilen op der Nr 1 virun eis. Mir sen iwert daat Steck gefuer, waat virun e pur Méint wechgebrach war, a lo deels gefleckt as. Waren iwerhaapt vill Baustellen, wou se un der Strooss schaffen. As zwar och net vu Muttwell bäi deser aaler Strooss, di een baal net mie als Hiway kann bezeechnen. Souguer eng nei Breck get gebaut, do hänken d'Arbichter an der Loft iwert dem Mier! Schéin Aussichten op de Pazifik get et baal hannert all Kéier. Mettlerweil as den Himmel blo, an d'Mier och. Schued datt mir di Aussiicht net ganz uewen haaten. Mee et kann een net alles hun. Mir haaten zweemol super Wieder zu SFO, wou aner Leit d'Golden Gate mol net ze gesinn kruten.

Mir hun di restlich Meilen oofgespullt, a waren géint 6 Auer um Riverside CG. Des Kéier hu mir en direkt fond, opshons den Tom-Tom schon rem net secher war wou mir dru wieren. Grouss d'Scheld iwert der Entree rechts nirwt der Strooss, an dun ..... oups huch!!!! Et geet zimmlich géi biergoof, matzen an der Mett vum Wee e Baam, wou rechts a lenks eng Spur(chen) lanst geet. Mee en as och fir grouss RV's, also muss et goen. Mir fuhren en Steck roof, lenks lanst de Baam, kee Problem a gesinn virun eis Waasser!!! an eng Art Betonssteg driwer, ouni Gelänner .... geniiiial, sou urig an irgendwie cool! Och hei komme mir ouni Problem driwer, a kreien direkt vir bäim Waasser, vis-a-vis vu Shop, Toiletten an Laundry eng Plaatz. Den Eric an den Tom riichten eisen neien klengen Grill op, an de Claude an ech gin mol kucken eng Wäsch ze man. Da gin T-Bone-Steaken marinéiert, Gromper virgekacht, an dann mat Peffer,Salz a Botter an Alufolie op de Grill geluecht. Daat Ganzt mat enger grenger Zalot .... lecker!!!! Mir hun all gudden Appetitt, an d'Schosselen sen herno wie geleckt. Am Lagerfeier grillen sech d'Jungs nach pur Marshmellows als Dessert, a mir drenken e Käffchen. D'Kärze brennen an de roude Wäin drenke mir aus Waasserglieser, mee daat as egal. Et as richtig romantisch hei bäim River.

Donnischdig, 18. August – Riverside CG-Pismo Beach

Em 7 ware mir souwäit all op, mee hei am Lach op deem schéinen Camping as et nach schuderig kaal. Mat Kaffi dobaussen get schon direkt mol neischt. Daat man mir dann op engstem Raum dobannen. Nom Spullen an Araumen man mir eis dann op de Wee. D'éischt nees iwert d'Pseudo-Breck, dann den schéine, géihen Stouss hei rop. Daat klappt alles ouni Problem. Schliesslich hu mir nach 110 Meilen virun eis, an et as net fir ze laang ze trentelen. Fir haut hu mir e Camping bäim Mier mat Zougang zum Strand reservéiert, a mir wellen awer bessen dovunner profitéieren.

An der Mettesstonn endlich kritt een mol deen een oder aneren fräien Bleck op d'Mier, an daat get och emmer mie blo, waat d'Momenter mie laang daueren. Do kritt een wiirklich genial Vue'en gebueden. Et wees een baal net wou een as, zerklüften Fielsen, greng Wisen, blot Waasser a vill Brandung, as een a Schottland, an der Normandie, oder a Kalifornien?!

An engem Forum hat de Claude vun engem gelies, deen e klenge Waasserfall fond hat, den direkt an d'Mier geet. A mir haate Chance, an hun d'Plaatz och fond, trotz denen villen Chantier'en op der Streck, an datt se matzen an enger roud-Luucht-Männche-wenk-Zone luch. Mir hun eis einfach nees hannert dem Lesten agefädelt. Wonnerschéin an absolutt derwert!

Mee et geet lues weider, daat Geschlängels an enken Kéieren an deels schmuelen Stroossen mecht de Chauffeur midd. Wi mir d'Héichten hannert eis haaten hu mir beschloss, di nächst Aussiichtsplaatz eng kleng Paus anzeléeen, an de Frigo emol opzeman fir eng Cola ze drénken. Absolutt di richtig Entscheedung! Hei haale méi Autoen wie op anere Plaatzen. An hei leien eng ganz Kolonie Seeelefanten um Strand. Déi waren sougutt wie ausgestuerwen, a goufen hei nees ugesiedelt, an hun sech schon op 15 000 vermehrt. Super, sou eppes hu mir nach net gesinn, jiddefalls net an natura.

