De Moien stung de Wecker op halwer 6, oder halwer 7, wie och emmer. Mir wollten onbedingt den Sonnenopgang mat kreien. Ech war awer ausnahmsweis schon em 5 (oder 6) wakrig, hun zur Fenster raus gekuckt, mat dem direkte Bleck op den East, Mitten an Merrick Butt an um Horizont huet et schon roud geliicht. Mir séier aus de Fiederen, e Fleece iwert de Pyjama a mam Fotoapparat raus. Mir hun eis op eis Campingstill plazéiert a geknippst. Eisen hollännischen Noper koum och bessen bäi eis stoen. Rechts war alles rouig. Mir suutzen eng Stonn do, et war herrlich. Leider gung den Himmel och nees lues a lues zou, just um Horizont war eng Sträif fräi. Et haat nach vill gereent an der Nuecht. Op emol stung eis bedauernswert Nopisch och do mam Fotoapparat. Mir sen schon ennerwee fir nees ran, an eis nach eng Stendchen op d'Ouer ze léen.
Do kent eisen Extremsportler-Noper lanst eis gelaaf, a voller Montur, an wollt den Trail sech kuurz no Sonnenopgang laafen. Mee hen huet d'Entree net fond fir de Pad, hihi. Mir sen zreck an d'Bett, hun nach eng Stonn geschloof, an wie mir wakrig goufen, war hire Camper fort! Entweder war en schnell, oder en haat opgin. Jiddefall haat de gudde Mann eis ameséiert.
Mir hun eis Bottisch dobaussen alleng virun dem "Monument" gees, an hun eis durno och prett gemaach fir fort. Natirlich gouf et awer nach e klengen Stop bäi Indianerinnen mat Bijouxen. :-)
Eischten Stop as Gooseneck. Hei sen direkt pur "Saarschleifen" nirwteneen. Mir sen leng hei, an schmäissen d'Generatrice un fir en Kaffi. Wi deen oofgelaaf war, huelen zwee Autoen, e Camper, an dräi saarlännisch Easy-Rideren nirwt eis. Mir setzen eis mam Käffchen an e Schiedhaischen op eng Bänk a genéissen .
Op der Streck as den "Newspaper Wall". Daat as eng Wand am Fiels di vun den Indianer bemolt gouf. Bessen wie Höhlenmalerei. Gesäit immens interessant as, mee et as net bekannt vu wéi engem Stamm et gemolt as, a wie eng Technik se ugewand hun. Virdrun as zwar e Gitter, mee et hun awer pur Hännessen et färdeg bruecht do driwer hiren Numm an de Fiels ze kraatzen!! Sou Saachen reegen mech jo sou eppes vun op. Eppes waat uraal as, an nie méi remzekreien as, get mutwellig futti gemaach!
Durno komme mir op den Needles Overlook. En Aussiichtspunkt, mat Picnicplaatz, op deem een eng baal onendlich Vue iwert d'Canyonlands huet. D'éischt sichen mir eis Bänk an Desch am Schied, an eessen eng Glace. Dann treppelen mir ronderem. Et steet een op diversen Platzformen vun Fielsen, ennert engem e riesigen Terrain verdreschenten Buedem, heinsdo grengen Oasen do wou d'Waasser staut, ganz hannen nees Böscher an héich Fielsen. Kilometeren an Kilometeren!
Da geet et weider op Moab. Hei hu mir en Full-Hook-Up Camping. D'Jongen hun eng Schwemm, an mir eng Wäschmaschinn. A virun allem Internet. ;-)
Den Owend get net gekacht, mee mir gin quasi vis-a-vis an Moab Brewery eessen. Daat as nawell e ganz flotte Kader, Baussen pescht schon eng rieseg Eidechs an en Indianermännchen op der Fassade. D'Eessen as och immens gutt. Ech eessen Saumon, an de Chef mecht anscheinend emmer no Lost a Laun e Rezept. Den Owend as et mat enger mega leckerer Krust mat Hieselness an Rasberrys. Eng gudd Zalot virdrun, normal bäim Menü, an Geméis an eng gequellt Gromper mat Botter an Whipped Cream dobäi, hmmmmm! Mol nees emol bal en normalt Eessen. Di aner haaten, gegrillt Fleesch an Räis oder Fritten, och mat Geméis. An et haat een keng Spull. :)
Et huet an der Nuecht net vill oofgekillt, d'Bueddischer an d'Schwammboxen waren Moies dreschen.
