Méindeg, 22 August Kingman – Grand Canyon South Rim
Mir hu relativ gutt a laang geschloof, a vun den groussen, propperen Duschen profitéiert, wou een méi Bewegungsfräiheet huet fir de Kapp ze wäschen.
Den Desch reckelen mir fir de Kaffi an de Schied, well et lo schon 28 grad am Schied sinnan bal net mie auszehaalen as an der Sonn. De frendlichen Monnes an der Receptioun haat eis eng Plaatz mat bessen Schied ugebueden, anstatt eiser Reservéierter. Gottseidank, well teschend Oleanderhecken an klenge Beem as et besser auszehaalen, an de Botter leeft eis hei net fort! ;-)
Nom Kaffi nees di üblich Aktiounen, Waasser lass, Dumping lass, Elektrisch lass, Slide-Out in …. an lass geet et a Richtung Grand Canyon.
Als éischt kommen mir op der Route 66 op Hackberry. Dest „“Kaff“ besteet ze soen just aus dem Store an ganz vill aalem Krom, aalen rastigen Autoen, aalen Zapfsailen, herrlich!Fillt een sech richtig an der Zäit zreckversaat, an bäi dem aalen rastigen Liwerwon mengt een all Moment misst den Mr Walton em den Eck kommen! Fréen mech schon op d'Fotoen. Bannen am Store as et net vill besser!Een Deel as gemaach wie en Café aus„Grease“kennt sen. Comptoir mam Elvis donirwt, vill Pink, Chrom asw. Um Plafang an dem klengen Shop sen Autosplacken aus alle méiglechen Länner ugemaach. Souguer 2 letzebuergischer hu mir fond. Hei kritt een dann och all méiglechen an onméiglechen Nippes mam Logo vun der Route 66 ze kaafen, an eis Jongen leesten sech Aueren fir un d'Mauer, di an Neonfarwen liichten. Daat hei war absolutt den Stop wert (a virun allem emol d'Kéier maachen, well eisen Ech-hu-Fräiheet-an-Abenteuerloft-geschnuppert-Driver schon lanst gebraust war mat eisem Harley-Scheff)
Nächst Uertschaft as Peach Springs, waat een mat Radiator Springs aus „Cars“ aVerbindung bruecht huet, mee hei as manner wie guer neischt. Kent een effektiv vun Grond op nei opbauen!
Weider durch Seligman, och eng spezielle Uertschaft, huet nach bessen den Touch vun enger Westernstaad, geröscht mat vill Kitsch!
An lo kent laang neischt, endlos Prärien em den Highwayan bis an d'Géigend vum Grand Canyon.
Mir fuhren an de Park ran, weisen eisen National-Park-Ausweis den mir am Joshua Tree kaaft haaten, domat as den Entree fir sämtlih NP's fir en Joer laang bezuelt.Als éischt um Wee fir op de Campground kommen mir lanst d'Basen vun den Fluggesellschaften, déi mat klengen Fliegeren oder Helicopteren iwert den Canyon fléihen.