Virun geet et, lo as et net mie wäit bis Pismo Beach. Mir fannen och direkt eise Camping, a kreien eng schéin, grouss Plaatz. Mir platzéieren just de Camper, a gin dann direkt un de Strand. Et as zwar net allzewaarm, mee mir wollten eis di eenzich Méiglechkeet an de Pazifik ze goen net entgoen lossen. Trotz Vakanz an vollem CG sen relativ mann Leit op der Plage. D'Männer gin an d'Waasser, an ech setze mech bessen an de Sand a man pur Fotoen. De Claude huet pur fantastisch Muschelen fond, bessen wie Steng, ganz ronn, an mat engem Bild wie e Blaat an der Mett. Ech probéieren der durno nach pur ze fannen. Am Endeffekt werte mir och eng Dozen zesummen hun, mee sie sen immens zerbreechlich, hoffentlich kreien mir der alt pur ganz mat heem. Den Eric, Tom a Yann bleiwen nach bessen bäim Waasser, a mir gin alt zreck bäi de Camper, well geschwenn wert jiddereen gutt hongerig sen. De Poulet get marinéiert fir op de Grill an no enger gudder Dusch versammele mir eis ronderem den Desch. Och den Owend get et nees schrecklich séier kaal dofir man den Tom a de Yann schon mol d'Lagerfeier. Mir eessen Poulet, mashed potatoes an Zalot.

Lo setzen mir all hei ronderem d'Feier, den Claude, Yann an Eric mam Kindle, den Tom mam i-Pad, an ech um Laptop. Wann et nemme pur Grad mie warm wir, kent een et nach Stonnen hei aushaalen. Mee et as knapps 9 Auer, an richtig kaal.

Freideg, 19. August – Pismo Beach-McGrath Campground

Hett haate mir eng Fuhretapp virun eis. Hun awer dobaussen kennen Kaffi drenken.

Ziel as den Camarillo Outlet Center hannert Santa Barbara an virun Los Angeles. Mir hun och e Campground direkt do an der Géigend gesicht datt mi durno net mie laang musse fuhren.

Klengen Teschestopp hu mir zu Solvang gemaach, engem klengen dänischen Stiedchen, alles wirkt skandinavisch hei. Mir treppelen emol d'Haaptstrooss, gin an en All-year-Christmas-Shop, mee entgéint allen Erwaardungen as hei den typisch amerikanischen Kitsch, an neischt vun Jul ze gesinn. Kaafe mir awer e Stär, well ech di leste kier zu SFO och eng Klengegkeet kaaft haat fir un eise Beemchen. Mir gennen eis nach eng Latte Macchiato fir ennerwee, a fuhre weider.

Géint halwer 2 waren mir zu Camarillo um Parking. Di Denger sen einfach riiiiesig! 4 Bleck, ee Geschäft um aneren emmer nemmen een Stack, ee Block just Kino, bausserem an je an der Mett riesig Parkingen! D'Amerikaner fuhren wuel mam Auto bäi hir Geschäfter, Europäer erkennt een drun datt sie zu Fouss ennerwee sen, hehe! Mir sichen eis mol déi Geschäfter di eis interesséieren. Bäi North Face get de Claude direkt fündig. Een Fleece, eng Reenjakett an eng Softshell, fir mol keng honnert Dollar! Mir hun selen an sou kuurzer Zäit souvill kaaft, a souuuuvill gespuert!! ((Salut Salvo ;-) ) An engem Geschäft gouf et Element, Billabong, Fox, Volcom, Quicksilver .... T-Shirten, kaaf der 3 (een kast 18,99 Dollar, also em 13 Euro) da kriss de der zwee fir neischt. Do hun d-Jongen a Männer zougeschloen :-) A mir hun et färdeg bruecht 20 T-Shirten ze hun, a keen duebel! Jiddefalls sen mir géint 6 Auer vollgelueden bäi de Camper zreck gaang. Hun eis ennerwee nach bäi Wetzel's Bretzel eppes ze drénken oder e kleng Snack matgeholl. De Yann haat e Watermelon-Ice-Shake, an ech eng original, äiskaal Lemonade. De Claude wollt am Fong eng normal Bretzel fir de klengen Honger, mee a senger Tuut war sou een ageweckelten Wirschtchen am Deeg, deen Deeg huet sech awer wie eng Spiral oofgeweckelt, an de Wiirschtchen flutscht enne raus. Di Fra op enger Bänk donirwt krut sech net mie an vu Laachen. Dee Bleck vum Claude op deen Deeg deen sech selbststännig gemaach huet, hett een missten filmen.