Samsdig, 27. August Moab – Arches NP
De Moien gouf mol ausgeschloof, ouni Wecker. Daat huet gutt gedoen, opschons mir durno du baal an d'Labrenten koumen. Mir hun gutt Kaffi gedronk mat Zappée an O-jus. Durno sen d'Jongen zreck an d'Schwemm, a mir hu bessen doremmer geraumt, alles agepaak, an sen du quasi direkt nirwendrun akaafen gaang. Gedrenks a Fleesch hu missten opgefellt gin fir di nächst Deeg, Glace war och keng mie do, a vill Waasser och net mie.
Durno se mir zreckgefuer op de Camping d 'Jungs sichen, an tanken. An du hu mir eis op de Wee gemaach fir en Trail. Mir sollten bäi de Corona Arch treppelen. Mir hun eis och gutt gemutt op de Wee gemaach, gerüst mat jiddereen zwee Müsliriegel an dem Camelbak. Den Trail bis dohinner soll 1,5 Meilen sen, also 3,5 km. Et gung d'éischt bessi biergop, awer net dramatisch, an du koum een an eng Schlucht wou den Zuch mol dodurch gaang as. Mir sen den Schinnen nogaang, sollten zwee Archen gesinn der Beschreiwung no, déi lenks leien lossen, an dann goen bis bäi eng Leeder fir de Fiels rop ze klammen. Mir se gaang a gaang, rechts lanst d'Archen, an der Schlucht war eng Aafenhötzt, mee mir hu keng Leeder fond. Di amerikanisch Kaarten sen egal waat, sie hun nie en Massstab. Der Zeechnung no ware mir richtig, mee dem Gefill no falsch, an schon vill ze wäit. Also nees zreck. De Yann krut du schon mega Kappwéi., richtig wuel gefillt hun ech mech och net mie. Ech duecht, lo musst dir de ganze Wee nees zreck, an da geet et richt richtig lass. Dobäi haat ech mech drop gefreet. Mee de Yann wollt souwiesou net m-öi, du sen mir zwee zreck gaang bäi de Camper. An di 3 grouss sen lo ennerwee. Mir haaten tatsächlich d'Entree vum Trail direkt am Ufank verpasst, well mir Fotoen gemaach hun op de Schinnen, an net opgepasst hun datt über die Schienen hinweg, net unbedingt heescht iwert d'Schinnen weider.. Ausserdem haat ech den pickigen Droot gesinn, mee fir mech heescht daat "net weider" mee deen war als sou eng Art Paart, secher wéint den Déieren. A lo setzen mir zwee hei bäim Colorado River op enger Picnicplaatz a kucken enger Famill no di eng Party feieren. Sie laafen haalef verkleed hei ronderem, bloose Booter op, huelen nach an nöcher Kesten an Poschen aus den Autoen, an et kommen och alt mie Leit. Eise Camper war teschend zwee Autoen ageklemmt, sie hun hannert an nirwt dn Autoen gepiddelt, mee gefroot op mir de Camper net kenten reckelen. Sie hetten eng big party with a lot of people. De Yann soot zu hinnen, den Dad is on trail to Corona Arch (bravo Yann). Ech war hannen am Schiedhaischen, an hu mat hinnen geschwaat wie ech zreck koum, ech soot ech wir nach nie op deem Scheff gefuer. Hett mecht wuel getraut wann en leng do geparkt hett, mee teschend hiren Autoen, an dann hannerzich .... ouiiiin! Oh soot daat engt Meedchen direkt, I'll do it! Okeeeeee ...
War mir du och grad sou léif, well du hu mir leng op enger Plaatz geparkt, direkt bäim Schiedhaischen, an mir konnten alles oplossen an eis gemittlich mam Kindle do placéieren.
Wie sie remkoumen, hu mir eis eng Glace geholl, an wollten durno awer op d'manst nach emol d'Féiss an d'Waasser strecken. Eigentliich sollte mir emol richtig schwammen fir oofzekillen, mee et war souvill Stréimung am Waasser, an op der Plaatz wou mir waren stung en Scheld et dierft een net an d'Waasser. Dovun oofgesinn ware mir och nach op enger Plaatz wou just vill deck, ronn Fielsen waren, iwert deen een meterdéif hett missten roofkraxelen. Also war et just eppes fir eis Jungs, mir hun d'Waasser nemmen gekuckt!
