logotype
image-header
    • Blog
    • Route
    • Pics
    • Vids
    • Comments
    • Start

Time

2009

  • Blog
  • Route
  • Biller
  • Videos
  • Bericht

2011

  • Blog
  • Route
  • Pics
  • Vids
  • Comments

Zion

  • Print
  • Email
Details
Category: 2011 Blog
Published on Thursday, 08 September 2011 00:32
Written by Eric
Hits: 173

Freideg ,den 2 September North CG – Ruby's Inn

Den Moien waren den Claude an ech schons um 6 op fir den Sonnenopgang kucken ze goen. Mee waat war daat kaal!!! De Fleece war souvill wie neischt. Mir hatten eng 10 Minutten queesch iwert de Camping ze goen an du hu mir nach misten 40 Min warden bis d'Sonn raus koum. Et war zwar immens schéin wie di éischt Sonnestraalen vereenzelt Fielsen orange gefierwt hun, a mir sen och nach bessen ronderem gekleetert fir e bessere Stand zur Sonn ze hun, et war awer leider net sou gutt. wéi een et op verschidenen Fotoen geseit. Dofir hette mir wahrscheinlich missten méi vis-a-vis éierens stoen. No enger gudder Stonn waren mir hallef erfruer, an hun eis nach eng Kéier zreck an de Schloofsaak gekuschelt. Am Camper waren et dun 14 °C (schuder).:}, an de Claude huet di éischte Kéier d'Heizung ugekéiert. Wéi mir du géint 9 all opgestaan sen, waren et schon 20 °C am Camper an awer wer et jidwerengem kaal.

Wéi emmer koum awer du d'Sonn, a mir konnte gemittlech Kaffi drenken. Nom Apaaken waren mir an den Visitor's Center reck eis Pärd reservéieren vir muer den Moien duerch den ze reiden. Durno fueren mir op d'Viepoint'en den Canyon kucken. Mir hun am ganzen 8 der Aussiichtspunkten ugefuert.

Wéi mir genuch gesinn haaten, sen mir op den Ruby's Inn Campground gefuer. D'Jungs sen all an d'Schwemm gaang, an ech hun mech bessen mam Kindle bäi de Camper gesaat .Den Owend get et den Dinner am Ruby s Inn Restaurant mat Buffet à volonté. Den Tom esst 3x Fösch, an de Yann 3x Poulet!

Well mir schon em halwer 7 eessen waren, ware mir fréih genuch zreck op eiser Plaatz fir nach e Lagerfeier ze man. De Claude an ech hu gelies, den Eric um Computer geschafft, de Yann huet mat senger neier Schleider geschoss an den Tom hat en Film gekuckt.

Leider war et awer trotz Feier relativ kaal, an mir waren nees em 10 am Bett.

Samsdeg, den 3. September Bryce Canyon - Kodachrome Basin State Park

Den Moien guffen mir schons um 7 erwäscht , fir um halwer 9 bei den Pärd ze sen. Mir hu séier eng Schmier am Stoen gees, a sen du vum Campground roof gefuer bis bäi d'Lodge. Nach séier emol dumpen, well um Reck vum Pärd wir daat penibel, an du se mir bäi d'Cowboy'en gaang. Jiddereen krut mat vill Iwerlées e Pärd zougewiesen, . Sie werte mussen oppassen op de Charakter vum Pärd, op d'Leit schon geridden sen oder net, datt d'Famillen bäieneen sen, an wie eng Pärd kennen hannereneen goen. War alles ganz seriöh. Jiddereen krut den Numm vun Sengem gesoot : dem Yann sein war de "Chester", dem Tom sein de "Fester", dem Claude säin "Kimber", dem Eric sein "Sidestep" an mein "Rob". Vir op d'Pärd ze kommen war keen Problem, erstaunlicherweis, well sou een Déier as ganz schéin héich. Den ischten Moment war och komisch. Mee ech hun mech zimmlich secher an deem Suedel gefillt. Duecht daat wir vill mie eng wakelich Saach. An wéi mir dunn geruff goufen vir opzestellen, wéi mir a Gruppen gingen, wollt dem Yann sein Pärd sech emmer virdreecken. Mee hen haat den Chester séier am Greff. Dun koum den Eric, säin Pärd wollt nämlech net sou richteg, war bessen störrisch, du soot den Guide datt hen eng Kéier mam Seel vir op d'Scheller an dann hannen op den Henner soll schloen dun huet Pärd ugerappt an ass am Gallop gelaaf komm. Mir haaten schon all geduecht hen hätt en Pärd wat déi ganzen Zäit géif laafen, mee et koum anischt Hen war nämlech e ganz Sturen, an koum net richteg no. Domat war den Tom, den Claude an ech mat ageschloss, well mir hannert him waren. Den Yann konnt virum Eric , well hen vill Plaatz teschent dem 2. an dem Eric hat, stoen bleiwe, fir dann am Gallop rem no vir laafen. Huet een gemengt hen hett säi Liewe laang neischt anischt gemaach wie um Reck vun engem Pärd ze setzen.