Em halwer 7 ware mir um staatlichen CG McGrath. Et ass net grad den proppersten vun de Sanitäranlagen, an anscheinend steet en och op der Lest vun denen di aus Spuergrenn sollen zougemaach gin. Mee en läit direkt an den Dünen, as flott vun de Plaatzen hir, grouss, an schéin agedeelt. Mir parken a probéieren direkt bis bäi d'Mier ze kommen fir den Sonnenennergang ze gesinn. Daat klappt awer net, well mir an engem Naturschutzgebiet sen, a well Brutzäit as vu verschidden Vugelzorten, as mat engem einfach Droot alles zou. A jiddereen hält sech dorunner.

Mir gin zreck iwert de Camping, a fänken un mat kachen. Den Owend get et mol einfach Spaghetti Bolognese. Et as souwiesou schon nees ze kaal fir nach irgendeppes dobaussen ze man. Nom Eessen a Spullen get nach bessen gelies, mee vu datt akkafen midd mecht, hu mir all em 9 Auer schon d'Aen zou.

Samsdig, den 20 August Los Angeles – Joshua Tree NP

Mir man de Moien kuurz d'Generatrce un fir Kaffi ooflaafen ze lossen, an divers Apparaten ze lueden. Dobaussen as et fresch, an den Niewel geet roof. Dofir beschléissen mir en Steck ze fuhren, an dann ennerwee eng Kaffispaus ze man, an och bessen anzekaafen. Den Owend sen mir anscheinend op enger Plaatz wou keen Amerikaner am August hi geet, well et waarm as. Do werte mir jo dann och kennen dobaussen setzen, grillen, chillen an eis Bueddischer dreschen kreien. Lo fuhre mir op enger 5-spuriger Autobunn a waat mir mi do bäi Los Angeles kommen, waat den Traffik mie dicht get. Vill ze kucken get et hei net, Haiser Haiser an Haiser, mir fuhren zwar durch Hollywood, erhaschen och e Bleck op d'Disney Studios, mee di berühmt Buchstawen gesinn mir vun hei aus net. Mee et as och alles gro, niewelisch, oder as et Smog? Jiddefalls ganz dréiw. Et as baal Mettig ir mir aus dem gréissten Traffic raus sen, an aus dem spéiden Kaffi get sou en fréiht Mettigeessen. Mir hun och nach getankt a wollten nach pur Klengegkeeten akaafen. De Yann huet gutt de Schnapp erwöscht, an brauch Nueschnappischer. Net sou einfach hei get et just der Kesten mat denen dennen Discher.D''Streck as zimmlich langweilig, vun neischt bis op laanggezugen Ortschaften, mat haaptsächlich Autogeschäfter an Antiquitéiten. Wen soll daat hei alles kaafen? Zu Moronga wollte mir akaafen, hun d'Saach awer opgin. Nächst Ortschaft war Yucca , nees vill des Selwichten. Ee Geschäft heescht Big Lots. Do probéieren mir eist Gleck. Nueschnappischer hu mir fond, Fotellen hett een kritt, a Gromper, 6 Fläschen säit Mee oofgelaafen Cola .....! Ech froen an der Kees wou een hei Fleesch ka kaafen. An d'Madamm nennt eis tatsächlich en groussen, propperen Supermarché honnert Meter vun hei. Mat riiiiiesigen Steaks fir op de Grill :-) Dorop fréen mir eis lo schon. Et as nach e klengt Steck bis op de Camping matzen am Joshua Tree National Park. D'Landschaft get richig onwiirklich. Wüstelandschaft mat wie opgetippten Kéip Steng, doteschend emmer rem mie kleng a schon aal Joshua Trees. Waarm as et och, just et bléisst eng angenehm Leftchen. Vun der Entree vum State Park bis op de Campground sen et nach 17 Meilen. Et get méi der Campgrounden hei, verschiddener sen awer och am Summer zou, well anscheinend keen Amerikaner dann heihinner kent. Dofir brauch een och net ze reservéieren. Mir entscheeden eis fir de Jumbo Rock a sen fréih genuch un fir eis eng schéin Plaatz rauszesichen. Mir kreien och relativ séier Schied waat ganz angenehm as. Da get de Grill ugeschmass. Nom Eessen setzen mir mat Kärzen, Kindle an engem kalifornischen Wingchen bäim Lagerfeier. Et as leider net grad sou angenehm rouig wie deemols am Arches, nirwt eis sen Schwäitzer, do schwätzt d'Fra an engem Schwall ouni Punkt a Komma, di aner Säit sen Däitscher wou de Mann d'Generatrice ukéiert (just vu 5-7 erlaabt) fir datt de Jong säin eidelen iPod ka lueden, vis-a-vis kennt eng Clique amerikanisch Jonker mat Whiskyfläschen an och harder Musik,awer anerer, a besse mi wäit logéiert och eng Clique Jonker, déi haate mir op engem klengen Erkundungstour gesinn, vun denen huet een ugefaang op enger Trompett ze üben! Mir duechten schon, daat giw eng heiter Nuecht, mee komischerweis, em 10 Auer war et iwerall rouig! D'Leit schengen awer nach e gewessen Respekt virun der Natur an deem fantastischen Stärenhimmel ze hun.