Durno se mir virun gefuer an den Arches National Park. Scho komisch wann engem verschidden Saachen op emol sou bekannt virkommen. Als éischt informéieren mir eis an der Entree vum Park am Visitors Center iwert Sonnenop an Ennergang. Da fuhren mir op de Campground Devils Garden op "eis" Site 46, wie di leste Kier. Mir komme grad richtig fir de Sonnenennergang, mee leider hänken hannen schon nees deck Wiederwolliken. Egal, mir man Fotoen, kammen bessen op "eisen" Fielsen ronderem, a man dann de Grill un. D'Donnerwieder bleiwt nees wäit wech. Mir eessen relax heibaussen, durno as di obligatorisch Owes-Männer-Monte-Carlo-Parti Kaart, an ech setzen mech mam iPad zwar an d'Géigend vum Lagerfeier, well et sou schéin as, mee vun den Temperaturen hir hett een et net gebraucht. Et as e Genoss, komplett rouig ronderem, hei héiert een neischt. Keng Geräischer ausser mol emol bessen Loft durch d'Beem rauschen. Durno léeen mir eis einfach op d'Bänk op de Reck, a kucken am Stachdäischteren d'Stären. Den Stärenhimmel as Wahnsinn, waat een mie kuckt, wat et der méi get. A Stäreschnäitzen, nach an nöcher. Irgendwann beschléissen mir dann awer, schloofen ze goen, well mir mär fréih wellen opstoen. Ronderem bletzt et nees.
Sonndig, 28. August Arches NP / Devils Garden
Em 7 sen mir all opgestaan. En klengen Trail stung um Programm, eng Stendchen, bäi zwee Archen, mee mir wollten en mat ir d'Sonn iwer Bierg an Dall ging schengen. Mir doen eis un, fellen eis CamelBaken, steechen en Steck Brout an de Mond, a gin raus. Den Himmel as nees voll mat däischteren Wolliken, mee vu datt et di lest Deeg och nie bis bäi eis komm as, riskéieren mir et an man eis op de Wee. Vu wäitem gesäit een nees Bletzer.
Et as e schéinen Trail, am Ufank iwert een Sandwee, mat rechts a lenks denen typischen Planzen vun heiremmer, vun denen och den Indianer geschwaat haat. Lues a lues get et mie stengig, a bessen kraxelen därfe mir och. Et as e schéinen Tour, net ze ustrengend, an ouni vill Sonn ganz angenehm ze goen. Den Broken Arch as flott, mee den Sanddune Arch as herrlich. Et geet een durch en Schloff an de Fielsen, mee iwer Sand, a kent op eng Plaatz wie an enger Kiirch. E grousse Banneraum, sandigen Buedem, ronderem héich Fielsen, an em den Eck as den Arch, gesäit aus wie zwee Adler di sech kussen.
Mir kommen komplett dreschen dodurch, den Himmel zitt zwar och lo iwert eis alt mie zou, mee mir raumen bessen am Camper, well hett as och engt gewessend Margit aus dem Womo-Forum hei am Park, an haat säin Besuch ugekennigt. (haha, as dach baal wie doheem, kaum kent een, geet d'Gebotz schon lass) Durno man mir eis Kaffi, get schon baal e Brunch. Gester haate mir dach tatsächlich an engem Geschäft Sesam-Mohn an richtig Mellichbréidercher fond. Et get och E'er mat Bacon. Mee mir hun de Moien besse Problemer mam Stroum. Kaffismaschinn, Toaster, Climat a Föhni, daat war des gudde bessen vill. Den FI as wechgefuer, a mir kruten eng Zäitchen net mie an. Mir hun eng Pyramid gebaut, fir d'Kaffismaschinn mat hirem extrem kuurze Kabel un eng Prise ze kreien di nach gung. Et huet geklappt. Mir hun eis un den Desch gesaat, a .... pling ...pling, di éischt Reendreppsen. Mir sen awer stur bliwwen, an hun d'Reenwolliken verdriwwen. Jiddefalls koum bessen durno d'Sonn rem baal durch.
A lo get mol eng Zäitchen einfach sou gechillt, mir setzen op eiser Plaatz hannen ennert Pinien am Schied, an chillen bessen. Et as lo 2 Auer, den Eric gröhlt bäim Horst Evers, de Claude liest en Adler-Olsem, den Tom an den Yann hun sech fir eng kleng Sieste zreckgezunn, an ech huelen och lo de Kindle raus.