Mir sen fir d'éischt biergoof gaang bis ennen an den Dall. Ennerwee goufen Fotoen gemaach, déi een herno konnt kaafen. Et war schéin, eise Cowboy-Guide den Dave war e Scherzkeks, hen soot z.B. Wa mir ginge färten wann et no lanst den Oofhang ging goen, solle mir d'Aen zou man, d'Pärd ging daat och man! Oder : Wann mir Froen, oder Aentwerten hetten, solle mir eis vertrauensvoll un hen wenden, wann hen keng Aentwert hett, ging en eis irgendeppes zielen datt mir zefridden wieren, et wir och säin éischten Rett um Pärd! Haha .... Nee, hen war ganz léif, ganz hellefsbereed, an huet och bessen vun der Landschaft gezielt. Nnerwee huet en souguer stall gehaal fir Familljenfotoen ze schéissen. Déi zwou Stonnen war ze séier em. Et haat een zwar sou lues den A.... wéi, an et versteet een och lo wiesou d'Cowboy'en sou O-Been hun. An deen Sproch vu wegen f..... wie e Wallach, deen as och net erfond, d'Jieses, déi hun der komme geloss!! Mee mir haate vill gesinn, an fir sou op schmuelem Pad teschend den Pinien an den Hoodoo'en ze reiden, daat huet eppes.

Just ir mir zreck waren bäi der Lodge, soot den Dave, wa mir lo vum Pärd gingen klammen, solle mir laachen, an mir wieren och gebieden normal ze goen, net datt déi di sech fir Mettes d'Saach gingen ukucken gingen d'Flemm kreien. Nach e klengt Drenkgeld, d'Fotoen kaaft, an daat war et. Ah nee, hen soot nach wa mir lo Honger hetten, solle mir bäi Fosters goen, daat wier e Familljebetrieb, déi gingen hen kennen, da kriete mir Prozenter, wa mir gingen soen mir kiemen vun him. Well mir jo souwiesou knapps Kaffi gedronk haaten, an et schon op Mettig dur gung, sen mir di Meil gefuer, an hun erstaunt festgestallt, datt daat genee deen Betrieb war, wou mir virun zwee Joer schon emol en leckeren Hamburger gees haaten.

Mir hun daat du widerholl, (de Präis war zwar d'selwicht wie ouni Dave, haha) mee den Hamburger war nach grad sou lecker.

Em 2 Auer ware mir schon am Kodachrome Basin State Park, an hun eis mol eng gutt Stonn getesselt an eng Sieste gehaal. Et war iwerall immens rouig, well et lo iwer Mettig wiirklich ellen warm hei as. De Camping läit an engem Dall, ageschloss vun lauter Fielsen. D'Loft steet regelrecht. Durno waren och bessen Wolliken um Himmel, an de Claude an ech sen en flottenTrail vun annerhalwer Stonn gaangen, an d'Kanner waren baim Camper bliwwen . Et war wuel waarm, an net sou dreckend wie soss alt.

Mir hu bessen gelies, bessen getippt, a lo get de Grill ugeschmass. An well hett eisen 23. Hochzäitsdaach as, man mir eis och nach eng Fläsch rouden, kalifornischen Wäin opgemaach.