Mir haalen einfach mol stall a kucken op een muss reservéieren (evtl fir mär) oder wéi daat oofleeft.Un der éischter Adress fléihen nemmen kleng Fliegeren, mir liebäugelen awer, wa schon, mat engem Helicopter. Mir gin en Hangar mi wäit, a stellen eis un. E frendlichen Schaaf vun Mann wenkt eis, mir wieren un der Rei.Hen kuckt op sengem Ecran, an fir d'éischt seet en 10 vir 4 kenten mir mat fléihen (et as lo ¼ vir 3). WOW! Mir sen iwerrascht, a gingen gär warden! Mee et kent nach besser, hen seet op emol, wann et eis ging goen, hett hen nach een Fluch fräi lo direkt em 3.Also séier bezuelt,mir mussen op d'Wo, ….(!) , hen rifft Dan, kuckt mech, ech stin schon op deem Tapis virun der Théik, „no Dan!“Jojo …..„I said Dan“!Ma hei sen ech dach! Hen huet d'Welt net mie verstaan!Ech soot, that's me! Danielle!(mee op menger Kreditkaart steet Bertemes-Kraemer Dan)„Oooooh Danielle! That's nice. I'm soooo sorry. Sorry Dan! Enjoy! Have fun!“ An zu mengen Männer soot en: „be kind to Dan! She paid.“Hehe ….Du nach séier en en klengen Briefing-Filmchen iwert Flugsecherheet, a waat eenwéi misst man, emol op d'Toilette, a schon get eisen Numm opgeruff.Mir hun wiirklich mega Chance.Kreien en Helicopter fir eis leng! Virdrun musse mir eis nach virun den Helicopter opstellen fir eng Foto. Alles geet mat Handzeechen wellverstoen ging een hei guer neischt mie.Den Eric setzt nirwt dem Claude, an den Tom an ech fléihen hannerzech. Mir gin ugeschnallt a kreien Kopfhörer op d'Oueren. Diren zou, mee de Yann steet nach baussen!Do haat den Här jo net d'Chance nirwt der Pilotin (oh jess, eng jonk, ganz sympathisch Pilotin) ze setzen, mat riesen Fenster virun sech, an en Deel Glas souguer ennert de Féiss. Et war absolutt genial. Mir waren all faszinéiert. Am Ufank vum Helicopter u sech, de Start an di éischt Kilometeren sen ganz speziell, an du vun der Landschaft.Fir d'éicht fléihen mir iwert Besch, an dann gesäit een schon vu wäitem den Riesenaschnett vum Canyon an der Landschaft. Ennermolt get daat Ganzt vu Musik am Kopfhörer a just dee Moment wou den Helicopter iwert den Oofgrond flitt, kent d'Themeaus „Odyssee de l'Espace“.Méi ergräifend geet et wiirklich net!Dee Kado fir dem Claude seng 50, dee werten mir wuel nie vergeessen!An datt hen eis och nach matgeholl huet, top! :-)Di hallef Stonn teschendUrzäiten an haut war vill ze schnell em. Et koum een tatsächlich zreck aus enger anerer Welt.
D'Landung as ganz angenehm, heinsdo schaukelt et bessen, as wiirklich anischt wie am Flieger. D'Pilotin kritt nach en klengt Drenkgeld, a wénkt eis nach wéivill mol no!(schengt dann net dachs de Fall ze sen datt sie eppes kreien!);-)
Mir mussen do durch wou een d'Foto vu virdrun ze kaafen kritt, an ausnahmsweis huelen mir déi och, zesumme mat engem Video mat engem Reportage iwert d'Flich durch de Grand Canyon.De Mann aus dem Check-in leeft eis och nach emol iwert de Wee, a rifft mir no "He Dan! Take care of you and your men!" Wie léif, hen wees mäin Numm nach emmer, hihi.
Mir wandelen zreck bäi de Camper, nach total an enger anerer Welt a Gedanken, a fuhren op eisen Campground.Mir beschléissen, vu datt all eist Fleesch nach agefruer war, den Owend emol eessen ze goen.Mir landen bäi engem Mexikaner hei an der Géigend an eessen emol anischt, mee ganz lecker. Et as nach relativ fréih wi mir zreck um Camping waren, an mir genéissen nach pur Stonnen bäim Lagerfeier a mam Kindle.
Densdeg, 23 AugustGrand Canyon South Rim
De Moien schloofe mir bessen mie laang, an drenken gutt Kaffi mat E'er an Bacon. Durno man mir eis CamelBak'en an Fotoapparater prett, an treppelen iwert den Campground bis bäi de Market Plaza, wou pur Geschäfter, eng Post asw sen, a wellen Veloen lounen fir iwert den Rim vun Aussichtspunkt zu Aussichtspunkt ze fuhren. Et fiert zwar och e Shuttlebus, mee mir fannen daat hei mie interessant.Mir mussen den Bus huelen zwar lo en Steckelchen fir bäi de Visitors Center, well op der Marketplace get et keng Veloen.An lo schon an der Hötzt ze treppelen seet eis neischt.
