Bryce
- Details
- Category: 2011 Blog
- Published on Saturday, 03 September 2011 02:31
- Written by Eric
- Hits: 127
Mettwoch, 31. August Capitol Reef
Et war eng stiirmig Nuecht. Schrecklich vill Loft, aussergewéinlich fir hei, opschon di Monsunreener fir den August normal sen, soot eng léif Amerikanerin mir de Moien bäi der Wäsch. De Moien hu mir einfach geschloof bis mir wakrig goufen, waat awer schon géint 8 de Fall war. Et war richtig kaal dobaussen, an d'Loft haat sech och nach net geluecht.
Als éischt ware mir mol no de Wäschmaschinnen kucken. Déi sen iwerall d selwicht vum System hir. Et geheit en just souvill Quarteren an wie gefroot, a lass geet et. Wiesou as daat doheem emmer sou een Opwand? Hei flitt d'Plover an d'Trommel, d'Wäsch drop, Deckel zou, a lass. No 28 Minutten as se färdeg, alles riwer an den Trockner, Quarteren ran, an zack .... kann een nees liesen goen.
Mir hun nach pur Wuert (den Eric soot et wier baal eng Stonn gewiest!) mat eisen Noper geschwaat, sie hun och hir Jeeptour annuléiert. Durno hun mir eis du relax Kaffi gemaach, den Desch an d'Sonn gereckelt, an dem Tom seng Spigeleer mat Speck genoss. D'Loft war rouig, an et gouf schon baal nees ze waarm ouni Schied.
Durno hun di 3 gespullt, de Claude war bäi d'Wäsch, ech hun nach zesummegesicht fir eng zweet Maschinn, eng zweet laafe geloss, lo as alles am Trockner, et brauch een net dobäi ze bleiwen, hei helt keen engem eppes, an et kann een relax hei setzen a liesen oder tippen. ;-) D'Jongen sen nees schwammen, mee leider huet d'Loft schon nees béis zougeholl. Mir gungen du op den Horseshoe Court, eng Parti Hufeisenwerfen man. Déi fléihen engem jo net sou séier fort! Also theoretisch. Den Claude get éischten, den Eric 2., den Tom 3. , den Yann. 4 , an ech mat null Punkten gudden 5. ;-) Gesäit mie einfach aus wie et as, war awer mol eppes anischt.
No der Parti di eng Stonn gedauert huet, sen mir zreck gaang bäi de Camper, hun nach bessen gelies,an du de Grill ugehäit. Eisen Poulet hett war deen besten deen mir bis lo färdeg bruecht hun. Durno huet de Claude eng kleng Sieste gehaal, ech nach bessen gelies, an ETY waren net ze bremsen fir nach emol an d'Waasser ze goen. Ech hun mech mam Kindle ennert de Baam an de Schied placéiert, well d'Sonn war trotz oder grad wéint der viller Loft zimmlich stark. Duecht op emol, hett een nawell Lost op eng Taas Kaffi sou nom eessen. Hun du d'Kaffismaschinn ugemaach, an du koumen di 3 schon nees zreck. Ech soot, wie, schon keng Lost mie? A sie: et as Feierowend! Gelifft??? Du war et jo net halwer 8!!! Also ech hun absolutt keen Zäitgefill hei.
Mir hun eis Noper op en Glieschen Wäin invitéiert, a suutzen ouni di geringsten Leftchen 2 Stonnen mam Christian an mam Sabine vu München (ganz liebe Grüsse nach Bayern!) bäim Lagerfeier (Merci Tom).
An der Nuecht goufen mir wakrig well et nees gestiirmt huet!!! A sen mat der Täscheluucht raus, d'Schwammsaachen nees afänken. Ech haat bäim Araumen owes ganz vergees datt déi Saachen nach hannen op der Leeder hingen. Discher waren nach do, Schwammboxen hu mir remfond, just bäi engem Calecong sen ech mir net sou secher. ;-)
Donnischdig, 1. September Capitol Reef – Bryce Canyon
Mir waren em 7 Auer op, hun alles agepaakt, a waren eis bestallten Muffins sichen. Du hun mir eis mam Kaffi an de Muffins op en Bänk an der Sonn gesaat, a déi best Muffins di mir je gees hun mat Bleck op Natur pur genoss. Desen Campground kann een wiirklich an allen Hinsichten nemmen luewen. Durno gouf den Noper Aeddi gesoot. Sie fuhre lo wou mir hirkommen, an mir wou sie virdrun waren.