Sonndeg, 21 August Joshua Tree NP – Kingmen KOA Campground

Mir hun herrlich geschloof hei. Et war rouig, haat angenehm oofgekillt, a mat de Fensteren op war et gutt auszehaalen. Den éischten Bleck aus eiser Riesefenster virum Bett as op en knallbloen Himmel gefall, op deck Steng, Joshua Beem, e klengen Villchen an eng well Kanengchen!

Kaffi kennen mir dobaussen drénken, a fir di ischte Kéier as et eis Moies schon ze waarm. Di Schwäitzer Noper kommen nach no engem Starterkabel froen, well een vun hiren zwee Rv'en net mie ugeet. Mee do kenne mir net aushellefen. Kuurz durno kent de Mann awer mat engem Kabel lanst, an nach bessen durno geet en mat Béier an dem Kabel zreck, schengt also geklappt ze hun.

Mir man eis op de Wee durch den NP a Richtung Ausfahrt Nord, wou mir wellen op d'Route 66 kommen.

Mir fuhren durch d'Mojave-Wüst, am Ufank gesäit een nach pur Reihen resp. eenzel Bréifboiten, an irgendwou hannendrun an der Pampa ärmlech Haisercher, meest hun se een Trailer oder en RV am "Virgaart", da kent just Wüst, an op emol eng riesig Firma, déi am Fong just aus opgekéipten Sand/Buedemhiwwelen besteet, an doteschend as eng deck wäiss Krust. Op enger eenziger Plaatz stung och bléiblot Waasser. An op engem Scheld steet et wier eng CalciumChlori Fabrik.

A schon komme mir op Ambroy, an man en éischten Stop bäi engem Vulkan. Hei as et lo really hot! Ganz dobäi packen mir et net, et as einfach ze ellen. Irgendwou hu mir opgeschnappt datt eng Aussentemperatur vun 111 Grad Fahrenheit, also 44 Grad Celsius hei sen!

Weider geet et op Amboy selwer. Vum Glanz vun deser berühmter Staad aus de 60iger Joeren bleiwt neischt mie. Just de Roy's get et nach als Tankstell an Imbiss a vereenzelt Gebaier stinn nach doremmer. Well et Kult as musse mir jo awer pur Fotoen knippsen. (Out of Rosenheim – Bagdad Café)

Da geet et weider durch ärmlich Dierfer, verlossen Géigenden bis op Oatman. Hei war fréiher eng Goldgriewerstaad, a lo get ausser ronderem pur Ruinen nach just eng kleng Haaptstrooss, déi aus Westerngebaier besteet wou lauter kleng Kreemchensbuttiker dran sen. Op der Strooss laafen Ieselen a ganz vill as des Saison hei net lass. Fuhren emmer rem Touristen durch, Mettes as och eng Westernshow, mee fir de Rest, zimmlich tote Hose. Mir gin an de Saloon, eis as et lo no enger gudder kaaler Cola, mee mir kreien just eng normal Bechs servéiert! Déi hetten mir och am Auto gehaat. Dofir as de Kader awer ganz urig.

Durno fuhre mir weider op Kingman. De Rimm as roof, den Temperaturennerscheed as einfach ze heftig. Eisen Camping as flott, mir hun Waasser a Stroumuschloss, eis Apparater gin mol all gelueden, eng Wäsch get an der Laundry gemaach, all männlich Wesen gin an de Pool, an ech setzen mech mam Kindle dohinner a warden op d'Wäsch. Daat geet ratzfatz, mee fir ze dreschen dauert nach bessen, déi Zäit gin d'Jongen eng Parti Mini-Golf man.

Mam Eessen geet et och séier, et get just Rester gewiermt. As zwar schon stachdaischter wie mir virum Camper um Desch setzen, mee mat vill Kärzen as daat ganz romantisch, et wees een jo waat an den Deppen war, da muss een jo net mie gesinn waat een esst, hihi.

A lo as et 10 Auer, a mir setzen nach emmer am Short an Top heibaussen, oofgekillt huet et nach net ganz vill. Den éischten richtig warmen Summerowend!

 

  • < Prev
  • Next >

Counter

Today 2 | Yesterday 2 | Week 7 | Month 19 | All 969
Powered by Kubik-Rubik.de
  • Editor
Copyright© 2008 - 2012 Bertien an den USA . design by globbers for globbersthemes
top
Login

Log In

  • Forgot your password?
  • Forgot your username?
  • Create an account