Mat de Veloen klappt tiptop, en jonke Mensch deen zu Maastricht studéiert huet, an emol a Letzebuerg war, huet eis servéiert.Mir buchen de Velo bis halwer 4, sou hu mir deck 4 Stonnen fir bis un den lesten vun den Aussichtspunkten ze fuhren, wou hen eis dann mat engem Shuttle sichen kiem.Et as en flotten Tour, gréisstendeels Velospist lanst d'Strooss, wou awer och nemmen vereenzelt Autoen fuhren, haaptsächlich just all hallef Stonn mol en Shuttlebus.
D'Vuen op denen eenzelen Punkten sen immens, et mengt een zwar et wir emmer d'selwicht, mee emmer rem gesäit een daat Ganzt anischt, mol mam Colorado River ganz ennen, mol den Trail, wou een bis ganz ennen hin ka goen. Mee daat as eppes fir extrem Sportler, et geetStonnen biergoof, mat pur klengen Hütten ennerwee, wou een awer just Waasser ka nofellen.Fir di aner Säit rop brauch een dann baal duebel sou laang, mee u sech därf een daat ouni Ausnahmegenehmigung net an engem Daach man.Ennen am Dall as eng Oas, wou een kann iwernuechten.Oofgesinn dovun datt et immens wäit as, muss een och bedenken, datt et fir roof alt mie waarm get, an ennen am Dall em di 50 Grad C sen!Also wen et muss hun .....!!Mee et gesäit een der tatsächlich di do ennerwee sen.
Hannert eis geet den Himmel zu, vu wäitem gesäit een Bletzer, a mir kucken fir virum Donnerwieder bäim Hermit's Rest ze sen.Daat as sou eng Hütt vun engem Eremit, di genial an de Fiels gebaut as. Deen haat wiirklich total den Iwerbleck iwert de Grand Canyon, och wann et zimmlich einsam do dierft gewiest sen.Géint 3 Auer sen mir do, eng hallef Stonn virun der Zäit, mee just ir et ufänkt mat dreppsen. Daat as di eenzich Plaatz ennerwee wou een Ravitaillement kritt, sprich iwerhaapt Waasser. Waasser kann een sou zaapen, direkt aus enger Quell aus dem Canyon. Daat schmaacht och immens gutt, daat waat soss aus denen Drenkburen kent, schmaacht vill no Chlor.Mee eis CamelBak'en sen ze soen all eidel, mir kruten bäim Depart un d'Härz geluecht vill ze drenken ennerwee.U sech war de Wee lo net sou ustrengend, mee well et zimmlich warm war an dat ganzt op 2300 meter ass , hu mir eis net missten ustrengen fir ze drenken.Mir gennen eis awer och eng gutt kaal Cola an dem klengen Shop.
Pünktlich as eisen Chauffeur op der Plaatz, a féiert eis bäi de Market Plaza, wou mir nach pur Saachen akaafen fir di nächst Deeg, well do sen mir voll an der Natur am Indianerreservat, wou net vill ze kreien as.De Claude firt bis bäi de Visitors Center mat zreck, well een d'Carte d'Identite huet missten do lossen bis een d 'Veloen oofgin huet.Mir treffen eis am Geschäft, an treppelen zeckop de Camping.
Et as richt 5 Auer, mir setzen eis bessen gemittlich op eis Plaatz bäim Camper, an da mecht den Tom de Grill un.Et get zur Oofwiesselung mol emol en Steak ;-)Vill méi Auswiehl wie teschend 10erlee Steaken huet een an de Fleeschthéiken selen.Daat mecht awer neischt, nach schmaacht et.
A lo setzen hei nirwt mir 3 Kartemudderen a spillen Monte Carlo, mat Stireluuchten op dem Kapp. Den Eric setzt mam Kindle bäim Feier, an ech sen lo bäi hei mat tippen, an liesen och mäin Krimi virun.