Herno man mir eis pur Rester waarm fir z'eessen, an dann man mir en Trail vun enger Stonn bis bäi den Delicate Arch, fir do den Sonnenennergang ze kucken. De Wee wär praktesch nemmen biergop bis bai den Arch. Deels en schéinen festen Wee am Ufankf, deels festgetreppelten Kräsi, deels durch Sand, och iwert Fielsen wou de Wee just mat hiren berühmten Kéipercher Steng steng gezeechend as ..... , mee et as neischt ze verfeelen, well ganz Pilgergruppen ennerwee sen. Di eng sen schon um Wee fir roof, vill gin der awer och lo mat eis, géint 6 Auer rop, fir fir den Sonnenennergang bäim Arch ze sen. Nach as et deck waarm, an de Schwees leeft engem an de Schong zesummen, mee et as all Ustrengung wert. Deen Ubleck vum Delicate Arch, deen ganz leng do op engem Fiels steet, wert een nie vergeessen. Ronderem sen d'Fielsen wie an engem Amphittheater, an ganz vill Leit haaten sech do schon mat Stativer a Fotoapparater installéiert fir de Moment wou d'Sonn ennergeet, am Bild festzehaalen. Leider sen awer schon nees deck Wiederwolliken an der Géigend, an d'Sonn verschwennt deels hannert Wolliken . Trotzdem as et wonnerschéin hei uewen, an et get iwerall ausgiebig geknippst. Jiddereen well emol am Bou stoen, d'Leit stin Schlaang a reechen all kier denen hannendrun hire Fotoapparat, fir datt se all op der Foto kennen sen. Daat geet ouni vill Wieder Hand an Hand. Kuurz virun 8, de Sonnenennergang as fir 19:57 ugesoot, setzen d'Leit quasi all ronderem a kucken andächtig op den Arch, just eng sou eng Trudchen Nullchecker muss nach mat hiren Kennercher dohin, a palavert, an nach eng Foto sou, an da stell dich nach sou, an dann d'Mami nach, mee sie haat jo den Apparat ... Riesenhutt oof, Kamera iwert de Kapp, Hutt rem op, Hoer net richtig,Hutt rem roof, Hoer gezupft, Hutt nees un, stellt sech a Positioun, Hutt flitt roof, Hutt gesicht, Hoer rem net richtig, Hutt nees drop, an nach e Bild fir secher ze sen, an nach engt mat deem engen Kand, daat well net, da kuck dach lo, a kannipps ....... Eeeeeeeeeeeeendlich!
De Bleck as fräi! Et as einfach nemmen faszinant wie vill Leit op emol richtig rouig an andächtig kennen gin op sou Plaatzen an der Natur. Do setzen der di regelrecht meditéieren.
Nodeem d Sonn endgültig verschwonnen as, man mir och nach pur Fotoen vun eis. Mettlerweil hun di Wolliken di d'Sonn deels verstoppt hun sech zu engem Donnerwieder entweckelt, a vill "Fotografen" setzen sech a Positioun fir den Arch mat engem schéinen Bletz anzefänken. Mir kucken nach bessen, den Tom well och eng Foto vum Bletz man, mee daat as net sou einfach de richtigen Moment oofzedrecken. Da man mir eis awer op de Wee, well mir wellen iwert d'Fielsen sen ir et stachdaischter as, och wann mir Stireluuchten hun. Daat gelengt eis och gréisstendeels, ausserdem mecht et och Spaass mat de Luuchten, as mol eppes ganz anischt. Mee wat net ze gleewen as, do gin lo nach Leit rop! Et sen 2,4 km vun enner dem Parking bäi der Wolfes Ranch un, bis uewen bäi den Arch. Also et as lo net wie wann de Wee liewensgeféierlech wier, mee et muss een schon oppassen wou een treppelt. An daat am stachdäischteren, ee Mann huet e Bebe um Reck (!) , as awer puren Onverstand. Leider geschéihen dodurch dann och Accidenter. (Wie mir am Joshua Tree waren, sen den selwichten Daach en Hollänner an eng Däitsch gestuerwen. Sie waren mat engem normalen Auto ennerwee, mee sen net op der Strooss bliwwen. Wollten off-road man, a kruten eng Pann mam Auto! Schrecklich – deen Feeler hu sie nemmen emol am Liewen gemaach) Et get wuel geféierlech Plaatzen hei, mee wann een sech un d'Regelen hält, kann u sech net vill geschéihen. A bäi villen Trailen steet bäim Depart e Panneau mat Uweisungen, wie wäit et as, de Schwierigkeetsgrad, wéivill Waasser een op de Kapp brauch, d'soll een fest Schong un hun a keng Flip-Flops ......