PS: Et get awer Leit, daat get et net!!! Mir haate lo sou Noper, kee blasse Schimmer vun Naturschutz, awer emmer an permanent an gutt hart e Palaver iwer all klenge Fuurz gehaal! Iwerall steet, keen Feierholz sammelen, waat man sie ... laafe ronderem Holz sichen! Als Kréinung geet d'Madamm dann nach ronderem Blumme plecken, fir e schéine Bukki op den Desch ze stellen!!!!! An daat wou op all Schratt an Tratt e Scheld steet, et soll een der Natur eng Chance gin, op de Wee'er bleiwen, neischt plecken an neischt opraafen! A vun Nuetsrou hun se och nach neischt héieren. D'Plaatzen hei um Campground sen schéin grouss, jiddereen huet gutt Plaatz, leider sen just an eisem Fall di (fest ugeschrauwten) Descher immens no bäieneen, mat just eng Heck doteschend, sou datt een permanent daat Gespréich am Ouer huet. An sou haart ... einfach nervig. Et sen immens vill Familljen hei mat ville Kanner, wéint dem laangen Labour-DayWeekend. Do as suwiesou eng méi lass iwerall. Mee ab 10 Auer as et mucksmäuschenstill ronderem, bis op ... tjo ... de Claude huet nach nie Leit erliewt déi souvill während engem Kaartespill musse safften.

Sonndeg, den 4. September Kodachrome SP – Zion NP

De Moien gouf geschloof bis halwer 8, du eng kleng Schmier gees, mee des Kier mat enger Taas Kaffi, di mir sou opgeschott hun, well keng Generatricen hei därfe laafen bis Mettes. Waasser hu mir um Gas gekacht, de Biitz an de Filter hu mir vun der Kaffismaschinn genotzt, just datt de Claude d'Secherung um Filter huet missten permanent unhaalen datt de Kaffi och ennen raus koum. ;-)

Mir hun eis op di relativ kuurz Streck vun em di honnert Meilen gemaach bis an de Zion.

Ennerwee , just virun Mettig, ware mir op eng Kräizung wou mir virun zwee Joer schon emol waren, an am Thunderbird Restaurant gees haaten. Hei hänken iwerall ronderem virun de Fensteren Vugeltränken fir Kolibrien. Mir hu getankt, an och des Kier e klengt Mettigeessen zou eis geholl.

Kuurz durno sen mir an den Zion National Park ragefuer, an zack huet d'Landschaft nees bessi geännert. Praktisch als éischt gesäit een deen bekannten Checkerboard Mesa, deen riesigen Fiels deen vun Natur aus ausgesäit wie e Schachbried. Mir fuhren och durch zwee Tunnelen, een groussen, an een wou een muss warden bis en Gardien engem den Ok get, grouss Gefierer mussen durch d'Mett fuhren, well et am Bou net héich genuch as. Den Tunnel as och zimmlich laang, an et sen 3 grouss "Fensteren" dran, wou een e Bleck op d'Fielsen kann geheien.

Mee hei as eng lass, et mierkt een datt Labour-Day as, souvill Autoen waren net ronderem Los Angeles ennerwee. Op kengem Viewpoint kritt een eng Plaatz, wou een hi kuckt, Leit! De Camping as natirlich och voll, an bäim Visitors Center vum Zion tummelen sech ganz Busser.

Mir fuhren direkt op eis reservéiert Riverside-Campingsplaatz um Watchman Campground, an déi as top! Sou ze soen mat Privatplage. Mir hun eng flott Plaatz wie emmer mat Desch a Bänken an Feierplaatz, (och wann een wéint der Feiergefoer lo keen Feier därf man), dann kent en Holzgatter, an hannendrun e klengen Sandstrand bäi d'Waasser. Et as net héich, et leien vill deck Steng dran, as och relativ fresch bäi desen Temperaturen déi hei iwer 40 Grad leien. En Genoss, op d'manst fir d'Féiss emol dran ze steechen. Mir gin mol an de Visitors Center kucken waat een vun Trailen hei kent man, di net ze wäit an ze ustrengend sen. Mee di meest gin wiirklich bis uewen op d'Bierger, an mir hu lo schon deels Problemer mat Loft kreien, wann et iwer 2000 m geet. Also beschléissen mir, lo mol de Mettig einfach hei ze verbrengen, an d'Waasser ze goen, an mär den Shuttle ze huelen, an daat relativ fréih, fir eenzel Viewpointen unzefuhren, an dann do vläicht bessen ze treppelen. Di meest hei um Camping hun och bis mär d'Scheld do hänken, dh datt der wahrscheinlich vill heem fuhren well och en Densdig nees Schoul as. Da get et mär vläicht bessen mie rouig.