Mettwoch, 24 AugustGrand Canyon - Canyon de Chelly
De Moien gouf et Fréihbiren, em halwer siewen war de Claude op, a mir quasi direkt durno. Den Eric huet jidderengem en Sandwich op Bestellung gemaach, an all di aner hun geraumt. Muss jo emmer alles ennerdaach a fest an zou sen, ir mir kennen fuhren.D'Campingstill an de Grill stungen nach dobaussen, an hei bannen as och emmer munches ze man. D'Iwerbett get hallef no vir geklappt, dann kritt een Acces an d'Fuerkabin. D'Couche, daat zweet Bett muss oofgezunn a rageklappt gin, den Desch geraumt gin well soss alles hin an hir ging rutschen...... Da setzen mir eis mat eisem Sandwich raus op d'Bänk, eessen nach gemittlich, an fir 8 Auer sen mir ennerwee.Et versprecht rem waarm ze gin.
Mir fuhren nach een gutt Steck lanst den Grand Canyon, an op engem View Point haale mir stall, werfen d'Generatrice an d'Kaffismaschinn un, an setzen eis mat engem Käffchen un de Bord vum Canyon.Deen schmaacht duebel gutt. Mir gesinn d'Helicopteren vu wäit, mat wuel engem dovun ware mir och ennerwee, an deen Beschbrand, den war gester schon ze gesinn, an och hett klemmt nach emmer schwarzen Damp an den Himmel.
Da geet et e Steck weider durch d'Indianergebitt a lanst d'Strooss fend een emmer méi Stänn wou Indianerfraen (di awer just nach durch Haut- an Hoerfaarw als Indianerin ze erkennen sen) Schmuck an Handarbichten verkaafen.Kommen bäi enger Fra och net lanst pur Mitbringsel, vue datt mir souwiesou en Tankstop man.D'wees een zwar datt dest zu hirem Akommes gehéiert, falls se iwerhaapt nach eenanert hun, an awer genéiert een sech bessen als "räichen" Touristhei ze stoen.Net ze gleewen a wie enger Armut an an wie engen armséilichen Siedlung d'Urawunner vun Amerika musse liewen. Sie wunnenan onfruchtbaren Géigenden, wäit oof vun allem,an aalen Holzbaracken oder aalen Camperen oder Traileren déi irgendwie agebaut an emgebaut an ugebaut sen.Vu Romantik kengSpuer méi!
Nächste Stop as op engem furzdreschenen Acker, wou een just festgefuerene Wee bäi eng Farm hannen geet. Mir parken awer léiwer hei, well et no Reen oder Donnerwieder ausgesäit, a mir net wellen mam Camper am Bulli steeche bleiwen.Et as en Treppelwee vun 1 km, lenks läit d'Farm mat engem richtig schéinen neigebauten Haus, a lenks as e Wandrad, an e groussen Trapp Kéi. Daat as eis Richtung, lanst d Wandrad, op eng fräi Plaatz mat souguer Descher a Bänken aus Beton, an do hannendrun geet de Buedem op ane riesigen Krater. Daat as Coalmine, eng fréiher Kuelegrouf, déi awer lo e schéinen Ubleck bidd mat hire villen, verschiddenen farwigen Stengschichten.
An et as waarm, gaaanz waarm! An néierens eng Gretz Schied. Opschon et net wäit as, sen mir frou wie mir nees am Auto setzen.
Lenks a rechts endlos Präirie. De Yann liest Winnetou, a kann sech d'Landschaft direkt an natura dobäi ukucken.
Et as Wahnsinn wie d'Landschaft ännert. Vum Grand Canyon iwert endlos Prairien, komme mir lo a Géigenden wou et een de Monument Valley schon erahnen lisst.