Jiddefalls se mir awer ouni Problem ganz roof komm, am ennischten Deel vum Trail war et du mettlerweil och zappenduuster, mee et war all Méih wert. Den Eric konnt net mat, hen haat e Beenproblem, a wie mir bäi de Camper koumen, haat hen deen an der Teschenzäit (emmerhin ware mir 3 an eng hallef Stonn ennerwee) ganz gebotzt, iwert d'Generatrice sämtlich Apparater gelueden, Fotoen roofgelueden, villes erledigt waat gutt gemaach war. :-)
Lo bletzt et schon all ronderem, des Kéier schengen mir dann d'Donnerwieder matzekreien. Um Camping op eiser schéinster Plaatz man mir dann trotz éischten Reendreppsen nach een Lagerfeier, genehmigen eis e Bud, an d'Jung klooteren mat de Stireluuchten op "eisem" Fiels ronderem fir mam Fotoapparat en schéinen Bletz anzefänken. Et dreppst net mie, et fänkt guer net un mat reenen, a mir genéissen nach pur Stonnen am Arch, och wann et den Owend keen Stärenhimmel get.
Méindig, 29. August Arches NP
Ouni Wecker se mir schon em 7 wakrig. An der Nuecht haat et emol kuurz gereent, mee de Moien as den Himmel blo. Mir man alt alles prett fir de Kaffi, mussen den Desch em 8 Auer awer schon virun de Camper reckelen, well et an der praller Sonn schon ze waarm as. Da genéisse mir nach eng Stendchen an eisem Lieblingspark, da get alles ageraumt, a lass geet et. Mir fuhren nach eng Zäitchen durch den Arches NP, wou mir nach puer mol stoen bleiwen vir di bizzarst Formatioun vu Fielsen ze kucken.Duerno gin mir nach eng Kéier an den Center wou sech den Tom an den Yann nach puer Pousteren kafen, den Claude nach en T-Shirt,an ech puer Postkaerten mat Timberen an en Pin. Mir retten zwar domat net vill, mee kaafen och d'Feierholz an de Parken selwer, well een souu winstens di wonnerschéin Parken kann ennerstetzen, déi op der Lescht vun der amerikanischer Regierung stin, fir zougemaach ze gin. Weider geet et zreck op Moab, wou mir nach akkafen gin. Well mir di lest Deeg vill ennerwee waren mat gefellten Camelbaken, hu mir baal keen Drenkwaasser méi. U Brout feelt et, an u Mellich och.
Durno get gedumpt, an mir man just en klengen Treppeltour durch d'Haaptstrooss vu Moab. D'Sonn knallt nees, et sen bestemmt nees iwer 40 Grad. Hei sen immens vill flott Geschäfter, een mie schéin an originell vu baussen wie daat anert. D'Kokopellien, Lizzard'en a Sonnen get et an alle Gréissten an Variatiounen. Meng Männer man schon de Geck, well ech op all Eck eppes gesinn. Kommen och an engem Geschäft net lanst Kokopellien fir un eis Fass.
Sie hun och originiell T-Shirten, mee leider steet op villem "made in China, made in Nepal " - schued eigentlich. Hett mir gewenscht et wir méi "original".