Sie hun eis nach gewarnt, een klengen Trail deen mir lo wollten ennerwee man vun 1,5 Miles, bäi e Waasserfall wou een kann an d'Waasser goen, hetten sie gemaach, mee di engkommafennef Miles, di sech no neischt unhéieren, wieren am Endeffekt en 4-Stonnen-durch de-Sand-Hike an der praller Sonn gewiest. A sie als Vill-Wanderer wieren zimmlich um Enn gewiest durno. Oofgesinn dovun datt eis Konditioun lo net souuu wanderfest as, ging daat eisen Zäitplang zimmlich durcherneen brengen. Den Eric huet lo nach een klengen Waasserfall fond, mat engem Wanderwee vun 1 Stonn, daat passt eis besser, a mir fuhren lo bäi deen.
Grad haalen mir op der Strooss bäi engem klengen Trapp Kéi, et as ganz dachs "Open Range", d'Véih ldeeft fräi an as net a Piergen.
Mir kommen an den "Dixie National Forest", an irgendwie ännert nees d'Landschaft. Et geet héich rop, den éischten Overlook wou mir haalen as op 2900 m. Et geet biergop a biergoof, iwerall huet een di schéinsten Vue'en. Op enger Plaatz as en Haus sou flott an den Hiwwel gebaut, waat een baal net gesäit. Hannert enger Kéier steet een Scheld: Kiva Koffee House. Ma do kéieren mir dach lo glaat an fir en 2te Käffchen. Et as en wonnerschéinen Raum, ganz am Holz, mat enger grousser Feierplaatz, ronn gebaut mat Vue iwert de ganzen Dall. Um Parking kann een nach Feierholz oplueden " fir 5 Dollar den Aerm voll" an d'Suen soll een an eng Kest geheien. As daat net vertrauensvoll?
Mir fuhren weider bis op en Overlook Viewpoint, a man eis en Sandwich, mettlerweil as et baal 1 Auer. D'Still gin opgeriicht, a mir setzen mat de Schmieren all an der Rei mam Bleck iwert en Riesendall.
Da geet et weider a Richtung Bryce Canyon. Op der Streck weist e Scheld bäi e Séi. De Claude béiht do oof, a mir kommen an den Ecalante Petrified Forest State Park. Do as een immens flotten Campground direkt bäim Séi. Mir man d'éischt en klengen Trail vun 40 Minutten wou een bäi verstengert Baamstämm gefouert get. Durno gin mir op de Steg um Séi a lossen d'Féiss an d'Waasser baumelen.
A weider geet et mam Jabel! Sou lues komme mir an d'Géigend vum Brice Canyon. Steng a Fielsméisseg gesäit et jiddefalls schon dono aus. Mir man awer nach en Teschestopp bäim Mossi Waterfall. Do as och e klengen Trail ze goen, awer nemmen 0,4 Miles. Et geet lanst eng Baach, bessen biergop bis bäi de Waasserfall. Leider kent een net dobäi, dofir gin mir nach e Steckelchen weider, a kennen do d'Féiss an daat äiskaalt Baachwaasser steechen.
War en flotten klengen Oofsteecher, mee lo wellen mir awer op de Campground. Sou lues meld sech den Honger.
Mir fuhren durch d'Entree vum Bryce, gin fir d'éischt an de Visitors Center kucken wie et as fir mat de Pärd ze reiden, op een do muss am Viraus reservéieren, mee déi sen em 5 Auer schon zou. Direkt hannen drun as awer den North Campground. Do hun mir en Site reservéiert fir des Nuecht.
Well mir mär de Moien den Sonnenopgang welle kucken goen, man mir eis als éischt nom Level'en op d'Sich nom Rim.
Durno gouf de Grill ugehäit, a lo man mir eis et nach bessen gemittlich.duernoweren mir teschend 9 an 10 schlofen gang.