Mir fuhren an den Canyon de Chelly. Hei as d'Gebitt vun den Hopi-Indianer. Fir d'ischt fuhre mir op den Campground, een deen gratis as, an daat hei am Indianergebitt, an an der Entree as souguer Wireless. D'Plaatz kann een sech einfach raussichen. Mir huelen eng ennert den Beem am Schied, opschon den Himmel mol an der enger, mol an der anerer Richtung schwaarz get. Et gesäit een och nach emmer Bletzer, mee et schengt enorm wäit wech ze sen, well et héiert een kaum en Donner. Mir leen eist Deschelduch op den Desch fir ze weisen datt d'Plaatz besaat as, an man eis op den Tour fir di 7 View Pointsvum Canyon unzesteieren.Op all Parking setzen Indianer, fir gemolten Steng ze verkaafen, as zwar u sech immens schéin, mee sie wirken relativ onsympathisch. An och liicht genervt.Bäi denen Stänn vun den Navajo de Moien konnt een einfach lanst goen a kucken, a sie hun just frendlich Hello gesoot. Di hei schwätzen een un a lossen een net gär lanst.Daat kekst. Anscheinend sen daat hei Hopi-Indianer, mee ech sen net secher.Sie liewen awer bessen mie flott hei. Uewen um Plateau stin hir Haiser, mee hinnen gehéiert de ganzen Dall, a sie fuhren och mat Jeepen do roof. Daat kann een och buchen.Alleng därf een awer net dohin. Ennen am Dall as et deelweis schéin greng, et gesäit een eng Art Gaart, och daat eent oder anert Haischen, a Véih leeft do.Den eigentlichen Punkt deen een awer unbedingt muss gesinn, as de Spider Rock. Daat sen zwee schmuel, enorm héich Fielsen, déi leng do am Dall stinn.Engersäits haate mir Chance mam Wieder, mir sen dreschen dodurch komm, an den Himmel war wonnerschéin, iwert dem Spider Rock war en Reebou. Anersäits kommen d'Leit wéint dem Sonnenennergang heihinner, daat soll immens flott sen, wann d'Sonn di ennergeet, vun uewen roof an den Dall op de Spider Rock fällt. Mir warden iwert eng hallef Stonn, mee leider geet den Himmel just do net mie richtig op. Trotzdem get et en super Liicht, an hoffentlich och sou Fotoen. Och war et genial do well d´Leit die hei op den Sonnenennergang gewaart hun just gepespert hun, et war mucksmäuschenstill an eis Kanner hun gesot héi ass et wéi an enger Kiirch.
Mir stelle fest datt d'Indianer hir eegen Zäitrechnung hun, an hei d'Aueren eng Stonn virgin. Dofir as et spéit ir mir nees um Camping zreck sen, et sen awer gutt zweemol 15 Meilen ze fuhren, an em 8 Auer fänke mir mol un Spaghetti Carbonara ze kachen.Dann treppelt mol kuurz en Coyote oder sou eppes hei lanst.Am Fong wollte mir Spare Ribs grillen.Et as mettlerweil zappenduuster dobaussen, an zimmlich stiirmig. Also och nach bannen eessen. Ronderem as alles rouig an daischter, di pur Noper di hei sen, werten schon schloofen.
Donnischdig, 25 AugustCanyon de Chelly – Monument Valley
Rem fréih op de Moien, an den Eric mecht nees Sandwichen. De Schakal entpoppt sech als Hond. ;-) An et kent tatsächlich nach een „Eingeborener“ mat gemolten Steng fir ze verkaafen bäi de Camper.Mir komme fréih fort, an och gutt virun. Zu Kayenta gin mir tanken. Hei op deser Kräizung huele mir virun zwee Joer Stonnen am Stau.
Iwerall hun Indianer Verkaafsstänn. Et kent een sech drunhaalen mat kucken a kaafen.