Et as halwer 2, a mir treppelen lanst eng Pizzeria ... eis Jongen hannert eis : Mmmhh Pizza, lecker Pizza, mmmmh wie daat no Pizza richt ....! Oke, ausnahmsweis follichen mir. Anstatt en Bréitchen get et de Mettig Pizza ;-) De Garcon freet, bannen oder Terrass, mir huelen bannen, wou et gutt gekilllt as, Hötzt kreien mir der nach genuch. Mir kreien direkt jiddereen en Becher Aiswaasser, an nach e ganze Pitcher dobäi. Da get gefroot waat mir drenken. Bestellen 5 Cola.Di éischt kreien schon liicht blo Leppsen. Vläicht hette mir awer sollen op d'Terrass goen'? Um Nirwendesch gin se schon Jaketten an den Auto sichen. Mir bleiwen hart! Pizzaen kann een selwer zesummestellen. De Präis as d'selwicht, entweder small, medium oder large, an dann 1, 2, 3, 4, 5 ... Saachen fir drop. Sie gesinn net nemmen gutt aus, sie sen och nach erstaunlich gutt. A wie aus heiterem Himmel, nom American Way of Life, zack huet den Tom Pizza on the rocks! Dem Yann war de Colasbecher aus der Hand geflutscht! Mir hun sou misten laachen, daat huet ausgesinn wie d'Pizza am brongen Sud mat Aisstecker geschwommen as, et war mol keen roosen. Mir hun einfach eng nei bestallt. As Vakanz! An zu eisem Erstaunen wer dei 2. souguer gratis!!! :-) Dun se mir zreck bai den Auto gang an a sen nach emol nach emol d'Haaptstrooss op an of gefuer, well mir e Fotogeschäft gesicht hun. Dem Eric feelt en Steck vum Stativ. Duerch zoufall entdecken mir en Liquor Store (mir hätten Owes nawell Loscht op en Glieschen Rouden gehaat am Arch, mee well mir am Utah bäi de Mormonen sin, an do Alkohol Tabu ass, et keen an den normalen Geschäfter) Hei kent een sech vir wie wann een di schlemmsten Drogen ging kaafen! Duerno gesinn mir nach an en Radioshack-Elektronikgeschäft vir d'Jongen, mee ouni fündig ze gin.
Weider op der Streck kommen mir lanst den Merrimac an Monitor, wou mir di leste kier eng vun den ischten Familljenfotoen geschoss haaten. Aus nostalgischen Grenn man mir dann des kier och eng mat Selbstauslöser. An do zéihen schon nees di ischt deck Wolliken op.
Et as net mie wäit op den Dead Horse Point an op den Kayenta Campground . Mir man e kuurzen Stop um Dead Horse Point, wou mir kurz ronderem Fotoen man gin, an dräi amerikanisch Veteranen eis ubidden eng Familjefoto ze man. Leider war den Eric awer net grad do. D'Männer hun gefroot vu wou mir kiemen, an den een soot, Lüxombuuuur .... oh jess, I was already there, it's the best Airport to discover Europe! Da faalen och schon di ischt deck Reendreppsen. Mir spurten an den Camper, a fuhren op de Camping ,wou en Wieder just driwer hung. Do kreien mir dann och den ischten zolitten Reen mat oof. Et läit immens héich, an et as relativ leftig (d'Kaarten bleiwen baal net um Desch leien, hihi) Et huet och fatzisch oofgekillt, et sin mindestens 20 Grad manner hei. Mee egal mir hun eng super Vue, a lossen den Owend lo einfach labber auskléngen. Mär musse mir em ganz fréih opstoen fir en klengen Trail bäi de Mesa Arch ze man, fir den Sonnenopgang ze gesinn.
Dënschdeg, 30. August Arches NP – Capitol Reef
De Wecker rabbelt um halwer 5!! Mir drenken keen Kaffi, mee fueren em 4:53 direkt bei den Mesa Arch, den am Island in the Sky (as daat keen herrlichen Numm?!), engem Deel vum Canyonland State Park ass) dat hut eng knapp hallef Stonn gedauert. Dun waren et nach eng 500 m, am Däischteren mat de Stireluuchten um Kapp, ze goen bis bei den Mesa Arch. Mir waren tatsächlich di Eischt, direkt hannendrun koumen awer zwee jonk Amerikaner. Déi hun sech direkt virdrun mat dem Stativ a Moossgerät installéiert, du duechte mir, déi wessen wuel wouhin se d'Objektiv mussen haalen, an hun eis och gutt Plaatzen gesicht. Vun eis aus wier mir jo mie no hannen bliwwen, fir de ganzen Arch drop ze kreien. Mee sou hu mir eis ugepasst. War och gutt sou. Et huet nach eng gudd Stonn gedauert bis d'Sonn mat 10 Min Verspéidung wéint Wollëken luusse koum ,dowéint war den Arch och net sou orange gin wéi soss. Mee et war trotzdem immens schéin. Wann d'Sonn um Horizont rauskent, an di éischt Sonnestrahlen op den bannischten Deel vum Arch schengt, fänkt deen un regelrecht ze liichten. Mir sen zwar midd, mee awer zefridden datt mir aus de Fiederen koumen fir daat eenzichartigt Bild hei.
No gutt 1 Stonn se mir zreck gang op de Parking, a waren sou immens fréih ennerwee fir op den Capitol Reef.