Den Tom an de Yann kaafen sech och sou grouss Reefer fir op d'Waasser, well hei gesäit een iwerall Leit uewen wou een op dem Camping ranfiert (di eenzich Breck wäit a breed) sech op d'Reefer setzen an sech roofdreiwen lossen. Eis Jongen ameséieren sech och köstlich domat, an ratzfatz as et Owend. Well een net därf Feier man, fällt grillen flaach. Virdrun koum een Mann heihin, huet gefroot op de Claude de Claude wier, hen wier den Peter vu Wien, hen wier och am Womo-Welt-Forum, an mir hetten eis "verabredet". Sie sollten e Moment nach bis riwer kommen, mee hen koum durno soen sie gingen awer léiwer fréih schloofen, well sie de Moien den "Angels Landing", mat den schwéiersten Trail welten man. Mir hun Spaghetti Bolognese gemaach, gees a gespullt, an den Yann an den Tom sen schon nees mat de Reefer an dem Football am Waasser.

Durno setzen mir, nach emmer am Short an Top, mat Kärzen bäi Kindle a Computer, mir hun Stroum, awer keen Internet. Et as ganz gemittlich, an richt mie spéit mengt een et ging bessen oofkillen.

Méindeg, den 5. September Zion NP

De Moien ware mir relativ fréih op, hun normal (ouni groussen Opwand) Kaffi gedronk, a sen du bäi de Visitors Center getreppelt fir mam Shuttle Bus bäi di divers Aussiichtspunkten ze fuhren. Fréih, well mir wollten all den Amerikaner aus de Féiss goen, di hiren Labour-Day hei feieren. Di meest um Camping hun zwar bis den 5. op hiren Ziedelen stoen, a mussen bis 11 Auer ausgecheckt hun, mee et sen der jo awer och nach vill hei mat Autoen.

D'Wieder schengt hett net sou extra ze gin. Den Himmel weist schon éischt Wolliken, awer keng schéin wäiss wie soss, mee richtig Reenwolliken. Et as och relativ fresch, och wann mir kennen a Short an T-Shirt goen.

Mir sen du mol direkt mam Shuttle bis hannen hin gefuer, op d'Endstatioun, dem "Temple of Sinawava", an hu sou d'Feld vun hannen opgerullt. Et gung et relativ einfachen normalen Trail, de Riverside Walk, lanst de Virgin River bis op eng Plaatz, wou den Dall sou enk get, datt een muss durch d'Waasser weider goen. Do waren du nach just Leit mat speziellen Schong, di den Trail virun gemaach hun. Ennerwee stungen Déieren, eng Meschung teschend Réih a Gems, direkt a guer net menschenschei nirwt dem Wee. Squirrelen sen engem och vill iwert d'Féiss gelaaf. An mir hun och en Deel vun den "Hanging Gardens" gesinn, wou awer wahrscheinlich am Fréihjoer méi schéin Planzen ze gesinn sen, di ouni Buedem quasi aus dem Fiels wuessen. Mir hun d'Kéier gemaach, a sen zreck gaang bäi de Shuttle. Mat deem sen mir du bis bäi "Angels Landing" gefuer, sen awer just kuurz rausgeklommen, well deen Trail as eppes fir geübten Wanderer, an keng mat Höhenaangst. Et geet ze soen 4 Stonnen biergop, deels op ganz schmuelen Pied. Hei get et awer nach selen kalifornisch Condoren, an eng Rangerin steet mat hirem Teleskop do installéiert, fir déi Vigel anzefänken, datt d'Leit ze kennen kucken. Leider, soot sie, hett sie haut nach keen gesinn. Dofir krute mir awer en exotischen Adler virun d'Lens.