Mee eist Ziel as sou séiher fir méiglech um Monument Valley Mitten View Campground ze sen. Campground as am Fong iwerdriwwen, et geet iwert en holperigen Wee op eng grouss fräi Plaatz. Hei wollte mir schon virun 2 Joer iwernuechten, mee deemols war et einfach ze waarm. Et get keng Gretz Schied, mee et huet een voll Vue op di 3 Haaptbutten vum Monument Valley. A falls een fréih genuch un as, an an der éischter Rei steet, kann een de Wecker stellen, an den Sonnenopgaang direkt virun der Nues erliewen.Mir waren di éischt, a konnten eis d'Plaatz raussichen. D'éischt huele mir queesch, mee mir hun daat bessen affrontéiert fond, an eis de laange Wee geparkt. Mir man all Schotten dicht, an gin daat Steck rop zu Fouss op de Parking virun dem Hotel, wou d'Navajo, déi de gréissten Indianerstamm an der Géigend sen, mat Jeepen warden fir Touren unzebidden. Daat steet och op eiser Lest, an mir gin eis informéieren. Virun zwee Joer war hei en Tohuwabohu vun Indianer mat Jeepen, wou se engem nogelaaf sen fir datt een soll mat hinnen fuhren. Lo as en Haischen do, wou een Touren ka buchen, an dann kommen sie een nom aneren mat hiren Jeepen no vir gefuer. Mir froen fir eis 5, an zu wéivill een ging fuhren. E frendlicht Meedchen soot eis, Privat-Tours wiren 20 Dollar op de Kapp mie deier.Ma dann huelen mir deen daach glaat, fir allem Palaver an Besserwisserei vun aneren Natiounen aus dem Wee ze goen. No 15 Minutten , déi mir notzen fir di obligatorisch Foto um decken Steen virun den 3 Buttens ze man, geet et lass. Een Navajo begleet eis bäi den openen Jeep mat Schieddaach. An ab geht’s mit der Lutzie, an daat sou wie een et mengt!Iwer Knuppen, duerch Lächer, durch de Sand, iwer Steng …... an daat rasant.No pur Minutten as en éischten Stop, de Mann klemmt raus, stellt sech nirwt eis, a seet, „Hiiiiiii – my name is Larry, I'm your guide for today! „Ah jah, also am fong misst daat net sen, mir hette genuch domat wann een eis ging an d'Hannerland féieren! Daat därf een nämlich net leng, mat Privatautoen kann een en klengen Tour man. Mee daat wir mam Camper net dran. Hei ging een secher hänken oder steechen bleiwen. Daat as schon Offroad vum Feinsten!Mee de Larry entpuppt sech als een immens feinen Guide, deen kleng Geschichten zielt ouni ze langweilen, Froen beäntwert, an absolutt net opdringlich as.Schengt och eng Eegenschaft vun de Navajo ze sen, net wie gester di onfrendlich a lästig Hopi. Mir man all kiers e Stop, wann eppes Extraes ze gesinn an ze zielen as, mee hen hält net bäi all Verkaafsstand ennerwee. Hen zielt eis och mie perséinlech Saachen, a vun de Problemer vun den Indianer, since Obama!!!
Mir kreien gezielt vun Filmer,a wou op wie enge Plaatzen waat gedréihnt gouf. Dat gung vun John Wayne iwer Will Smith an Indiana Jones.Op enger Plaatz, der Lieblingsplaatz vum John Ford, konnt een sech op e Pärd setzen, krut e Lasso an en Hutt, an haat am Hannergrond di genial Kulisswie an de Filmer, da konnt een Fotoen man.
Am Hannerland sen fantastisch Arches ze gesinn, di och nach super Nimm hun, wie Sun Eye.Do seet hen mir kenten eng kleng Düne ropklammen bis bäi den Bou, an dann durchkucken.Mir maachen daat, opschon do eng Rei Leit stinn, mat Fotoapparater a Stativen.De Sand as gliddich, an ech verbrennen mir baal Zéiwen an de Schong. Mee et as dowert, wonnerschéin hei an dem klengen Dall, wou de Sand vun der „Dün“ virdrun vun der Loft durchgeblosen get.Op emol tuut et wie geckig, an mir hu gemengt eise Guide wir enner Zäitdrock, mir hätten eis ze laang opgehaal. Mir gin also zreck an den Guide steet do ze grinsen, mir sen voll durch en Werbespot getreppelt. Hen soot mat bessi Chance wiere mir demnächst bäi YouTube ze gesinn!!! Haha …!Mir hun héieren datt eng Herd Schoof ennerwee war, déi mir och virdrun schon gesinn haaten mat enger Indianerin um Pärd dobäi an der Präirie.Ehem, daat waren d Haaptattraktiounvum Spot, sie as mat hiren Déieren d'Dün rop gaang, bis se all hannendrun nees verschwonnen waren, an du no an no nees opgetaucht sen.War flott nozekucken, wou och nach souvill Fotografen do an der Rei stungen ze knippsen. Durno gung et fir eis weider.