Am Fong sollte mir kuurz durno irgendwou parken a Kaffi drenken, mee op denen Highways hei fends de jo keng Plaatz fir mol stoen ze bleiwen. Eenzich Uertschaft wou mir durch koumen war Green River, mee do as et richtig trostlos. Am Agang sen nach zimmlich nei Motelen vu bekannten Chainen, da kent e Goldterrain, an hannendrun geet de Misere un. Alles zou, ausgestuerwen, zesummegefall ... just Tankstellen en gros. Mir profitéieren dann och fir den Tank ze fellen, mee Kaffi get et och hei néierens.
Mir sen gefuer bis an den Goblin State Park. Du hu mir eis mol gutt Schmieren gemaach, an virun allem e Kaffi ooflaafen geloss. Deen huet wiirklich gefeelt de Moien. Mettlerweil as et schon no 11!
Da probéieren mir en klengen Trail, am Prospekt steet 1.5 Meilen, um Scheld virdrun 15!!! Daat wir eis definitiv zevill. Mir haate gehofft en klengen Spazéierwee ging teschend den Goblins durch. Daat sen Formatiounen vun Fielsen, di awer mat sandigem Buedem bedeckt sen. An denen Formatiounen kann een alles méigleches gesinn, de Santa Claus, den Tabaluga-Draach, Champignonen, e Schwäin mat enger decker Nues, en Gnom ..... Mir fänken den Trail un, gin och 1 km, mee irgendwie schengt et hei deck gereent ze hun, d'Scheld mam Pfeil wou et weider geet, läit em, an de Risiko as eis ze grouss lo Stonnen hei an der Hötzt ze laafen. Mir gin zreck, iwert de Parking bäi eng Visitorsplaatz. Hei stinn iwerdecken Descher a Bänken, an do geet och e Wee roof, wou een bessen teschend den Goblins kann wanderen. Eis Jungs spillen Hey Zwerge hoh, hey Zwerge ... go go go an marschéieren ronderem een "Riesechampignon". :-) Mee ennen am Lach teschend de Steng as et deck waarm a schmeier. D'Loft steet. Mir gin nees rop bäi den Aussiichtspunkt, man do nach pur Fotoen, an fuhren da weider. Haut stin 190 Meilen um Programm, a bäi der kuurzer Nuecht welle mir einfach fréih op de Camping kommen a bessen neischt man.
Ennerwee komme mir durch en klengen Dall mat pur Haiser, wou op emol alles schéin Greng as. Do leeft en klengen Floss, den Dirty Devil River ;-) Durno kent nach e klengt Dierfchen, wou d'Awunner sech Konkurrenz man, mat Deko aus aalem Kreemchen ze bastelen. The winner as fir eis deen, deen iwert bestemmt honnert Meter Virgärtchen aus aalem Metall een Dinosaurier um aneren stoen huet.
Mettlerweil zéihen schon nees deck Wiederwolliken op! Schleefe mir déi no, oder fläissen se sech datt se eis schon deeglaang kennen virdrun sprangen???
De Claude brauch eng kleng Paus, a mir man e klengen Halt bäi engem "Historical Site". Eischten Ubleck sen engt Drecksdeppen waat well 3x iwergelaaf as, en aale Campingsstull, 2 futtis Bürosstill .... an nach gaaanz vill Dreck!? Ah, di aner Säit vum Parking (hei muss et vir kuurzem zolitt gereent hun, den sandige Buedem as plaatzeweis Bulli) as tatsächlich eng kleng Plaatz mat Saachen vun enger aaler Ranch. Deelweis flott Saachen, wie de Bou vun der Entree vun der Ranch, säin Emblem asw, mee haaptsächlich Doudegriewergeschier, futtis Lueden mat Skelettstecker dran, Griewer, een Outlaw John deen als Skelett nach do steet ... flott gemaach u sech, mee och schon um Verfaalen. D'Gatter ronderem as deelweis ganz futti, datt jiddereen dobannen kann ronderem treppelen. D' Ranch u sech, wou wahrscheinlich méi ze kucken wir, as 2,5 Meilen hannendrun, mee de Wee dohin as verspaart durch e Wash, wou d'Waasser deels schon nees oofgelaaf as, mee durch de Reen leeft hannendrun e klengen Floss iwert d'Strooss.
Et fänkt u mat dreppsen, an mir kommen an de Reen. Sou a lo as Paus hei mat tippen, well mir sen nach net mie wäit.