Mettlerweil huet d'Sonn sech ganz verstoppt, an den Himmel as just nach gro. Mir huelen direkt den nächsten Bus, déi kommen hei een nom aneren, a fuhren op den nächsten Punkt. Daat as "The Grotto". Vun hei aus man mir den Emerald Pools Trail. Deen geet knapp eng Stonn, bessen iwert de Bierg, a féiert bäi kleng Weiheren, déi aus Waasserfäll entstinn. Daat as wiirklich wonnerschéin, fir d'éicht gesäit een sou eng kleng Bächelchen di vum Fiels rooffällt, mee wann een mie no kent, mengt een et ging deck do reenen. De Wee féiert direkt lanst de Fiels, an d'Waasser schéisst iwert een wech. Et steet een hannert dem Waasserfall. An direkt hannendrun daat selwicht nach emol. Lo as jo Summer, waat muss daat am Fréihjoer eng Masse Waasser sen?! Daat Waasser sammelt sech an enger klenger Baach, a leeft bis an en Weiher. Anstatt zreck ze goen, gin mir den Trail weider bis bäi d' "Zion Lodge" , der nächster Statioun. Do huele mir nees de Bus bis bäi "The Patriarchs", dräi Bierger, mat als hechstem Punkt dem Abraham Peak, dem Jacob Peak an dem Isaac Peak. Et mierkt een datt mir am héichreliéisen Land vun de Mormonen sen. (déi keen Alkohol drénken, mee méi Fraen därfen hun).

Eischt Dreppsen faalen, a mir fuhren zreck bäi de Visitors Center. Et as mettlerweil iwer Mettig, an mir beschléissen, de Shuttle an di aner Richtung ze huelen, an kucken ze fuhren waat Springsdale ze bidden huet, an do eppes eessen ze goen. Daat Duerf as ganz wäit auserneengezunn, Duerf kann een et baal net nennen, et besteet haaptsächlich aus Geschäfter fir Touristen, villen Lodgen, an vereenzelt Restaurant'en. Eis Jongen haaten direkt "Pizza & Pasta am Aen, mee déi fänken richt em 3 Auer un. De Yann huet awer schon Kappwéi vun Honger, also sichen mir een aneren. E Mexikaner sting nach zur Auswiehl, mee daat huet hen net sou gär, ausserdem huet di Koppel di op der Terrass suutz net ausgesinn, wie wann et hinnen ging schmaachen. Vis-a-vis as nach een Pioneer Restaurant, an déi haaten souguer Spare Ribs irgendwou stoen, DAAT wir lo eppes gewiest waat de Yann wollt. Mir kéieren also do an, eessen awer am Endeffekt rem Hamburger oder Chicken Strips, well Spare Ribs get et just Freides, Samsdes a Sonndes, an daat vun 4 Auer un! Et gesäit een datt sie op di typisch Touristen warden, di Moies Trailen man, an am spöiden Nomettig eessen gin.

Egal, mir hun lo eppes am Bauch, et fänkt richtig un mat reenen, a mir huelen de Shuttle zreck op de Campground, gin do nach kurz an de Store pur Klengegkeeten akaafen, a gin dann durch de Reen zreck bäi eise Camper. Daat zitt sech nawell. D'Jongen huelen trotz Reen hir Reefer an mat Wettrennen durch de Virgin River. Mir man de Store raus, a reckelen den Desch an d'Campingstill drenner, fir datt mir winstens trotz Reen kennen dobaussen setzen. Nach as et immens schmeier, an iwerall sen nach Leit an de Schwammboxen an Maillot'en am Waasser.