Nächsten Arch war den …...... - eppes wie eng Riesenhöhl, mat engem Lach uewen wie rausgeschnidden. Vu bannen as etd'Aen vun engem Adler mat ronderem donkelen Sträifen wou d'Waasser roof leeft wann et reent, daat gesäit aus wie seng Flilliken. De Schall as wie an enger Kathedral. Den Larry seet mir sollen eis an d'Mauer no hannen leen, an hen fänkt un ze zielen. Et as immens dem Mann nozelauschteren. Mir sen ganz leng mat him do, an du soot hen, dat ganz vill Stämm just pur Lidder hetten, eent fir biergop, eent fir biergoof, eent fir riichtaus …!!Mee seng Leit hette Lidder fir d'Rees, fir d'Gesondheet, fir Meditatioun …Wa mir welten ging hen eis engt fir d'Rees sangen. Mir kenten et och ophuelen. An du mecht hen d'Aen zou, an fänkt un. Eis gung d'Hengerhaut aus, mir haaten d'Tréinen an den Aen, de Yann huet dem Claude seng Hand geholl! Et war immens.Sou ergräifend, schon rem, ech wees, war bäim Helicopterfluch schons, mee daat hei war nach anischt.Mir luchen ronderem deen Mann, an waren mucksmäuschenstill. Wie en färdeg war, soot daat wir fir eis an eis Heemrees, a wa mir nees gesond doheem ukomm wieren, solle mir do en Bonjour oofliwweren vun den Navajo.Indianer hu mech jo schon irgendwie emmer faszinéiert, mee vu lo un hun se e mega Steen am Bried. Ech ging am léifsten hiren ganze Stock opkaafen fir sie ze ennerstetzen.Wie mir aus der halwer Höhl rausgin, soot en mir sollen eis emdréihen, vun hei aus wir d'Oeffnung d'Aen vun engem Indianer, an d'Strukturen vun de Steng d'Nues an d'Konturen vum Gesiicht.
En aneren Jeep hält nirwt eis, an deen Guide huet gefroot op et eis ging gefaalen. Mir sooten jo, an du soot den, mir hette jo och mat deen besten Guide deen een kent kreien. :-)Also daat haate mir och schon gemierkt ;-)
Alt weider, nach se mir net um Enn. Op der nächster Plaatz wou en Stop as, erklärt hen eis d'Planzen di do stin, a waat een domat kent man. Eng Yuccaplanz ze fannen, do kent een iwerliewen. Hen huet eng oofgerappt, a di eng Säit d'Spetzt gewiesen a wie een kent mat engem Steck Holz och domat en Bou bastelen. Ausserdem kent een se deelen, uneneenstreeken, an Seeler domat man, wou een souguer an de Fielsen kent klammen. Da gouf et eng Art Lavendel, déi super richt, an hen soot ech soll mir se an e Buch leen, daat ging an engem Joer nach richen. Eng aner Planz wir wann een sech verbrannt hett.Du huet en gezielt hen wir selwer Medezinmann, a ging hei an d Klinik hellefen wann en gefroot géif. Sie gingen mat hirer indianischer Medezin souguer hellefen Diabetis oder Kriebs ze heelen. Et war richtig interessant.
Durno gung et awer du rasant a Richtung zreck, well ech mengen hen war mat eis mie laang ennerwee wi di geplangten 2 an eng hallef Stonn. Jiddefalls war et no 4 Auer wie mir zreck waren.