Mir kommen lo an den Dall vum Capitol Reef State Park. Hei as alles greng. Bekannt säit Urzäiten fir säin fruchtbart Land, waren hei schon all méiglech Völker a Stämm ugesiedelt. Et get nach emmer Uebstbongerten, an engem läit souguer een Camping, wen op deem läit kann d'Uebst vun de Beem plecken. Et as richtig en Wow-Gefill, nees richtig Beem ze gesinn.
Mir haalen op pur Plaatzen, wou vu fréiher nach eng aal Schoul do steet, een Uebstbonger mat deels Beem di iwert honnert Joer aal sen, enger Fielswand wou vun den Indianer nach Zeechnungen ze gesinn sen ....
Mir fuhren och bis bäi de Visitors Center kucken, an do faalen di éischt Dreppsen, iwert dem Bierg as et pechschwaarz, an di schéinste Bletzer weisen sech schon. Ennerwee fir op Torrey, wou eise Campground läit, fänkt et un mat richntig reenen. A souguer hei lanstfest Stroossen kann een sech e Bild man wie daat as, wann sou aus dem Neischt op emol Baachen geschoss kommen, wou virdrun alles dreschen war. Datt di "Washen" kennen ganz geféierlech gin, gleewt een direkt.
Am Ausgang vun der Uertschaft läit eisen Campground, den "Thousand Lakes". Mir man schon de Geck, daat werten di x Piddel sen déi schon iwerall stin. Et hält net op mat schedden, a bletzen an donneren. Mengt een d'Welt ging enner. Nodems den Camper geparkt as, mir hun de Site 13, daat as deen Baussischten, mat voller Vue op d'Wisen an Bierger, berouigt sech de Reen. De Claude an d'Jongen gin an d'Piscine. Sie spillen mam American Football an ameséieren sech köstlich.
Durno treppelen mir zwee mol bis roof bäi d'Receptioun, do as och e Shop, an et schengt eppes wie en Familljenbetrieb ze sen. Sie hun zwar och en klengen Deel Epicierie wie op aneren Campinger, mee een immens schéine Buttik mat denen üblichen Mitbringsel, mee och Saachen aus der Géigend, wie Taasen di vun engem vun hei gemaach gin, selwergemaachtent Gebees, selwergebaakend Brout (megalecker, sou een gutt kritt een bäim J&JM net), fir moies kann een fresch Muffins bestellen, di sie selwer baaken ......! An Owes man sie en Western-Dinner, do kann een sech umelden, do get et dann Rib-Eye Steak, Spare Ribs, Poulet ..... mat Western-Bounen, Gromperen, Scones an Hunnigbotter (fir eise Gout bessen séiss bäi deem gehärzten Menu, mee trotzdem lecker, bessen wie Nonnefäscht) . Mir hun eis fir gester Owend direkt ugemeld, well mam selwer-Grillen bäi deem Wieder gouf et neischt. Em 7 Auer war Treffpunkt, et get sou eng Art Chalet an der Mett vum Camping, am Stil vun enger Westernscheier. Do stin Descher a Bänken, amerikanisch gedeckt mat roud-wäiss karéiertem Deschelduch, sou eng typisch Kest drop mat Servéiten, Zoossen stin um Desch, am Eck op engem Desch as d'Gedrenks a Kanisteren fir Self-Sevice, awer just Waasser, freschen Ice-Tea an richtigen Lemonade (miam). Béier get et och, awer fir 3 Euro d'Bechs. (voll get een also net). An engem Eck as sou eng kleng Kichen, do steet een vun hinnen ze grillen, d'Fra mecht den Service, Zalot kann een sech huelen a gogo. D'Steaken sen gutt, mee d'Spare-Ribs sen den Hummer. Do haat de Yann fir emol mol net genuch!!! An ech sen jo lo net sou den Schankeleck-Fan, mee ech muss soen, herrlich. Do war souguer drop nach sou d'Krust wie bäim Fierkel um Spiess. Do hu mir du och de Christian a seng Fra kennegeléiert, déi och am Womo-Welt- Forum aktiv sen, a lo zoufällig hei eis Noper sen. (anscheinend hun sie och probéiert an eisem Blog ze liesen, wosst jo guer net datt daat nach Leit ausser der Famill interesséiert ;-) ) Jiddefalls war et trotz dem Wieder nach e flotten Owend, a mir hun eis einfach fréih an d'Bett zreckgezunn, well et war en laangen Daach.