Mee et killt alt mie oof, waat et mie laang a mie séier reent. Mettlerweil as et Owes 7 Auer, an mir setzen am Fleece hei. Leider as aus dem relaxen Nomettig bäim Waasser op eiser schéiner Plaatz neischt gin. De Reen mecht alt mol eng Paus, da fieselt et liicht, an de richtig decken Reen schengt lanst ze sen. De Peter a seng Fra koumen nach kuurz Aeddi soen, an eis eng gutt Rees an Heemrees wenschen, sie sen richt an der Halschend vun hirer Vakanz.

Mir man eng Parti Monte Carlo, an durno esst deen, deen Honger huet e Rest Spaghetti. De Reen huet opgehaal, an lo as et nees mie angenehm hei baussen, zwar fresch, mee et setzt sech awer relax hei bäim Virgin River.

Densdeg, den 6. September Zion NP – Valley of Fire

De Moien war den Himmel nees blo!

Mir hun eis e gudden American Breakfast gemaach, mat Spigele'er, Bacon, Orangenjus an hun deen mol nees emol richtig dobaussen genoss. Mir hun haut just 130 Meilen ze fuhren, ouni vill doteschend ze kucken, dofir kenne mir d'Saach relax ugoen.

Mir kommen op der Streck lanst d' Fort Zion Trading Post, wou mir och virun 2 Joer waren. Mir man e kuurzen Halt, an ech kaafen mir Räucherstäbercher, an een Balsam vun indianischen Heelplanzen. Vu datt meng Planz di den Indianer Larry mir gin huet, eng Art Lavendel-Thymian irgendwie verluer gaang as, ech haat se an mäin Buch gemaach, hun ech lo alt winstens eppes vun hinnen.

Grad haalen mir bäim Wal-Mart, de Claude an den Eric sen no Fleesch ran kucken.

Weider geet et an den Valley of Fire. Zwar rem Steng, mee rem ganz anischt. D'Fielsen sen roud, mee voller Lächer wie Schwäitzer Kéis. Als éicht fuhre mir op de Campground, eng Plaatz sichen, well hei as first come – first served. Mir fuhren zweemol ronderem, an huelen d'Nummer 24, well déi riicht as, a mir net vill brauchen ze level'en. D'Deschelduch get opgeluecht, den Ziedel ausgefellt an opgehaang, an di nach emmer naass Land's End Schong rausgesaat an d'Sonn, datt déi endlich sollen dreschnen. Da man mir eis op den Tour fir d'Viewpointen unzesteieren. Has et richtig warm, wie an engem Hexekessel. D'Strooss schlängelt sech durch d'Landschaft wie een Teppich den oofgerullt gouf. Daat nennt een ugepasst. ;-) Di meest Punkten sen einfach fir Fotoen ze man. E klengen Trail vun knapp 2 km geet bäi "the Wave". Op der enger Plaatz steet, et ging just durch Sand, an wir schwierig ze goen, op enger anerer stung, et wir "moderate". De Claude an ech huelen eis Camelbak'en an d'Fotoapparater a beschléissen et ze probéieren. D'Jongen bleiwen léiwer bäi der Climat am Camper.

Et geet mol direkt biergof, iwert en Sandpad. Hei kann een sech mol net verlaafen! Mee dann kent een op eng Art Plattform, wou sou Schichten Steng iwerteneen sen, an iwerall leien kleng Steng drop. An nu? Mir laafen lenks a rechts, a schliesslich probéiert den Claude mat de Koordinaten um iPhone d'Plaatz ze fannen. Daat gleckt him dann och, a mir fannen d'Well an engem Lach. Hannert eis kommen lo zwee Japaner, déi hun et gutt, brauchen eis just nozegoen.

De Fiels, den vun de Faarwen an de Schichten ausgesäit wie gemolt, war d'Méih wert. En as geschlaff wie eng Well. Mir man Fotoen, an eis dann op de Reckwee. Et sen souwiesou schon iwer 40°C, an di Fielsen reflektéieren d'Sonn och nach, an opschon et net wäit as, as et richtig ustrengend, a bekanntlich waat um Hinwee biergoof geet, geet um Reckwee biergop! Mir sen frou wéi mir nees bäim gutt gekillten Camper sen. An do haaten d'Jongen eng Glace färdeg :-)

Mir hun nach just e kuurzen Stop bäi den Pietroglyphs, den indianischen Zeechnungen am Fiels, mee daat as och en schmuelen Schloff teschend den Fielsen durch de Sand, a mir kucken eis di zwee éischt bemolten Fielsen un, dann hu mir es genuch.