Mir sen dur rop getreppeltan d'Lodge, wou mir eng gutt kaal Cola gedronk hun op der Terrass, rem mat der perfekter Vue.Den Himmel fänkt awer un sech zouzezéihen. Daat get awer fantatstisch Fotoen mat denen verschiddenen Wolliken.Mir gin zreck bäi de Camper, a setzen eis an eis ischt Rei.
De Claude an den Tom wellen nach e klengen Trail vun 5km man. Den geet direkt hei nirwt eisem Camper fort. Mir kreien nach eppes fir d'Laachmuskelen gebueden. Et kent een Camper, stoppt nirwt eis, kuckt sech d'Plaatz un a welt usetzen fir ze parken, do geet et eng kier Miep-Miep, an een aner Camper rennt him ratsch virdrun! Den 1. Mann huet gegrinst, de Kapp gereselt, mecht de Reckgank an, a fiert bessen mie wäit. Den zweeten sprengt aus dem Camper, rennt no vir, do geet et sou eng Ramp roof, op eng zweet kleng Plattform, waat fir Jeepen a Leit mat Zelter geduecht as. „ du willscht doch net im Ernscht da runner fahr'n, da mach isch net mitt..!“ Hen motzt, daat wier awer di beste Plaatz, do hett een de perfekte Bleck, mee well sie sech net get, sprengt en an de Camper, setzt un fir zreck bis baal an eisen Desch, a platzéiert sech queesch do an de Wee!Kennt d'Fra rem raus „willscht du so hier stehen bleiwen, du kannst disch doch net einfach quer hier hin stelln, alle anderen steh'n so, nur du muscht widder …...! Den Mann (iwerigens schon total am Designer-Outfit fir op d'manst en Iron-Man matzelaafen) klemmt nees total genervt an den Camper, fiert hannerzech a steet am Endeffekt di aner Säit vun eis, natirlich queesch!! Mir hun sou gelaacht. Do war du den decksten Krich, sie haaten sech ferm an den Hoer.Sie ging emmer nemmen meckeren, hen hett es lo genuch, da soll sie fuhren ….! Datt hen deen Affrontéierten war, huet en net gemierkt.
Kuurz durno kent een Mann vun hannen mam Fotoapparat, seet frendlich „Hi! How are you? We actually planned to be your neighbours …. ;-)war daat deen aus dem ischten Camper, en Hollänner.
Den Eric geet duschen an de Yann an ech setzen virum Camper am Schied . Mee net allzelaang, den Himmel geet zou, an et fänkt un mat reenen.An net nemmen bessen. Et schedd wie mat Eemeren. Hannert eis schengt d'Sonn, a mir hun e super Reebou just virun eis.Mir hun eis just bessen Gedanken em eis zwee Walkeren gemaach, sie haaten zwar CamelBaken mat Waasser, mee soss net ganz vill dobäi. An du fänkt et och nach un mat bletzen an donneren. No an no koumen eenzel gezappten Henger hei rop gehéisst, well mir och direkt do huelen wou deen klengen Trail ugeet, an op emol och eis zwee.Sie waren naass bis op d'Schanken, mee leider haaten Fotoapparat an Handy och bessen mat kritt. De Fotoapparat gung direkt nees, mee den Handy huet bessen gebraucht, deen haat de Claude schon opgin. Sie hun d'Tenue gewiesselt an mettlerweil haat de Reen och opgehaal, a mir hun eis nees dobaussen platzéiert. Am Endeffekt konnte mir souguer de Grill opriichten, heibaussen eessen, a suutzen nach bis lo, 11 Auer, also Hallefnuecht Indianerzäit heibaussen an Short an T-Shirt.
Great Day!
Eis däitsch Noper waren vum Reen un am Camper verschwonnen, haaten d'Ridoen fest zou an de ganzen Owend d'Generatrice laafen. Wie se em 10 Auer ausgeschalt hun, koum as diversen Ecken Applaus. Mee gutt datt sie eng Plaatz fir 3 hei an der ischter Rei haaten, haha!