Et geet zreck op den Campground, wou mir alt bessen ufänken mat raumen, an eisen lesten Grillowend preparéieren. Snif! Et get nach emol lecker Steak. Virdrun brauch ech awer eng Dusch a profitéieren vun den groussen Duschen um Camping, wou een sech net d'Ielbéi ustéisst. Wie ech ran gin, kent eng Fra raus, a seet op amerikanisch, ech soll eng vun de lesten Duschen huelen, di éischt hetten " a kind of smell!" Ech laachen, soen Merci a gin weider. Duschen genesslich, a treppelen zreck. Du suutz d'Madamm virun hirem Trailer, a wenkt mir sou léif, wie wann mir eis schon éiweg gingen kennen.

Am Camper raumen ech alt bessen d'Kichensaachen. Mir hun nach verschidden Saachen di net op waren, an ech decidéieren der léiwer Madamm déi riwerzedroen. Ech hu gefroot op ech sie kent kuurz stéieren, mir missten raumen fir de Camper oofzegin, an ech welt hinnen déi Saachen gin. Sie war iwerrascht, an mir koumen an d'Gespréich. Daat üblicht, wou mir hir kiemen, wou mir iwerall waren, asw. An sie hun och bessen vun sech gezielt, kommen aus Kalifornien, baal bäim Yosemite NP a fuhren nach emmer hir schéin Naturparken doremmer kucken. Sie sooten direkt, wa mir nach emol rem kiemen an an de Yosemite gingen, solle mir bäi hinnen lanst kommen. Sie hett virdrun schon zu hirem Mann gesoot, ech ging sie sou un hir Frendin Karen erenneren. Sie wossten souguer waat a wou Letzebuerg wier, a sie gingen och gär emol an Europa kommen, mee daat wir sou deier. Wie ech gaangen sen, hun sie nach x-mol Merci gesoot, an sie soot "let me give you e hug!" an dreckt mech eng kier ganz fest. Also oft as et bäi hinnen bessen eng opgesaaten Frendlichkeet. Mee daat hei war ganz éierlech.

Déi Zäit war de Claude zwee Hollänner depannéieren, déi keen Stroum kruten, et waren de Papp an de Jong (wahrscheinlich) an hiren éischten Daach mam Camper. Mee leider haaten sie och keng Ahnung wéi daat op de Campgrounds fonktionnéiert, well sie hun einfach eng reservéiert Plaatz geholl. Sie sen awer séier gereckelt, wie déi aner koumen. Also séier .. sie hun nees alles lassgeklemmt, an sech eng aner Plaatz missten sichen.

Ronderem wimmelt et vun A an B-Hörnchen. Déi laafen an den Dozenden hei ronderem, a sen alles anischt wie menscheschei. Ausserdem get et vill Beien hei, et soll een néierens Waasser ausschedden, well sie déi Plaatzen sichen. Do wou de Waasserschlauch ugeschloss as, as en halwe Schwaarm. Daat as awer di aner Säit vum Camper, sou datt mir erstaunlicherweis keng Beien bäim Desch hun. Gespullt get hett net mie. Den Yann an den Tom man nach emol e Lagerfeier, awer net well et kaal as, mee fir de Rest Zeitung, Karton an Holz ze verbrennen. Mir setzen dobaussen ze liesen, an em halwer 10 sen et nach 32 Grad!! Herno gin mir schloofen, well et eis virun der Dir ze waarm as. Mir hu jo Stroum, also kann d'Climat de ganzen Zäit laafen, op d manst bis op 24 Grad roof.

  • Next >

Counter

Today 2 | Yesterday 2 | Week 7 | Month 19 | All 969
Powered by Kubik-Rubik.de
  • Editor
Copyright© 2008 - 2012 Bertien an den USA . design by globbers for globbersthemes
top
Login

Log In

  • Forgot your password?
  • Forgot your username?
  • Create an account